Fräie Mikro Privileegie sichtbar maachen a sënnvoll asetzen

Strukturell sozial Ongläichheete bedrohen den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft. Fir deem entgéint ze wierken, musse mir dës Ongläichheeten erkennen a benennen. Dobäi kann et hëllefen iwwer Privileegien ze schwätzen, fënnt d'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender.

Isabelle Schmoetten / cz

Meenung Isabelle Schmoetten
Isabelle Schmoetten

Wat hunn een Artikel, an deem dem Greta Thunberg säin Ausgesinn als dämonesch bezeechent gëtt a Facebook-Commentairen an deenen eng jonk Kandidatin fir d'Europawahlen opgrond vun hirem Alter an hirem Geschlecht diffaméiert gëtt, gemeinsam?

Si stamen an der Majoritéit vu gutt situéierte wäisse Männer a riichte sech géint jonk Fraen. A si léieren eis eppes iwwer strukturell, intersektionell Ongläichheeten an iwwer Privileegien.

Wisou héiert een an der lescht ëmmer méi dacks d'Bezeechnung "wäiss al Männer" a wat ass domat gemengt?

Bei de wäissen ale Männer handelt et sech ëm e Konstrukt vun engem homogene Grupp, deen et als solchen natierlech net gëtt. D'Bezeechnung soll op Privileegie wéi Muecht, Afloss an ekonomesch Sécherheet hindeiten, déi d'Liewen an der Gesellschaft relativ bequem maachen.

Privileegie si wéi Réckewand

Stellt Iech vir, Dir fuert mam Vëlo op d'Schaff, et geet gutt virun an Dir denkt Iech: Ha! Wat sinn ech erëm gutt fit haut! Den Heemwee ass vill méi ustrengend an eréischt do mierkt Dir, datt et moies just sou gutt virugaangen ass, well Dir Réckewand hat. Sou ass et mat de Privileegien. Privileegien si wéi Réckewand.

Mat Réckewand gëtt Iech éischter nogelauschtert, Är Meenung gëtt méi eescht geholl. Iech gëtt éischter zougetraut Verantwortung ze iwwerhuelen an Dir hutt besser Chancë Carrière ze maachen oder gewielt ze ginn. Op der Bank, am Restaurant, am Hotel, am Zuch, op der Gemeng, bei der Police - iwwerall gëtt Iech mat Respekt a vläicht souguer enger liichter Ënnerwürfegkeet begéint. Fir Iech ass dat normal. Mee de Problem mam Réckewand ass: deen hëlleft just an eng Richtung, an net all Mënsch profitéiert dovun. Réckewand ass onverdéngt, willkürlech a fir d'Allgemengheet wier et besser, e wär net do, well sech dann nämlech all Mënsch d'selwecht vill misst ustrengen.

Leider beroue vill vun deene Privileegien op gesellschaftlech produzéierte strukturellen Ongläichheeten an net op haarder Aarbecht a scho guer net op engem biologesch-natierleche Gesetz.

Privileegie weisen op strukturell Virdeeler hin

Begrëffer wéi "white privilege" oder "male privilege", also de Privileeg als wäiss oder männlech Persoun, seet net, datt en eenzele Mann oder eng spezifesch wäiss Persoun ni vun individueller Benodeelegung betraff ka sinn. Si weisen op strukturell Virdeeler a Benodeelegungen hin, déi bestëmmte Bevëlkerungsgruppen opgrond vu willkürleche Mierkmoler insgesamt, als Grupp, treffen.

Och ech hu Privileegien als wäiss, heterosexuell, gutt ausgebilte Fra mat engem Job an engem Fräie Mikro. Eng Fra mat Migratiounsgeschicht, déi am Botzsecteur schafft, mécht ganz aner Erfarungen an huet eng aner Liewenswelt, wéi eng gebuere wäiss Lëtzebuergerin, déi en héije Beamtinneposten huet. Béid Fraen hu sécherlech Erfarunge mat Sexismus gemaach. Awer et ass och kee Geheimnis, wéi eng vun deenen zwou Fraen an eng méi privilegiéiert Situatioun eragebuer ass.

Bei Privileegien geet et net just ëm d'Geschlechter. A scho guer net geet et ëm d'Frae géint d'Männer oder ëmgedréit.

Ech kann näischt fir meng Privileegien an och déi al wäiss Männer kënnen näischt fir hir Privileegien. Dat ass awer keng Excuse fir Ongläichheeten ze reproduzéieren, ze niéieren ("zu Lëtzebuerg geet et eis all gutt"), ze naturaliséieren ("Männer sinn ebe vu Natur aus méi gewaltbereet") oder ze bagatelliséieren ("dat ass e Kompliment, wann een Dir op der Strooss Saachen hannendru rifft"). An et ass ganz sécher keng Excuse fir aner Mënschen aktiv ze diffaméieren, ze mobben oder ze diskriminéieren.

Fir wat setzt ee seng Privileegien an?

Villméi ass et a mengen Aen eng Verantwortung, dës Privileegien ze notze fir sech fir eng méi gerecht Gesellschaft, am Sënn vun de Mënscherechter, anzesetzen.

An do wiere mir erëm bei mengen Ufanksbeispiller. Als Persoun mat gewëssem Status, mat Definitiouns- an Handlungsmuecht, also zum Beispill als Journalist mat enger Chronik an där meeschtgeliester Dageszeitung oder als rietse Politiker mat groussem medialen Echo, kann ee sech eraussichen, ob ee wëllt bäidroen zu gesellschaftlechem Zesummenhalt an zu enger Kultur vu Mënscherechter, andeems ee beispillsweis jonk Mënschen, déi sech sozial engagéieren, solidaresch a vläicht och heiansdo kritesch konstruktiv zur Säit steet, oder ob ee seng Privileegie léiwer notzt fir anerer kleng ze maachen an Hate Speech ze fërdere fir an de Genoss vun der eegener Muecht ze kommen a sech doduerch op d'Käschte vun deenen aneren ze profiléieren a besser ze fillen.

Mat anere Wierder: Wann ech scho Réckewand hunn, da kann ech wéinstens deenen, déi Géigewand hunn, den Elektrovëlo iwwerloossen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Isabelle Schmoetten
Lauschteren

Méi zum Thema

Rick Mertens
Politesche Wocheréckbléck

Den Doud vum Grand-Duc Jean an d'Budgetsdebatten an der Chamber stoungen dës Woch am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit. D'CSV huet do ëmmer nees ënnerstrach, d'Regierung géif net genuch fir d'"Wuelbefanne" vun de Bierger maachen.

S.A.R. le Grand-Duc Jean2
Cour Grand-Ducale

De Grand-Duc Jean ass dout: de fréiere Lëtzebuerger Staatschef ass en Dënschdeg de Moien am Alter vun 98 Joer gestuerwen. Virlescht Woch ass hie mat enger Longenentzündung an d'Spidol bruecht ginn.

Danièle Weber Réckbléck
EU-Politesche Wocheréckbléck

Eng Woch voller Emotiounen: Vill Äddien - fir déi eng endgülteg, well si net méi kandidéieren, fir déi aner ongewëss, well si net wëssen, ob si erëmgewielt ginn. Mir kucken op dës Woch zeréck.

D'Greta Thunberg
EU-Klimapolitik

Dee 7. Donneschdeg hannerenee marschéieren Dausende vu Schüler zu Bréissel fir géint de Klimawandel ze demonstréieren. Dierf een d'Schoul schwänze fir géint de Klimawandel ze demonstréieren?

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen