Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Lemon Twigs - How Can I Love Her More?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Problemer beim Reclassement vu kranke Salariéën

Aarbechtsrecht

Problemer beim Reclassement vu kranke Salariéën

Wie seng Aarbecht aus gesondheetleche Grënn net méi ka maachen, ka bannent dem Betrib reklasséiert ginn, oder eng méi adaptéiert Aarbechtsplaz an engem anere Betrib vermëttelt kréien. An der Praxis ginn et bei der Ëmsetzung vun deem Recht awer nach ëmmer vill Problemer. D'Gesetz, dat de Reclassement reegelt, gouf eréischt virun aner hallwem Joer reforméiert - elo ass eng weider Upassung an der Maach.

auto_stories

3 min

D'Gesetz iwwert de Reclassement vun 2002 gouf scho méi wéi eng Kéier geännert. An awer schéngt et dem Lëtzebuerger Aarbechtsmaart net Rechnung droen. Vill Leit hätte Problemer, fir iwwerhaapt an d'Reclassementsprozedur ze kommen, bedauert den OGBL-Gewerkschaftler Carlos Pereira. "An der aler Prozedur war et zimlech einfach, wann ee krank gemellt war. Iergendwann huet de Contrôle médical decidéiert, d'Commission mixte ze saiséieren".

An Tëschenzäit wier d'Prozedur vill méi laang ginn. D'Kommissioun, an där Vertrieder vu Patronat, Salariat a Staat sëtzen, géif méi spéit iwwert e Reclassement decidéieren. "Während Méint kréien d'Leit da kee Krankeschäin ausbezuelt, déi Betraffe kënnen doduerch a finanziell Schwieregkeete geroden", sou de Carlos Pereira.

Prozedur schleeft wéinst Manktem un Aarbechtsdokteren

Fir iwwerhaapt e Recht op en internen oder externe Reclassement ze hunn, muss de kranke Salarié dräi Joer um selwechte Posten a beim selwechten Employeur geschafft hunn. Dofir ass ee Certificat d'aptitude néideg, deen den Aarbechtsdokter ausstellt. "Mir wësse vum Terrain, datt mer zu Lëtzebuerg net genuch Médecins du travail hunn. Et dauert laang, bis déi Kontrolle kënne gemaach ginn", erkläert den OGBL-Gewerkschaftler. De Beruff vum Aarbechtsdokter wier net attraktiv genuch, äntwert den Aarbechtsminister Nicolas Schmit.

Dem Carlos Pereira no wier d'Prozedur des weidere mat Interpretatiounsschwieregkeete verbonnen. Dem Aarbechtsminister Nicolas Schmit no wéilt d'Regierung elo méi Kloerheet schafen. Wann de Contrôle médical seet, datt de Salarié erëm ka schaffe goen, da misst an engems gekläert ginn, wéi eng Zort Aarbecht fir dës Persoun a Fro kënnt. A scho während dëser Phas misst de Salarié finanziell ënnerstëtzt ginn, sou den LSAP-Minister. "Dat geet am Gesetz net kloer ervir. Dee Punkt muss am Gesetz méi däitlech formuléiert ginn."

All Zweete waart schonn zéng Joer op e Reclassement

Bei engem externe Reclassement, also engem Reclassement an een anere Betrib, ass d'ADEM fir d'Vermëttlung zoustänneg. Allerdéngs heefe sech d'Dossiere bei der Aarbechtsverwaltung un. Iwwer 3.000 Leit gëllen als "behënnert Aarbechtsloser". All Zweete waart schonn iwwer zéng Joer drop, fir reklasséiert ze ginn. Soulaang kréien si eng "indemnité professionelle d'attente" ausbezuelt, déi mat enger Anciennetéit vun zéng Joer verbonnen ass.

"Wann de Betrib muer säin Numm ännert an ech sinn awer nach ëmmer um selwechte Posten, da kommen ech net méi an de Genoss vun där Indemnitéit", kritiséiert de Carlos Pereira. Ähnlech géif et zum Beispill Botzfraen ergoen: keng Entschiedegung well d'Firma en Optrag verluer huet, an dat trotz der Anciennetéit.

Invaliderent wa keng realistesch Chance op Reclassement

Dem Gesetz no musse Patronen, déi méi wéi 24 Salariéen beschäftegen, automatesch en interne Reclassement duerchféieren. De Carlos Pereira vum OGBL freet sech, ob d'Gesetz virun der leschter Reform, dat eng Quotereegelung virgesinn hat, op deem Punkt net besser war.

Dem Nicolas Schmit no hätt säi Ministère an deene leschte Méint déi eenzel Fäll vu Reclassement iwwerpréift. Wie keng realistesch Chance méi hätt, op den Aarbechtsmarché zréckzekommen, dee misst d'Invalidepensioun kréien.