Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Benny Sings - Big Brown Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Problemer mam Police-Gebai zu Déifferdeng

Ëffentlech Gebaier

Problemer mam Police-Gebai zu Déifferdeng

Anescht wéi den CSV-President Marc Spautz behaapt hat, muss d'Gebai vum Police-Kommissariat zu Déifferdeng net aus hygienesche Grënn zougemaach ginn. Dat huet d'Administration des bâtiments publics dem radio 100,7 op Nofro hi matgedeelt. Et géifen awer gewësse Problemer mam Gebai aus dem Joer 1931 ginn. Am Kommissariat an der rue Pasteur zu Déifferdéng schaffe 65 Leit op zwou, respektiv op dräi Schichten.

auto_stories

3 min

Um CSV-Bezierkskongress Süden hat de Parteipresident Marc Spautz kritiséiert, datt d'Kommissariat zu Déifferdeng an engem ganz schlechten Zoustand wier. "Theoretesch misst dat Gebai muer de Moie vun der Santé zougemaach ginn."

D'Administration des bâtiments publics huet dem radio 100,7 schrëftlech geäntwert, et léiche keng Informatioune vir, datt d'Santé dëst Gebai aus hygienesche Grënn misst zoumaachen. Informatioune vun engem Responsabele vun der Police no wier d'Santé wéinst Verdacht op Schimmel am Keller ugefrot ginn. Si hätten direkt näischt festgestallt, awer fir sécher ze goen, wéilte si nach Loftanalyse maachen. "Eis ass bis haut näischt, weder vun der Police nach vun der Santé matgedeelt ginn, wat dozou ginn feieren, datt dat Gebai misst zougemaacht ginn."

Fiichtegkeet a Raten am Keller

D'Verwaltung confirméiert awer, datt et Problemer am Keller vum Déifferdenger Police-Kommissariat ginn. "Dat Gebai huet zënter Joren e Problem mat den Siphonen am Keller, wou och deelweis d'Vestiairë vun der Police sinn. Wann d'Siphonen dréche ginn, ass de Geroch vum Kanal bemierkbar."

Grad wéi Bâtiments publics geet och den Déifferdenger Bauteschäffen Tom Ulveling (CSV) net dovun aus, datt d'Police-Kommissariat muss zougemaacht ginn. Hie selwer hätt sech d'Gebai net ugekuckt, awer hire Kolleg Robert Mangen hätt eng Visite gemaach. "An dee war effektiv relativ schockéiert iwwert den Zoustand vun deem Gebai." Am Keller wier vill Fiichtegkeet, an et géife Rate ronderëm lafen.

D'Santé war viru ronn zwou Wochen op der Plaz, op Demande vun der Police, schreift Bâtiments publics. Zum Zoustand vum Gebai heescht et vun der Verwaltung: "D'Gebai ass an engem relativ gudden Zoustand. De Grondrëss vum Gebai entsprécht awer net deem, wat een haut fir e funktionellen adequaten a moderne Police Service misst hunn, aus deem Grond ass och decidéiert ginn, fir en Neibau ze plangen."

Konsens fir en neit Gebai

D'Pläng fir en neit Gebai fir d'Police um Site vum Parking vum Contournement zu Déifferdeng wiere scho fäerdeg, seet den CSV-Politiker Tom Ulveling. Néideg wier nach gréng Luucht vum Finanzministère. An deem neie Gebai soll Plaz fir 87 Beamte sinn, sou datt "d'Sécherheet hei zu Déifferdeng erëm e bësse méi grouss geschriwwe gëtt."

Dem Tom Ulveling no wier nach net gekläert, ob dat geplangten neit Gebai vum Staat oder vun der Gemeng soll gebaut ginn. En Neibau kéint an zwee an engem hallwe Joer do stoen.

Och de Ministère fir Banne-Sécherheet ass sech bewosst, datt dat aktuellt Gebai vun der Déifferdenger Police eng al Bau-Substanz ass. Et géif e generelle Konsens ginn, datt en neit Kommissariat op Déifferdeng misst kommen. D'Police géif zesumme mat Bâtiments publics alles dofir maachen, fir datt d'Konditiounen erfëllt sinn, fir do ze schaffen. Deemno wier virgesinn, datt d'Police am aktuelle Gebai vun 1931 bleift, bis den Neibau fäerdeg wier, esou de Ministère an enger schrëftlecher Äntwert op Nofro vum radio 100,7.

Police Déifferdengplay_arrow