Radioen

On air

De Moien  |  Blood Orange - Saint

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prognose fir déi franséisch Regionalwalen

Stëmmungsbild virun de Presidentiellen

Prognose fir déi franséisch Regionalwalen

D'Fransouse ginn den 20. Juni un d'Walurne geruff. An 13 Regioune gëtt de Conseil régional nei gewielt. Dat definitiivt Walresultat gëtt um zweeten Tour de Sonndeg drop tranchéiert. D'Wale gëllen als Stëmmungsbarometer ee Joer virun de Presidentschaftswalen. Wéi ee Signal ee sech vun de Regionalwale erwaarde kann, huet eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn den Direkter vum Meenungsfuerschungsinstitut Ipsos gefrot.

auto_stories

3 min

D'Montée de la Droite, d'Pandemie, d'Presidentschaftswalen - d'Regionalwale ginn dëst Joer vu ville Facteure markéiert. Obwuel d'Land politesch immens opgelueden ass, misst een dervun ausgoen, datt net vill méi wéi d'Hallschent vun de Walberechtegten hir Stëmm wäerten ofginn, seet de Brice Teinturier, Direkter vum Sondage-Institut Ipsos.

"Ils n'ont pas la tête dans les régionales. Ils ont la tête justement dans ce qui permet maintenant ce début de vrai sortie e la pandémie. Donc nous attendons une abstention toujours forte. Probablement même plus forte de ce qu'elle était en 2015."

De Mëttwoch huet de Premier Jean Castex Lackerunge vun de Coronamossnaamen annoncéiert. Zënter en Donneschdeg muss een dobausse kee Mask méi undoen a pünktlech um Walsonnde gëtt d'Ausgangsspär opgehuewen. D'Pandemie huet deelweis d'Vertraue vun de Fransousen an d'Politik gestäerkt. Trotzdeem wäerten aner Froe fir d'Wal méi relevant sinn, mengt de Politolog Teinturier.

"Il y aura même un effacement de cette question de Covid au moment où les français vont revoter. Et ils vont revoter plutôt sur des thématiques - j'aurai envie de dire " classiques ", qu'il est la délinquance, l'immigration, le chômage, qui est revenu avec cette pandémie."

Themen, déi virun allem der riets-extremer Partei Rassemblement National an d'Kaarte spillen. Momentan huet den RN an dräi Regiounen an de Sondagen d'Nues vir: Am Süden an der Regioun Provence-Alpes-Côtes-d'Azur, an der Regioun Centre-Val-de-Loire an an der Grenzregioun zu Lëtzebuerg Grand-Est. Mat Bléck op d'Resultat vun de lëschte Regionalwalen, nuancéiert de Brice Teinturier awer.

"On devrait même avoir dimanche prochain un Rassemblement National qui obtiendrai un niveau inférieur à ce qu'il a obtenu 2015. En 2015 je le rappelle il avait obtenu 28,4% des suffrages exprimés. Là nous sommes à date plutôt à 26% et en fonction de la mobilisation on peut être à 25, à 26. En tous les cas plutôt un peu en dessous du score en 2015, ce que beaucoup de commentateur ont complètement oublié."

Interessant am Hibléck op d'Presidentschaftswal

Deemools haten déi riets-extrem Kandidatinne Marion Maréchal-Le Pen a Marine Le Pen béid iwwert 40 Prozent vun de Stëmmen am éischten Tour. Haut kënnt nëmmen de Thierry Mariani am Süden den Ëmfroen no op en änlecht Walresultat. Den zweeten Tour ass an deem Fall ëmmer decisiv, vu datt d'Fransousen dann entscheede kënnen, ob se sech da wierklech e riets-extreme Conseil an hirer Regioun wënschen. Wiem d'Wielerschaft hiert Vertraue schenkt, ass deementspriechend och fir d'Presidentschaftswal interessant.

"Ce qui va se jouer à travers ces élections régionales, ce sont aussi au soir du premier tour les éventuelles alliances pour barrer la route ou pas au Rassemblement national dans un certain nombre de région. Est-ce que l'électorat va se mobiliser pour s'opposer à une éventuelle victoire du RN dans un certain nombre de régions. Tout celà va bien évidement impacter le premier tour de la présidentielle et préstructurer cette campagne."

Jee no Regioun presentéiere sech verschidde Parteie vereent an enger Lescht. Déi riets-konservativ Les Républicains doen sech zum Beispill an der Regioun Provence-Alpes-Côtes-d'Azur mat der Regierungspartei La République en Marche zesummen an an der Regioun Pays-de-la-Loire trieden d'Ekologiste vereent mat der lénker Partei Génération.s bei d'Walen u fir géint d'Republikaner ze gewannen.

Fir een definitive Bilan bleift den zweeten Tour um 27. Juni ofzewaarden.