Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protest am Iran: D'EU verhänkt weider Sanktiounen

EU - Iran

Protest am Iran: D'EU verhänkt weider Sanktiounen

Wéinst de brutale Repressioune géint Manifestant:inne vum iranesche Regime, verhänkt d'EU weider Sanktioune géint den Iran. Allerdéngs ass d'Decisioun, Mesurë géint eelef Persounen a véier Entitéiten ze huelen, éischter virsiichteg.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


"L'Iran se lève, l'Iran est debout", steet op engem vun de Plakater, op anere si Fotoe vu Jonker, déi zanter dem Ufank vun de Demonstratioune Mëtt September ëm d'Liewe koumen - op der Plaz virum Héichhaus, der Entrée vum europäesche Kongresszenter, ginn d'Ausseministeren aus de 27 EU-Länner vun e puer Honnert Leit empfaangen.

Demonstrantin: EU muss all Relatioune mam Regime ofbriechen

"Mir erwaarden eis vun de Ministeren a vun Europa, datt all Relatioune mam Regime ofgebrach ginn, datt d'Bankkonte vun de Responsabele gespaart an iranesch Agenten erausgehäit ginn, an datt den Terror hei net méi wëllkomm geheescht gëtt", seet d'Solmaz Jodairi Saber, eng 24 Joer al Lëtzebuergerin, déi am Iran gebuer ass an zanter 15 Joer am Grand Duché lieft.

Vill Nouvelle kommen net duerch aus hirem fréieren Doheem, zanter datt den Internet ofgeschalt gouf. Dat, nodeem et nom Dout vun der 22 Joer aler Mahsa Amini iwwerall zu Protester am Land koum:

"Wa mir eppes héieren, dann ass et definitiv näischt Guddes. Mëttlerweil ginn eis Fraen op der Strooss vergewaltegt, Kanner ginn a Primärschoulen mat Tréinegas ugegraff, einfach fir hinnen Angscht ze maachen, fir net weider op d'Strooss ze goen. Déi Leit op der Strooss, dat si Jugendlecher net méi al wéi 15 Joer"

Plakater mat Fotoe vu Jonker, déi zanter dem Ufank vun de Demonstratiounen am Iran Mëtt September ëm d'Liewe koumen. Foto: Danièle Weber

Eelef Persounen a véier Entitéiten op der Sanktiounslëscht

Um Enn decidéieren d'Ausseministeren effektiv nei Sanktiounen: "Onze personnalités et quatre entités, qui vont être sanctionnées, qui verront leurs avoirs gelés sur le sol européen et qui ne pourront plus se rendre sur le continent européen également", esou déi belsch Ausseministesch Hadja Lahbib.

Et kéint gutt sinn, datt et net dobäi bleift, seet iwwerdeem de Lëtzebuerger Ausseminister. Et gëtt nämlech de Verdacht, datt den Iran Dronen u Russland geliwwert huet, déi am Krich an der Ukrain an den Asaz koumen. Esou huet de Jean Asselborn erkläert:

"Et ass kloer, datt wann dat esou ass, dat et dann net bleift bei enger Lëscht vun eelef Leit. Dann ass dat heite leider nëmme just een Ufank. Da muss gekuckt ginn, ekonomesch an op deem Niveau, wéi mer kënnen dem Iran weisen, datt dat net geet, datt mer dat net akzeptéieren. A wann ech soen "mir", dann ass dat jo net nëmmen Europa."

D'Fro ass, wéi effikass déi Mesurë sinn, déi elo geholl goufen, an ob eng Lëscht vu just eelef Leit duergeet. Vun engem Ofbrieche vun alle Relatioune mam Iran ass ee wäit ewech... Dat géif dem Regime sécher net gefalen an de Message géif ukommen, war dorop déi éischter vage Äntwert vum EU-Chefdiplomat Josep Borrell.

Jean Asselborn: Atomofkommes ass "futti"

Datt den Iran d'Mënscherechter mat Féiss trëppelt ass net nei. Huet d'EU ze laang ze mann géint dee Regime ënnerholl?

De Lëtzebuerger Chefdiplomat verweist bei där Fro op den Atomofkommes mam Iran, deen zanter véier Joer op Äis läit, nodeem de fréieren amerikanesche President Donald Trump decidéiert hat, datt d'USA erausklammen:

"Nach wie vor hunn ech et als ee Feeler gesi vum Trump, dat futti ze schloen. Elo si mer do wou mer sinn. An där Atmosphäre wou mer elo sinn, kann ech mer net virstellen, datt mer do zu enger Conclusioun kommen. Op alle Fall net kuerzfristeg."

D'Solmaz Jodairi Saber huet allerdéngs d'Hoffnung, datt de Protest am Iran dës Kéier eppes bewierke kann:

"No 43 Joer sinn d'Aen riseg wäit opgemaach ginn. Dat wat mir elo hunn, hate mir nach ni, säit dem Shah war nach ni esou eng Revolutioun a wéi soll ech soen, nach ni geféierlech an nach ni esou an d'Längt gezunn."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.