Radioen

On air

Resonanzen  |  Rhapsody net nëmmen 'in blue'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ProVelo gesäit positiv Impulser am nationale Mobilitéitsplang

Mobilitéit

ProVelo gesäit positiv Impulser am nationale Mobilitéitsplang

Mam nationale Mobilitéitsplang 2035, deen den zoustännege Minister François Bausch d'lescht Woch virgestallt huet, kritt de Vëlo eng ganz wichteg Roll. Ëmmerhi waren 2017 ronn 33 Prozent vun allen Deplacementer vun de Residenten tëscht hirem Doheem an der Aarbechtsplaz méi kuerz wéi fënnef Kilometer. Do bitt sech de Vëlo also un.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Radowitz

Lauschterenplay_arrow


Et ass net nei, datt de Vëlo ass ideaalt Mobilitéitinstrument an dëse Studien ernimmt gëtt: wéineg Plaz, ëmweltfrëndlech a gesond si ganz grouss Atouten.

Och am Mobilitéitsplang heescht et, datt de Vëlo eng eegestänneg Roll als Transportmëttel soll kréien a besonnesch an de Stied den Auto no an no soll ersetzen.

Wieder, déi bei ProVelo positiv opgeholl ginn. De grousse Problem bleift awer ëmmer nach d'Infrastruktur, seet de Jo Klein vu ProVelo.

"Et ass ëmmer einfach Ziler op laang Siicht ze setzen, mee da musse se awer och ëmgesat ginn."

Eng systematesch Offer fir de Vëlo

An Zukunft soll de Vëlo scho bei der Planung vun all Strooss an Immobiliëprojet mat abezu gi fir d'Sécherheet am urbane Raum ze verbesseren.

Et geet also net just drëms iergendwou eng Vëlospist hinzesetzen, mee systematesch iwwerall do, wou Transportinfrastruktur besteet, eng Offer fir de Vëlo ze hunn.

Kanner solle kënnen ouni Risiko vun doheem aus mam Vëlo an d'Schoul fueren.

Mam Vëlo an den ëffentlechen Transport

ProVelo gesäit donieft och Potential bei der Vernetzung mam ëffentlechen Transport. D'Multimodalitéit misst dofir ausgebaut ginn, seet de Jo Klein: et misst méiglech sinn och mam Vëlo an den ëffentleche Verkéier eranzeklammen. Fir ProVelo géif et do nach "immens vill" Potential ginn.

De Gebrauch vum Vëlo als Transportmëttel fir Kuerzstrecke soll bis 2035 zouhuelen, esou d'Zil vum Mobilitéitsplang. Mat der Ännerung vum Verhale soll den Auto an de Stied ëmmer méi iwwerflësseg ginn.