Angschtkrisen, Depressiounen, Iess- an Zwangsstéierungen: den Impakt vun der Pandemie op Kanner a Jugendlecher huet sech op ënnerschiddleche Manéiere gewisen, esou d'Ines Kurschat, Mataarbechterin vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.
Net nëmmen hätte sech bis Mëtt September ronn 14.100 Jonker ënner 18 Joer mam Coronavirus infizéiert, och hir psychesch Gesondheet hätt ferm gelidden, seet d'Ines Kurschat. An der Kannerpsychiatrie wieren "däitlech méi" Kanner, déi nom Confinement en therapeuteschen Traitement gebraucht hunn. Dat wier eppes, wat d'Pedo-Psychiater mat Suerg verfollege géifen.
Studien hätte gewisen, datt d'Liewenszefriddenheet bei Kanner a Jugendlecher signifikativ erofgaange wier, seet d'Ines Kurschat. De Kanner-a Jugendtelefon hätt dem Ombudman fir Kanner a Jugendlecher zeréckgemellt, datt sech d'Zuel vu Jonker, déi am Gespréich Suicide uschwätzen, vervéierfacht hätt.
Traitementer solle vun der Krankekeess iwwerholl ginn
D'Mataarbechterin vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher stellt deemno kloer Fuerderungen: den Accès zu den Déngschtleeschtunge vun der Santé mentale misst "op jidder Fall" verbessert ginn. Och d'Offer fir Psychotherapien a Psychiatrië misst entwéckelt ginn, "an zwar relativ féx", fuerdert d'Ines Kurschat. Grad am Norde géifen et hei Lacunne ginn.
Fir den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher ass et wichteg, datt d'Käschte fir psycho-therapeutesch Consultatioune fir Kanner a Jugendlecher vun der Krankekeess sollen iwwerholl ginn.
"Mir hu kee Versteesdemech, datt déi Negociatioune sou laang brauchen. Mir brauchen do Resultater, mir mengen, datt déi Zäit do drängt."
Als weidere grousse Chantier gesäit den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit sengersäits dann nach eng beschtméiglech Verankerung vun de Kannerrechter an der Gesetzgebung, grad ewéi d'Reform vum Kanner- a Jugendschutz.