Radioen

On air

Notturno  |  Ninajirachi - Things I Never Nu

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psychiatrie: "Et gi vill Suen onnéideg verplempert"

Riicht Eraus

Psychiatrie: "Et gi vill Suen onnéideg verplempert"

Am Beräich vun der Psychiatrie géif net an déi richteg Strukturen investéiert ginn, seet de Marc Graas. Et wier "grotesk", wéi vill Suen doduerch "onnéidegerweis verplempert" géifen, esou de Psychiater.

auto_stories

2 min

Dr. Marc Graas (Psychiater, fréieren Direkter vum Spidol zu Ettelbréck), Marc Stein (Société luxembourgeoise de Psychologie), Mady Juchem (Patientenassociatioun)

De fréieren Direkter vum psychiatresche Spidol zu Ettelbréck ënnersträicht, de System vun der Lëtzebuerger Psychiatrie wier ze vill op d'Spideeler zentréiert. Patienten, déi chronesch krank sinn, géifen dacks jorelaang an enger Klinik wunnen, well et net genuch betreite Wunnstrukture fir si gëtt.

"Och haut liewen nach ëmmer Leit zu Ettelbréck an der Klinik. Dat kascht d'Gesondheetskeess 500 Euro den Dag". Op déi Manéier géife grouss Zomme "verplempert ginn, fir Leit schlecht ze versuergen".

Keng adequat Versuergung

De Psychiater seet dës "grotesk Situatioun" wier zanter Jore bekannt, bis elo hätt sech awer wéineg doru geännert. Hie vermësst eng "strukturell Iwwerleeung" doriwwer, "wéi een e System entwéckelt, deen national eng adequat Versuergung garantéiert."

De Psycholog Marc Stein bedauert iwwerdeems, datt et nach kee Remboursement fir Traitementer vu Psychotherapeute gëtt. Dëse Beruff gouf virun iwwer dräi Joer gesetzlech unerkannt. D'Gesondheetskeess an d'Federatioun vun de Psychotherapeute sinn awer nach am Gaang iwwer de Remboursement ze verhandelen.

Kee Versteesdemech fir laang Verhandlungen

"Ech verstinn, datt d'CNS net wëllt hire Budget sprengen," esou de President vun der Société luxembourgeoise de Psychologie. Hie gëtt awer ze bedenken, datt duerch de Remboursement op laang Dauer kéinte Sue gespuert ginn. Studien am Ausland hätte gewisen, datt Patiente méi séier gesond ginn, wa si sech psychotherapeutesch behandele loossen.

Och d'Mady Juchem vun der Patientenassociatioun AFPL huet wéineg Versteesdemech fir déi laang Verhandlungen. Si mécht drop opmierksam, datt vill betraffe Leit an enger prekärer Situatioun sinn, well si net kënne schaffe goen: "Wie bezilt hinnen déi Consultatiounen? Si sinn nämlech bluttnoutwendeg."