Radioen

On air

Notturno  |  Sean Nicholas Savage - Propaganda

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Punktuell Policekontrolle méiglech

Corona-Kris

Punktuell Policekontrolle méiglech

Fir d'Anhale vun de sanitären Obligatiounen ze iwwerpréiwe kéinten et an de Grenzregiounen an Däitschland, der Belsch a Frankräich punktuell Policekontrolle ginn, esou de Lëtzebuerger Ausseministère haut op eis Nofro hin. De Ministère weist sech awer zefridden, datt kee vun den dräi Nopeschstaaten dës Kéier d'Grenzen zougemaach huet oder systematesch Grenzkontrolle mécht.

auto_stories

1 min

An Däitschland an an der Belsch géif fir Lëtzebuerger Residenten prinzipiell nach ëmmer eng Qurantänsflicht gëllen, wann och mat enger Rei vun Ausnamen. An enger Rei däitsche Bundeslänner géif et eng Ausnam fir all Deplacement vu manner wéi 24 Stonne ginn, dorënner sinn d'Saarland a Rheinland-Pfalz.

An allen däitsche Länder, mat Ausnam vu Schleswig-Holstein a Mecklenburg-Vorpommern, géifen et och Ausname bei der Quarantänsflicht ginn, wann een een negative Corona-Test huet, dee manner wéi 48 Stonnen al ass.

Och an der Belsch gëllt eng Quarantänsflicht fir Residenten aus dem Grand-Duché, mat enger Ausnam bei engem Openthalt vu manner wéi 48 Stonnen. Bei engem Openthalt vu méi wéi 48 Stonnen an der Belsch, muss schonn zanter Ufank Oktober e Formulaire ausgefëllt ginn.

A Frankräich gëtt et keng Quarantänsflicht, mee zanter dem neie Confinement e Freideg ginn et Deplacementsrestriktiounen. Eng Attestatioun ass néideg fir Deplacementer a Frankräich ze justifizéieren, esou de Lëtzebuerger Ausseministère.