Radioen

On air

De Moien  |  The Whitest Boy Alive - Courage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Punktuell Steiererliichterunge fir 2023 méiglech

Staatsbudget 2023

Punktuell Steiererliichterunge fir 2023 méiglech

D'Finanzministesch Yuriko Backes hält et nach ëmmer fir méiglech, datt d' Steieren d'nächst Joer punktuell erofgesat ginn. Zwee Méint nom Dépôt vun hirem Budgetsprojet fir d'nächst Joer, huet déi liberal Ministesch widderholl, datt mir an enger Zäit liewen, an där et schwiereg ass präzis Previsiounen ze maachen.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


Virun zwee Méint hat d'Finanzministesch hiren éischte Budgetsprojet virgestallt. Haut wier d' Situatioun zu Lëtzebuerg schonn nees eng aner, sou d'Yuriko Backes.

Den neisten Zuele vum Statec no ass net wéi am Oktober annoncéiert mat engem Wirtschaftswuesstem vun 2,5 Prozent fir dëst Joer ze rechnen, mee just nach mat 1,7 Prozent.

Och d'Inflatioun géif de STATEC fir 2022 an 2023 an Tëschenzäit liicht méi héich schätzen. Déi ugekënnegt Verschlechterung vum Solde vum Gesamtstaat fir 2023 wier op d'Hëllefsmesüren zeréckzeféieren, déi am Kader vun den zwou Tripartitten decidéiert gi sinn. Dës Mesure wieren deier, se wieren awer extrem wichteg, sou d'Yuriko Backes.

"De Beweis, datt dës Mesurë wierken, gesi mer elo schonn. Esou war den Inflatiounstaux am Oktober vun dësem Joer 6,9 Prozent, an am November elo 5,9 Prozent, dat heescht 1 Prozentpunkt manner."

D'Kafkraaft vun de Leit stäerken

Mat deene Mesurë géif och d'Kafkraaft vun de Leit gestäerkt ginn, argumentéiert d'Finanzministesch, a verweist hei op de leschte Politmonitor. 69 Prozent vun de Leit hätten hei uginn, datt hir finanziell Situatioun gutt ass oder esouguer besser gi wier.

"D'Kafkraaft gëtt an der Kris net nëmmen erhalen, mee laut dem STATEC esouguer gestäerkt, se soll d'nächst Joer ëm 2 Prozent wuessen."

Zwou weider Mesurë sollen d'Kafkraaft vun de Leit zousätzlech stäerken: den neie Gehälteraccord an der Fonction publique an déi eventuell Steiererliichterungen, déi d'Yuriko Backes fir dat nächst Joer an d'A gefaasst huet.

Den néidege Sputt fir eng Steierreform, wéi se a villen Avisen revendiquéiert gëtt, wier den Ament net ginn. Wann een am Fréijoer géif gesinn, datt den néidege Sputt do wier, da versprécht d'Finanzministesch sozial gestaffelt Steiererliichterungen op de Wee ze bréngen.


Lauschterenplay_arrow

Fuerderungen no enger Steierreform

An der Debatt an der Chamber huet sech de Co-Fraktiounschef vun der CSV, de Gilles Roth nach eng Kéier kloer fir eng Steierreform ausgeschwat. En Net-Upasse vun der Steiertabell un d'Inflatioun wier eng Steiererhéijung duerch d'Hannerdier.

"Keng vun deenen Indexupassungen ass an der Steiertabell Rechnung gedroe ginn. Am Kloertext: de Staat beräichert sech domat um Ausgläich, deen d'Leit fir d'Präisdeierecht kréien. Dat entsprécht net dem Sënn an Zweck vum Index als Garant vum soziale Fridden."

Déi Gréng an d'LSAP droen de Budget mat, hu sech awer nach eng Kéier fir eng Steierreform a fir méi sozial Gerechtegkeet ausgeschwat.

Staatsverscholdung: d'Grenz vun 30 Prozent vum PIB

Kuerzfristeg wier eng Adaptatioun vum Steierkredit och eng Méiglechkeet fir cibléiert Entlaaschtunge fir d'Salariéen, esou den LSAP-Fraktiounschef Yves Cruchten, dee sech och nach zu der Staatsschold positionéiert huet.

"Och d'LSAP ass der Meenung, datt mer solle probéieren ënner der Grenz vun deenen 30 Prozent ze bleiwen, wat jo nach ëmmer d'Trajectoire am pluriannuelle Budget bleift. Mir sinn awer och der Meenung, datt dës kënschtlech Grenz, déi mir eis selwer operluecht hunn - a kee vu baussen huet dat gemaach - datt dës Limitt net dierf en oniwwerwondbaart Hindernis sinn, falls weider Interventioune vum Staat gefuerdert géife ginn."

Dat gesäit den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser anescht. D'Scholde wieren nämlech "eng enorm Gefor" fir d'Land:

"Mir sinn e klengt Land mat enger schmueler ekonomescher Basis, an hunn dowéinst méi Problemer wéi aner Länner fir mat héije Scholde kënnen ze liewen. D'ADR wëllt dowéinst d'Verschëldung stoppen an déi Scholden, déi mir hunn, zeréckbezuelen.

Dofir verlaangt d'ADR eng gesetzlech Scholdegrenz, déi bei maximal 30 Prozent vum Bruttoinlandprodukt läit. Déi Lénk reprochéieren der Regierung en almoudescht Denken, dat doranner géif bestoen d'Problemer eenzeg an eleng mat méi Wirtschaftswuesstem ze léisen.

D'Piraten hirersäits hätt sech am Budget méi cibléiert Hëllefe gewënscht, dat hätt missen de Kär sinn.