Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Putin: Russland setzt New-Start-Accord aus

Atom-Ofrüstungsvertrag

Putin: Russland setzt New-Start-Accord aus

Russland wëll den Atom-Ofrüstungsvertrag "New Start" mat den USA aussetzen ouni draus rauszeklammen. Dat huet de russesche President Wladimir Putin haut um Enn vu senger Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt. Et ass dee leschten nach verbliwwenen atomare Programm fir ze desarméieren. Zanter 2011 begrenzt den Accord d'Atomwaffenarsenaler vun den zwee Länner op jeeweils 1.550 asazbereet Sprengkäpp.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Atom-Ofrüstungsvertrag "New Start" gouf festgehalen, datt Washington a Moskau sech géigesäiteg iwwer hir Atomwaffenarsenaler austausche - a bis zu 18 Kontrollen am Joer duerchféieren dierfen. De Putin huet et haut als "absurd" beschriwwen, d'USA déi russesch Militär-Strukturen inspizéieren ze loossen, wa Washington zesumme mat der NATO kloer erkläert hätt, géint Russland wëllen ze gewannen.

De "New Start" Accord

Seng Entscheedung huet de Putin domat begrënnt, datt zum Beispill Frankräich a Groussbritannien hir Arsenaler un Atomwaffe weider entwéckele géifen an hiert Nuklear-Potential géint Russland ausriichte kéinten.

De sougenannte "New-Start"- Accord steet fir "Strategic Arms Reduction Treaty". Et ass dee leschten nach verbliwwenen atomare Programm fir ze desarméieren. Zanter 2011 begrenzt den Accord d'Atomwaffenarsenaler vun den zwee Länner op jeeweils 1.550 asazbereet Sprengkäpp. Ausserdeem gouf do dra festgehalen, datt Washington a Moskau sech géigesäiteg iwwer hir Atomwaffenarsenaler austausche - a bis zu 18 Kontrollen am Joer duerchféieren dierfen.

Russland wëll aus dem "New Start" Accord aussetzen

De Putin huet et haut als "absurd" beschriwwen, d'USA déi russesch Militär-Strukturen inspizéieren ze loossen, wa Washington zesumme mat der NATO kloer erkläert hätt, géint Russland wëllen ze gewannen.

Nach Ugangs vum Mount huet d'NATO Russland reprochéiert, sech net un den Accord gehalen ze hunn. Bréissel informéiert, datt Russland sech geweigert huet, Kontroll vun den USA ze erméiglechen, dat géing d'Zukunft vum Accord a Gefor bréngen. Moskau huet des Reprochë vu sech gewisen an huet den USA d'Schold ginn.

Nach wéilt Russland net aus dem Atom-Ofrüstungsvertrag "New Start" erausklammen, mee fir den Ament nëmmen aussetze sot de Putin um Enn vu senger Ried.