Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Qualitéit an d'Redaktioune bréngen

Pressehëllef

Qualitéit an d'Redaktioune bréngen

Der Regierung hiren Entworf fir déi geplangte Reform vun der Pressehëllef wier eng "intelligent" Léisung, seet d'Ines Kurschat, Presidentin vum Presserot. Bei där Reform soll jo grondsätzlech manner op d'Quantitéit a méi op d'Qualitéit gekuckt ginn, fir vun der staatlecher Pressehëllef kënnen ze profitéieren.

auto_stories

3 min

D'Ines Kurschat ass Journalistin beim Lëtzebuerger Land an déi aktuell Presidentin vum Presserot

Zanter Mëtt den 1970er Jore gëtt et zu Lëtzebuerg eng staatlech Pressehëllef an et steet ausser Fro, datt déi meescht Zeitungen ouni déi finanziell Ënnerstëtzung mat Steiergelder net kéinten iwwerliewen. Am Moment gëtt eng Reform vun der Pressehëllef diskutéiert. Et soll net méi d'Zuel vu publizéierte Säiten als Krittär geholl ginn, mee d'Zuel vu Journalisten, déi fir e bestëmmte Medium schaffen.

En anere Krittär, deen och méi eng qualitativ Approche bei der Pressehëllef géif undeiten, wier der Presidentin vum Presserot no, datt d'Editeuren am aktuellen Entworf e Formatiounsplang sollen op den Dësch leeën. D'Regierung géif awer net soen, wéi dat genee soll funktionéieren, mee et wier en Ustouss, "fir Qualitéit an d'Redaktiounen ze bréngen", mengt d'Ines Kurschat.

Onlinemedie musse sech zur Hallschecht selwer finanzéieren

Fir och an Zukunft nach an de Genoss vun der staatlecher Pressehëllef kënnen ze kommen, sollen Zeitungen an Onlinemedien noweisen, datt se 50 Prozent vun hire Käschte selwer finanzéiert kréien. Esou steet et am Avant-Projet vum Gesetz, mat deem d'Pressehëllef soll reforméiert ginn.

Dee Krittär ass net onëmstridden: An Zäite wou d'Abonnementer als fixen a previsibele Revenu ëmmer méi ewechbriechen an och ëmmer manner mat Publicitéit verdéngt gëtt, sinn d'Recettë méi volatil wéi virdrun. Doduerch gëtt et méi schwéier ze plangen, seet d'Ines Kurschat.

D'Fro vun der Eegefinanzéierung wier dowéinst eng schwiereg Fro, mee d'Presidentin vum Presserot geet dovunner aus, datt d'Regierung sech däers bewosst ass, an datt et net onwarscheinlech ass, datt dee Krittär nach eng Kéier iwwerschafft kéint ginn.

Pressehëllef als Garant fir Pluralitéit vu Meenungen

Ignoréiert de Staat mat der Pressehëllef d'Logik vum Marché am Beräich vun der Press? D'Ines Kurschat kann déi Aschätzung net deelen: "Hien ignoréiert se mengen ech net ganz. Et ass awer esou: eng Demokratie lieft vun ënnerschiddleche Meenungen. Dat bedeit, fir eng Meenungsbildung ze garantéieren an och fir ënnerschiddlech Positiounen zouzeloossen ass et wichteg, datt och Informatioune vläicht aus ënnerschiddleche Bléckwénkele kënne gespigelt ginn."

Fir d'Presidentin vum Presserot ass dat ee vun de wesentleche Grënn, firwat et eng Pressehëllef gëtt: fir verschidde Meenungen zouzeloossen. Reng ekonomesch kéinten zu Lëtzebuerg warscheinlech just eng oder zwou Publikatiounen eleng iwwerliewen.

De Presserot professionaliséieren

Virun der Pressehëllef war et d'Informatiounszougangsgesetz, dono wäert et de Whistleblower-Schutz sinn: ëmmer erëm muss d'Organ vun Editeuren a Journaliste Stellung zu komplexen Themen huelen. Ass déi Aarbecht vum Presserot nach benevole niewebäi ze maachen?

Am Presserot géif genee déi Fro diskutéiert ginn, seet d'Ines Kurschat. Et wier dohier wichteg, datt de Presserot sech professionaliséiert, grad wann ee wéilt, datt dat Organ mathale kann, virun allem fir déi Gespréicher mat der Regierung an aneren Acteuren op Aenhéicht kënnen ze féieren, an "datt een eventuell och iwwerleet fir vläicht Leit anzestellen, déi déi Dossieren iwwer eng méi laang Zäit och kënne kucken."

Am Dossier Whistleblowerschutz wieren d'Aarbechten zu Bréissel schonn zanter e puer Joer amgaang. D'Ines Kurschat géif et begréissen, wann de Presserot och selwer kéint eng Positioun dozou fannen, déi zu der spezifescher Situatioun hei am Land géif passen. Et wier gutt, "wa mir do Leit hätten, déi sech méi an d'Matière kéinten aschaffen, wéi dat benevole méiglech ass".