Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Qualitéit ass eng Prioritéit

Gesondheeet

Qualitéit ass eng Prioritéit

De Staatslaboratoire huet eng national Verantwortung, seet den neien Direkter Friedrich Mühlschlegel. De Professer fir Mikrobiologie wëll den Etablissement public zu engem wichtegen Acteur am Gesondheetssecteur maachen. De "Laboratoire national de la santé" hätt och eng Roll bei der Mutualiséierung vun de Spidolslaboratoiren ze spillen.

auto_stories

3 min

De Friedrich Mühlschlegel ass zënter dem 1. Februar Direkter. De Professer fir Mikrobiologie huet virdrun den diagnosteschen Zentrum fir medezinesch Mikrobiologie vun der Universitéitsklinik vu Kent a Groussbritannien geleet. Do hätt hie vill Managementserfahrung gesammelt, seet de Friedrich Mühlschlegel. Lëtzebuerg wär en attraktive Standuert.

Virun engem Joer hat d'Cour des comptes Onregelméissegkeeten an der Gestioun vum Staatslabo festgestallt. Zënterhier ass de "Laboratoire national de santé" (LNS) nei opgestallt ginn. Dem neien Direkter säin Job wär et, fir de Strategieplang vu sengem Virgänger an Interimsdirekter Philippe Hartmann ëmzesetzen a weider z'entwéckelen. Deen hätt eng aussergewéinlech Aarbecht geleescht fir den LNS nei opzestellen.

"D’Infrastruktur vum LNS ass exzellent"

De Friedrich Mühlschlegel beschreift den LNS als multidisziplinäert Institut, mat siwe verschiddene Servicer, wou Qualitéit eng Prioritéit wier. De Staatslabo géing vill leeschten an der Diagnos, der Rechtsmedezin, grad wéi der Léier.

Mä den LNS géif och wichteg technesch a wëssenschaftlech Expertise entwéckelen, mat Referenzlaboaktivitéiten an engem Fuerschungsoptrag. Mam renomméierte Professer Michel Mittelbronn entsteet beim LNS déi éischt diagnostesch Unitéit fir Neuropathologie zu Lëtzebuerg.

Den LNS huet dem Friedrich Mühlschlegel no eng national Verantwortung. De Staatslabo huet e Monopol an der Pathologie. Dat hätt ebe grad esou spannend Aktivitéiten, wéi d’Entwécklung vun der Telepathologie erméiglecht. Telepathologie erlaabt séier Kriibsdiagnosen: Nach während der Operatioun ass de Staatslaboratoire mam Operatiounssall vernetzt fir Diagnosen z'erstellen. Mat der Telepathologie wär Lëtzebuerg e Virreider. Iwwert dee Wee vernetzt den LNS d’Lëtzebuerger Spideeler, seet de Friedrich Mühlschlegel.

Diagnosen: Séier a feelerfräi

D'Waardezäite bei de Kriibsdiagnose wär an de leschte Méint staark reduzéiert ginn. Et géing ee genee drop oppassen. Déi sougenannte "Turnaround time" géing am Ausland bei fënnef bis siwen Deeg leien. Fënnef Deeg wär de "Gold Standard" an der Kriibsdiagnostik, dat Zil wéilt een erreechen.

2015 waren am Staatslabo zwou Prouwe verwiesselt ginn, dat hat dozou gefouert, datt ee Patient operéiert gouf, deen net hätt missen. Esou eppes dierft einfach net passéieren, seet den LNS-Direkter. Zënterhier wären d'Prozeduren an d'Aarbechtsofleef verschäerft ginn, an d'Prouwe vun de Patiente géinge mat Code-Barren etiquetéiert ginn.

Zentrale Spidolslaboratoire

Et besteet de Plang, ee zentrale Laboratoire fir d'Spideeler ze schafen, déi dernieft awer fir Urgencë kleng Labosunitéite behalen.

De Staatslabo wäert bei der geplangter Mutualiséierung vun de Spidolslaboratoirë matdiskutéieren, seet de Friedrich Mühlschlegel. Den LNS wär e wichtege Gespréichspartner, wann et ëm hir Zukunft géing goen.