Radioen

On air

Tockcity  |  J. Bernardt - Last Waltz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Qualitéit vum Grondwaasser: Keng wierklech Verbesserung

Waasser

Qualitéit vum Grondwaasser: Keng wierklech Verbesserung

D'Qualitéit vum Lëtzebuerger Grondwaasser ass net wierklech besser ginn, heescht et aus dem Ëmweltministère an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro. Trotz all de Mesuren, déi an de leschte Jore geholl gi sinn. An dat bleift net ouni Auswierkungen op d'Drénkwaasserversuergung.

auto_stories

2 min

Foto: Austin Kehmeier / Unsplash

Lauschterenplay_arrow


Zanter 2013 ginn hei am Land Waasserschutzzonen ausgewisen, et ginn där haut 44 - an zwar do, wou Grondwaasser als Drénkwaasser ofgezaapt gëtt.

Oder besser gesot: ofgezaapt soll ginn. Dat ass nämlech op ville Plazen net méiglech, well sech do ëmmer nach Spueren z.B. vu Planzeschutzmëttelen am Grondwaasser fannen.

Dat ass zwar an deem Sënn net anormal, well et op d'mannst zéng Joer oder souguer méi laang dauert, bis déi Substanzen net méi ze detektéiere sinn. An dofir sinn d'Schutzmoossnamen nach net laang genuch a Kraaft.

Vill Waasser kann net fir ze drénke genotzt ginn

Et féiert awer dozou, datt dat Grondwaasser net als Drénkwaasser ka benotzt ginn. A mer schwätzen do vun enger Quantitéit, déi géif duergoen, fir 62.000 Leit - also awer ronn 10 Prozent vun der Populatioun - mat propperem Waasser aus dem Krunn ze versuergen.

Dat betrëfft am Moment eng 100 där ënnerierdescher Quellen. An da ginn et der och eng gutt Dosen, wou d'Grondwaasserqualitéit net schlecht genuch ass, fir et guer net unzezapen, awer och net gutt genuch, fir et tel quel als Drénkwaasser ze benotzen.

Dat Waasser gëtt da mat besserem verdënnt - wann et technesch méiglech ass, dat ze maachen. Mee dat ass net iwwerall méiglech, an dofir kënnen - a bestëmmte Fäll - Derogatioune vum Minister ausgeschwat gi fir och Waasser an de Reseau ze speisen, deem seng Qualitéit net all Grenzwäert respektéiert.

Dat awer nëmmen, wa dat keng Gefor fir d'Gesondheet vum Mënsch duerstellt, a wann d'Waasserversuergung anescht net kéint oprecht erhale ginn. Am Moment ginn eppes iwwer 5.000 Fudder den Dag vun esou Derogatiounen gedeckt. Dat entsprécht dem deegleche Besoin vun 26.000 Leit.