Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ R.E.S.P.E.C.T

Fräie Mikro

R.E.S.P.E.C.T

Respect! Fir déi aner... Fir dee Raum, dee mer fir Sécherheet a Liewensqualitéit brauchen. Mee kaum wiessele mer de Moyen de Transport, scho changéieren eis Uspréch un den ëffentleche Raum an eis Perspektiv op déi aner schléit ëm. De Respekt vu jidderengem sengem Espace soll eis awer ni verluer goen, mengt d'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière.

auto_stories

4 min

D'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière. Foto: Archiv

Déi aktuell Campagne vun der franséischer Prévention routière dréit de Slogan "Désarmons nos routes". "Komm mer strecken d'Waffen op der Strooss" ass also den Opruff. Spontan kéint ee mengen et wier eng Campagne géint d'Aggressivitéit am Stroosseverkéier, géint héichmotoriséiert SUVen déi jidderee mat ewech huelen, dee sech net mat Zäiten hanner der Leitplank oder um Trottoire konnt a Sécherheet bréngen.

Eis Stroossen desarméieren

Dat ass awer nëmmen deelweis de Sujet vun der Campagne. Bei eisen Nopere sinn d'SUVen jo och net esou omnipresent wéi bei eis.

Et geet villméi drëms ze illustréieren, datt d'Verhale vum Chauffeur zu all Moment säi Gefier kann an eng Waff verwandelen. Datt aus enger banaler Situatioun eraus, wéi d'Kanner an d'Schoul bréngen, akafen oder op d'Aarbecht fueren, eng déidlech Gefor ka ginn. D'Campagne dréit dann ëm dräi verschidde Feelverhalen, déi den éischte Moment kënnen harmlos wierken, deen nächste Moment awer scho kënnen dramatesch Konsequenzen hunn. Smsen um Steier, d'Aschlofe wärend dem Fueren an de berüümte Coup d'accélérateur ze vill.

Déi richteg Gestë maachen an déi falsch evitéiere sollen hëllefen eis Stroossen ze desarméieren.

Den Toun an der franséischer Campagne ass also zimmlech explizitt an deelweis ukloend. Zäitgläich leeft zu Lëtzebuerg d'Campagne "Respect my space", op méi engem positiven Toun, och eng Opfuederung zum pazifistesche Behuelen an zwar vu kenger geréngerer wéi der grousser Aretha Franklin. En anere Stil, och en aner Message, mee ëmmer déi gläich Zilsetzung: Zesummeliewen op der Strooss méi sécher ze maachen. Schliisslech ass e Foussgänger en Automobilist, dee grad geparkt huet an e Vëlosfuerer en Foussgänger, dee wëllt en Tierche maachen, mat méi wéi 6 km an der Stonn.

Wiem seng Stroossen, wiem säi Quartier?

Sécherheet schafen, dat ass de Rôle vun engem Transportministère an enger Sécurité Routière. Awer net nëmme vun hinnen, an et gëtt och nach eng aner Missioun, an zwar déi den ëffentleche Raum méi agreabel an equitabel ze gestalten, an domadder letztendlech och méi sécher. Méi agreabel, fir wien? Mir ware Joerzéngten dovunner obsedéiert dem Auto de Wee méi liicht, méi direkt, méi séier ze maachen. Dat ass och zimmlech gutt gelongen, natierlech op Käschte vum Espace vun allen aneren Usageren.

Et weist sech elo ganz frappant an der Stad Lëtzebuerg, wéi schwéier et ass, den ëffentleche Raum nei opzedeelen an dem luese Verkéier e viabelen Espace ze verschafen, nodeems soulaang den Auto ëmmer d'Prioritéit war. Zu Lëtzebuerg ass jo alles méi komplizéiert wéi soss op der Welt. Niewebäi bemierkt, geet Bréissel op d'Reegel vun den 30er Zonen, an zwar ob 85% vum ganze Stroossennetz. Dat ass och lo net grad e Provinzduerf. Do klammen natierlech och lo vill Leit op d'Barrikaden. Déi, déi léiwer mat 50 bei déi nächst rout Luucht fuere wéi mat 30 obwuel erwisenermoossen d'Fluiditéit an den 30er-Zonen eng besser ass.

Mir mussen natierlech wësse wat mer wëllen. Sou hostil Betons-Quartier'en wéi de Belval, d'Cloche d'Or oder de Ban de Gasperech? Wie fënnt dat eigentlech liewenswäert? Wie wollt dat esou? Wou kann een do verweilen, flanéieren, sech ophalen? Wien huet vergiess, datt et eigentlech dat ass, wat eis Qualité de vie ausmécht an datt et nach gréisser Gefiller gëtt wéi eng fräi Parkplaz ze fannen? Aner Stied zerstéckelen an humaniséieren aus urbanisteschen Ursaachen déi Quartieren déi mir elo voller Stolz bauen. Mir schafen hei wuelgemutt a voller Promoteurslogik Anti-Liewensqualitéit, Anti-Shared Space an Anti-Mënschlechkeet.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.