Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Racial Profiling bei Police-Kontrolle vun Afro-Descendanten

Mënscherechter

Racial Profiling bei Police-Kontrolle vun Afro-Descendanten

Migranten an eethnesch Minoritéite maachen aner Erfarunge mat der Police wéi déi generell Populatioun: Dat geet aus engem neie Rapport vun der EU-Agence fir Grondrechter ervir. An der ganzer Europäescher Unioun gouf festgestallt, datt dës Gruppe méi dacks vun der Police kontrolléiert ginn a méi negativ Erfarunge mat der Police maachen. Dat géif och fir Lëtzebuerg gëllen, heescht et am Rapport.

auto_stories

5 min

Fir d'Analys vun der Situatioun zu Lëtzebuerg gouf ee Sondage gemaach. Representativ Echantillone vun zwou Gruppe sinn iwwer hir Erfahrunge mat der Police befrot ginn: eemol déi allgemeng Bevëlkerung an dann och spezifesch d'Afro-descendanten. Am Ganze goufen hei am Land eng 1.400 Leit iwwer en Online-Questionnaire an Interviewe befrot.

Méi Kontrolle wann zu Fouss ënnerwee

Zum Beispill goufen hei Ënnerscheeder festgestallt a wéi enge Situatioune Policekontrolle geschéien: d'allgemeng Populatioun gouf am heefegsten am Auto kontrolléiert, am Kader vun zoufällegen Alkoholtester zum Beispill. Bei den Afro-descendante weist sech en anert Bild: Hei beriichte 65 Prozent, si wiere schonn emol kontrolléiert ginn, wéi se ze Fouss ënnerwee waren. Dat geschitt soss éischter seelen: Ënner der allgemenger Bevëlkerung hunn nëmmen néng Prozent gesot, si hätten déi Erfarung gemaach.

D'Situatioun vun der Policekontroll huet en Afloss op d'Erfarung vun der kontrolléierter Persoun, seet de Sami Nevala vun der EU-Agence fir Grondrechter:

"When stopped on the street, they are more likely to feel that the stop had something to do with their ethnicity. They more often feel that the police was not respectful when stopping them. They have a more negative perception of these stops that happened when on foot."

Der Etüd no hätten zu Lëtzebuerg 40 Prozent vun de befroten Afro-Descendanten d'Impressioun, datt se wéinst hirer Ethnie vun der Police kontrolléiert goufen. Wann d'Police opgrond vun ethnesche Krittäre Kontrolle mécht, schwätzt ee vu "Racial Profiling". Dës diskriminatoresch Praxis ass gesetzlech verbueden, an awer wier dëst een europawäit Phänomen, esou de Sami Nevala:

"This may suggest that not all these stops are really based on crime intelligence, but perhaps based on just the way people look and maybe misconceptions of ethnic minorities. This of course goes against intelligence-led policing and police treating everybody equally and respectfully."

Een negativen Impakt op d'Selbstbild

D'Sandrine Gashonga an d'Antonia Ganeto si béid Afro-descendanten a Grënnerinne vun Associatiounen, déi anti-rassistesch Opklärungsaarbecht maachen. Allebéid si wéineg verwonnert iwwer d'Resultater vun der Etude. D'Antonia Ganento:

"Et kann een allgemeng dovunner schwätzen, datt schwaarz Leit déi kollektiv Erfarung deelen datt se méi oft kontrolléiert ginn, an Europa, anerwäerts, och hei zu Lëtzebuerg well se als Auslänner gelies ginn."

Den erronéierte Lien tëscht Kriminalitéit a Schwaarz-Sinn hätt besonnesch op d'Selbstbild vu jonke schwaarze Männer een negativen Impakt, seet d'Formatrice beim Interkulturelle Bildungsinstitut IKL. An deem Kader bitt si véier Mol am Joer eng Formatioun bei der Police un, fir op den Afloss vu Stereotyppen a Prejugéen op d'Policeaarbecht ze sensibiliséieren:

"(Fir) d'Gefore vu Stereotyppen a Virurteeler mat hinnen ze dekonstruéieren an ze thematiséieren, wat dat am Beräich vun hirer Aarbecht fir Geforen dréit. Datt jidderee Stereotyppen am Kapp huet, dat ass wichteg sech bewosst ze ginn. An datt Stereotyppen zu Virurteeler féieren, datt dat d'Gefor ass, dat ass gewosst. Mee am Kader vun hirer Aarbecht huet dat onmoosseg Konsequenzen."

Déi kollektiv Erfarung vun enger ongläicher Behandlung géif ee Mësstraue géigeniwwer der Police provozéieren, seet och d'Sandrine Gashonga vun der afro-feministescher Associatioun LëtzRiseUp:

"C'est vraiment de la peur en fait. C'est de se dire qu'est-ce qui peut arriver. pas forcément de la violence, mais etre traité de facon injuste. (...) C'est transmis par nos parents. Mes parents n'étaient pas du tout serein non plus face à la police. En grandissant on apprend qu'il faut avoir peur, qu'il faut se tenir vraiment bien, pas faire de mouvements bizarres, répondre correctement, rester toujours poli, ne pas s'énerver."

Een Theema bei der Ausbildung vu Polizisten

D'Sandrine Gashonga seet, et misst opgekläert ginn, wéi et zu den Diskrepanze kënnt, déi am Rapport vun der EU-Agence festgestallt goufen. Esou Analyse kéinten an d'Sensibilisatioun an a Formatiounen afléissen, esou eng Recommandatioun. Anti-Diskriminatioun wier en Theema an der Ausbildung vun de Polizisten, äntwert de Minister fir bannescht Sécherheet Henri Kox:

"Fakt ass, datt mer intern eis jo och anescht opgestallt hunn - am Ënnerscheed vläicht vu fréier - mir hunn eis een Deontologiekodex ugeluecht an d'Interventiounen si ganz kloer. De Schema ass dee selwechten: dat gëllt fir all Bierger tout confondu, alle Nationaliteiten, aller Forme soll keen Ënnerscheed gemaach ginn. Dat ass e wichtegen Deel vun hirer Ausbildung. Dofir gëtt stänneg dru geschafft. Dofir hunn mer an eiser Formatioun ënner anerem d'Mënscherechter mat dran."

De Rapport vun der EU-Agence fir Grondrechter hätt hien nach net gelies, hie wéilt dat Thema awer am A behalen. De Minister verweist och drop, datt d'Police un enger gréisserer Rassismus-Etüd vum Familljen- an Integratiounsministère deelhëlt. D'Generalinspektioun géif och eng Analys iwwer Gewaltuwendung bei der Police maachen. Den Deontologieskodex an d'Weiderbildung missten neien Entwécklungen an Erkenntnisser Rechnung droen: "Et ass eng stänneg Ausernanersetzung innerhalb vun der Police an och eng Adaptatioun vun hirer Aarbecht am Alldag an och vun der Formatioun."

Diskriminatioun bei der Generalinspektioun mellen

Och d'Police verweist op Nofro hin op hiren Deontologiekodex an d'Formatioun. Eng systematesch Erfaassung, wéi eng Leit vun der Police kontrolléiert ginn, géif et net ginn - mee d'Kontrolle géifen der Police no, no "objektive Krittären" gemaach ginn. Zum Beispill, wann ee Chauffer oder eng Persoun sech "opfalend behëlt", heescht et an enger schrëftlecher Äntwert. Et géif net der Virgoensweis vun der Police entspriechen, Persoune just opgrond vun hirem Ausgesinn ze kontrolléieren. Leit, déi sech diskriminéiert géife fillen, kéinten dat bei der Generalinspektioun vun der Police mellen, déi dat dann ënner d'Lupp hëlt, esou nach den Hiweis.

D'Sandrine Gashonga nuancéiert, datt marginaliséiert Leit sech net onbedéngt traue fir Feelverhale vun der Police ze mellen. "Racial Profiling" wier en Deel vum strukturelle Rassismus an am Eenzelfall net einfach nozeweisen. De Problem iwwer deen zënter dem Mord um George Floyd weltwäit diskutéiert gëtt, géif och zu Lëtzebuerg existéieren:

"On ne peut pas dire qu'il n'y a pas de problème. En plus l'étude de la FRA montre bien qu'il faut creuser. J'espère que ce n'est qu'un début. Qu'il y aura plus d'études plus spécifiquement sur le Luxembourg."