Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Radikal Moossname fir méi bezuelbare Wunnraum

Logement

Radikal Moossname fir méi bezuelbare Wunnraum

An de Chamber-Debatten zur Lag vum Land huet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry seng Proposen em de Logementsproblem präziséiert. Säin Zil ass et, fir d’Vitesse an d’Intensitéit vun deene gesetzleche Moossnamen eropzesetzen, also méi radikal Moossnamen anzeféieren, fir esou méi bezuelbar Wunnengen ze schafen. Esouwuel d'DP wéi Déi Gréng weise sech awer net averstane mat där Iwwerleeung.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Pixel B

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry ass der Meenung, datt déi fräiwëlleg Léisungen net méi duerginn, fir u Bauland ze kommen. A punkto Loyers-Brems misst ee sech d'Fro stellen, ob déi aktuell jäerlech Limite vu fënnef Prozent vum Invest net ze héich wier. Weider misst och d’Fro vun den héije Kautioune gekläert ginn. An der leschter Instanz misst och iwwert d'Expropriatioun nogeduecht ginn, sou den Alex Bodry. Iwwert d'Enteegnung kéint een nämlech Terraine mobiliséieren, déi am Bauperimeter leien.

Wat d’Virkafsrecht ugeet wieren de Staat an d'Gemengen den Ament nach un de Präis gebonnen, deen de Vendeur hinne géing proposéieren. Wann dës Präisser awer spekulativ wieren, géifen si indirekt zu der Präis-Spiral um Wunnengsmaart bäidroen. Dowéinst ass d'LSAP der Meenung, datt ee misst op de Wee goen, sou wéi en a Frankräich schonn existéiert, fir de Präis vun engem Geriicht oder enger neutraler Autoritéit schätzen ze loossen. Dee Moment wier een aus all Spekulatioun eraus a géif just nach de reelle Wäert vum Terrain bezuelen.

Dem LSAP-Fraktiounschef no, misst och de "Pacte Logement" méi dynamesch gestalt ginn, mat enger konkreter Kooperatioun tëscht dem Staat an de Gemengen, fir Projeten ze realiséieren. Déi aktuell Regierung hätt villes am Logement gemaach, mee d'LSAP wéilt méi wäit goen. Dat wier och en Haaptthema am Wahlprogramm, sot nach den Alex Bodry.

"Eegentums-Recht ass keen absolut Recht"

D'Proprietéitsrecht ass an der Verfassung fest verankert, an do wollt d’LSAP eng aner Formuléierung wéi déi di elo festgehale gouf. Do proposéiert den Alex Bodry d'Formulatioun "Eegentum verflicht", esou wéi dat an der däitscher Verfassung géing stoen. "Fir kloer ze maachen, datt dat zwar en Eegentums-Recht ass, mee keen absolut Recht, wat iwwert dem allgemengen Interessi steet." Fir esou een Text wier awer keng Majoritéit ze kréie gewiescht.

Effektiv reagéieren d'DP an Déi Gréng op dës Aussoe kritesch: Op d'Méiglechkeet vu verstäerkten Enteegnungen ugeschwat, seet de gréngen Député-Maire Roberto Traversini, datt ee lues a lues de Wee dofir misst fräi maachen. Esou eng Moossnahm sollt awer net déi éischt Etappe sinn.

Méi däitlech reagéiert d'Demokratesch Partei. Dem Deputéierten a President vun der Chamber-Logementskommissioun Max Hahn no, wier d'Proprietéitsrecht e ganz wichtegt Recht, dat misst geschützt ginn. Mat der DP géif et ganz sécher keng Erweiderung vum Enteegnungs-Recht ginn.

Expropriatioun als allerlescht Mëttel

De Max Hahn féiert d'Beispill op, vun Elteren, déi en Terrain kafen an deen halen, fir e spéider hire Kanner ze vermaachen, fir dorop ze bauen. "Lo géing deenen den Terrain ewech geholl ginn, fir datt duerno awer en Haus oder en Appartement op deem Terrain gebaut gëtt."

D'Expropriatioun dierft nëmmen dann agesat ginn, wann et guer net méi anescht géing goen, a wann et och am allgemengen Interessi léich, spréch beim Bau vun enger Schoul oder engem Spidol.

Fir bezuelbare Wunnraum z'erreechen, misst et awer eng Diskussioun ouni Tabu ginn, esou nach de Roberto Traversini. D'Thema Wunnengsbau-Politik dierft déi nächst Wahlkämpf dominéieren, confirméiert de Max Hahn. Am Virfeld vu Wahle wier ee Virstouss, wéi dee vum Alex Bodry, deemno näischt Aussergewéinleches.