Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ radio 100,7: Marc Gerges gëtt Direkter

Nominatioun

radio 100,7: Marc Gerges gëtt Direkter

De Marc Gerges gëtt neien Direkter vum radio 100,7. Dat huet de Laurent Loschetter, President vum Verwaltungsrot, de Mëtteg dem Personal vun dësem Radio matgedeelt.

auto_stories

1 min

Den 51 Joer ale Marc Gerges ass den Ament nach Marketingdirekter vum LuxairGroup. Seng Carrière huet hien als Journalist ugefaangen. Hie war véier Joer laang Journalist an der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land an zwee Joer laang Vize-Chefredakter vun der franséischsproocheger Dageszeitung Le Quotidien.

De Marc Gerges fänkt den éischte Juli a senger neier Funktioun un. Hien iwwerhëlt d'Plaz déi fräi ginn ass, well de fréieren Direkter Enn September 2018 demissionéiert hat. De Jean-Paul Hoffmann hat géigeniwwer RTL gesot, hien hätt net méi d'Vertraue vu sengem eenzegen Aktionär, dem Staat, gehat.

D'Decisioun fir de Marc Gerges ze rekrutéieren ass virgëscht am Verwaltungsrot vum radio 100,7 gefall. Zwee Membere vum Verwaltungsrot, de Laurent Loschetter an d'Tania Brugnoni, hunn dem Verwaltungsrot eng Selektioun vun dräi Kandidate proposéiert. Dee "Comité de sélection" gouf vum Headhunter Matthias Gerstlauer begleet.

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Medium zu Lëtzebuerg.


Den offizielle Communiqué vum Verwaltungsrot vum radio 100,7:

Liesen