Fräie Mikro Radio als Service public

Wéi kann een e Radio verstoen, deen als Service public funktionéiere soll? Oder anescht gefrot: wat ass den Ënnerscheed tëschent engem privaten, kommerziellen Radio, an engem ëffentlech-rechtlechen Radio? Hei treffen, och am Kader vun enger Demokratie, verschidde Siichten openeen, déi, wann ee genee hikuckt, net onbedéngt esou kompatibel sinn, wéi et munchmol duergestallt gëtt, mengt den Thierry Simonelli, Psychanalyst an Auteur.

Thierry Simonelli, Psychanalyste an Auteur / cbi

Meenung Thierry Simonelli

Et ginn am Moment Diskussiounen doriwwer - e puer dovu glécklecherweis och ëffentlech - wéi en ëffentlech-rechtleche Radio hei zu Lëtzebuerg funktionéiere sollt. Wat kann e Radio als Service public eigentlech duerstellen?

Esou formuléiert erschéngt d'Fro am Verhältnes zur Virstellung vum Service public an domat indirekt am Verhältnes zum Verständnis vun der Funktioun vum Staat an enger Demokratie.

Et si politesch Begrëffer

Et handelt sech bei esou Begrëffer wéi Service public, Demokratie a Staat, an éischter Instanz ëm politesch Begrëffer. Dat heescht, hei geet et, an éischter Instanz, net einfach ëm richteg a falsch, oder ëm etabléiert soziologesch oder juristesch Fakten.

Wat e Service public ass, oder ze sinn huet, dat soll an enger Demokratie, aus enger fräier an ëffentlecher Deliberatioun ervirgoen, wou verschidde géigesätzlech an esou guer polariséiert Virstellungen openeentreffen.

En ekonomesche Service public ...

Fir et kuerz ze faasse kéint een zwee verschidde Begrëffer vum Service public ënnerscheeden: en ekonomeschen an e politeschen.

Aus der ekonomescher Siicht vum Service public sollen d'Bierger trotz den dacks massiven Ongläichheete fäeg sinn, iwwer e funktionelle Minimum vu Bildung, Gesondheet oder Infrastruktur ze verfügen. Si sollen och zu engem reglementéierte Präis, Accès op verschidde Servicer hu wéi Stroum, Waasser, Transport, asw.

Dëse funktionelle Minimum gëtt bestëmmt vun deem, wat et brauch, eng national Wirtschaft an hirem Wuesstum um Lafen ze halen.

... an e politesche Service public

Aus enger politescher Siicht, par konter, sollen d'Bierger vun enger Demokratie net nëmme Grondfräiheeten a Grondrechter, an och net nëmmen Accès op e funktionelle Minimum hunn. Si sollen och nach Zougang zu deenen intellektuellen, informationellen a kulturelle Mëttelen an Inhalter hunn, déi et hinnen erlabe mat informéiertem kriteschen Denken um demokrateschen Aushandele vum allgemenge Wëllen an un der Resolutioun vun den demokratesche Konflikter deel ze huelen.

Mat deenen zwee Begrëffer vum Service public treffen zwou Konzeptioune vun der Demokratie openeen: eng, déi sech op de Prinzip vum Maart a senger fräier wirtschaftlecher Konkurrenz baséiert, an eng, déi vu politesche Virstellungen iwwer e fräit gesellschaftlecht Zesummeliewen ausgeet.

De Service public zu Lëtzebuerg

D'Repercussioune vun dësem Ënnerscheed gesäit ee gutt an eiser Diskussioun iwwer den ëffentlech-rechtleche Radio: Konkurrenzdenken a Marketing-Methoden op der enger Säit, ëffentlechen Déngscht mat Informatiouns-, Bildungs- a Kulturmissioun op där anerer.

Selbstverständlech gëtt dës politesch Missioun ëmmer erëm liicht als Mëttel fir d'Maartlogik instrumentaliséiert. Stéchwuert Kulturindustrie. Wat dat éischt heescht, Konkurrenz a Wuesstum, schéngt jiddwereen hei direkt ze verstoen. Et ass déi eenzeg Alternativ vun der neoliberaler Ideologie.

Wat Informatioun, Bildung a Kultur heesche kënnen, iwwer Aschaltquoten eraus, schéngt an dëser Diskussioun iwwer Pretext-Formelen eraus, weder iwwerzeegend, nach gewollt.

An den Nopeschlänner huet sech de Radio, als Service public am politesche Sënn, op véier Genrë spezialiséiert: nieft der Informatioun op den Documentaire (méi oder wéineger komplex, direkt Developpementer iwwer spezifesch Theemen), d'Kreatioun (originell an hybrid Formater, personaliséiert Entretienen, Diskussiounen) an d'Fiktioun (Hörspiller, literaresch Feuilletonen).

Esou kann en ëffentlech-rechtleche Radio ausgesinn, deen ouni Konsum- an Unterhaltungsideologie, an ouni wirtschaftlech Konkurrenzlogik, eng demokratesch Missioun erfëllt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Thierry Simonelli
Lauschteren

Méi zum Thema

RER-Pressehëllef-Mike Koedinger, Josée hansen, Jean-Lou Siweck
Geschriwwe Press zu Lëtzebuerg

Pressevertrieder begréissen d'Pläng fir déi nei staatlech Pressehëllef. Haaptsächlech Onlineredaktiounen, Maison Moderne a L'essentiel wäerten an enger éischter Phas dovu profitéieren.

Xavier Bettel
Press

Den Debat an der Chamber iwwer de Service public soll am éischten Trimester stattfannen, huet de Xavier Bettel ugekënnegt. D'Deputéiert sollen hir Positioun duerleeën, éier e Gesetzestext proposéiert gëtt.

Véronique Faber
Nei Presidentin vum Verwaltungsrot

Déi nei Presidentin vum Verwaltungsrot vum radio 100,7 fënnt net, datt de Radio mat RTL fusionéiere sollt. E bicephale Conseil, wéi de Xavier Bettel dat virgeschloen huet, wier keng ideal Léisung.

Gebai vum radio 100,7
European Broadcasting Union

De momentane System vun der Gouvernance an der Finanzéierung vum radio 100,7 wier net am Aklang mat den internationale best practice Standarden. Dat schreift d'EBU an engem Bréif un de Xavier Bettel.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen