Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Eddie Chacon - Holy Hell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Raphaël Kies: Bei de grousse Froen d'Leit mat abezéien

Klimabiergerrot

Raphaël Kies: Bei de grousse Froen d'Leit mat abezéien

D'Conclusioune vum Biergerrot géife keng politesch Entscheedungen ersetzen, si wieren awer eng komplementär Stëmm, mengt de Raphaël Kies. Déi géif grad ewéi déi vun den Experten oder vun der Zivilgesellschaft am Decisiounsprozess zur Kenntnis geholl ginn, sou de Politolog am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

​De Politolog vun der Uni Lëtzebuerg wäert d'Aarbecht vun deem Grupp vun 100 Leit vum Biergerrot, déi representativ fir eis Gesellschaft sinn, wëssenschaftlech begleeden. Virun allem d'Element vun der Biergerbedeelegung interesséiert hien.

Demokratesch Legitimatioun

Et kéint ee feststellen, datt d'Demokratie sech moderniséiert an ëmmer méi Regierungen erkennen, datt et nët méi duergeet gewielt ze sinn, fir eng Legitimatioun ze hunn.

Bei de grousse Froe vun der Zäit misst een d'Leit an d'Decisioune mat abezéien, ouni hinnen awer falsch Hoffnungen ze maachen. Dofir sollt de Prozess transparent sinn an et sollt een éierlech mat de Bierger sinn, esou de Politolog.

De Raphaël Kies interesséiert sech dofir, wéi dee participative Modell bei der breeder Ëffentlechkeet ukënnt.

Dofir wäert e Sondage bei 3.000 Leit gemaach gi fir ënner anerem erauszefannen, wéi vill Vertrauen d'Bierger an de Biergerrot hunn, ob se e kompetent fanne fir esou Froen ze debattéieren, ob de Biergerrot eng Legitimitéit huet fir d'politesch Decisioun ze beaflossen an ob et erwënscht ass, méi dacks esou ee Biergerrot an d'Liewen ze ruffen. An och fir ze kucken, ob d'Recommandatioune vum Biergerrot vun der breeder Ëffentlechkeet gedeelt ginn.

D'Bierger beim Klimaschutz mat abannen

E Samschdeg kënnt de Klima-Biergerrot eng éischte Kéier zesummen, e soll seng Aarbechte bis de Summer ofschléissen.

De Premier Xavier Bettel hat zejoert am État de la Nation ugekënnegt, esou e Instrument vu Biergerbedeelegung wëllen anzesetzen, fir gewuer ze gi wat d'Leit iwwer Klimaschutz denken a wéi eng Mesurë si géife proposéieren.

Aus méi wéi 1.000 Kandidature sinn 100 Leit erausgesicht ginn: si sollen e Spigelbild vun eiser Gesellschaft duerstellen.


Notiz: de Raphaël Kies ass Member vum Verwaltungsrot vum radio 100,7.