Radioen

On air

Notturno  |  Slumbergaze - Conclave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider géint de Rassismus an der Schoul virgoen

Fräie Mikro

Weider géint de Rassismus an der Schoul virgoen

De leschte Méindeg war an der Chambre des Salariés d'Konferenz "La place de l'éducation et de la culture dans la lutte contre le racisme" am Kader vun der Serie "Nous et les autres", déi vum LISER, dem CEFIS an dem Familljen- an Integratiounsministère organiséiert gouf. An deem Kader huet d'Antónia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé a Member vun der Mënscherechtskommissioun, sech e puer Gedanken zum Rassismus an der Schoul gemaach.

auto_stories

4 min

D'Antónia Ganeto ass Spriecherin vu Finkapé a Member vun der Mënscherechtskommissioun.

Lauschterenplay_arrow


Méi wéi all sechste Schüler erlieft Rassismus wärend senger Schoulzäit laut der Studie iwwer Rassismus an ethno-racial Diskriminatioun zu Lëtzebuerg. Dëst war net dat eenzegt schockéierend Resultat, dat de Sylvain Besch vum CEFIS presentéiert huet.

Beleidegungen an Aggressiounen

D'Chancenongläichheet opgrond vun der Familljesprooche vun de Kanner, hire sozialen Originnen, an ob si oder hir Elteren zu Lëtzebuerg agewandert sinn, si längstens bekannt. Do dernieft kënnt et awer laut der Studie reegelméisseg zu rassistesche Virfäll an de Schoulen, deels bewosst, wéi virun allem Beleidegungen an aner Aggressiounen, deels onbewosst doduerch, datt een anescht behandelt oder ausgeschloss gëtt opgrond vum Ausgesinn, der Relioun oder der Hierkonft.

Dëst Verhalen duerchzitt eise Bildungssystem op allen Niveauen a fënnt tëschent Schüler statt, tëschent Elteren an dem Léierpersonal oder tëschent Schüler an hiren Enseignanten.

Ee ganz groussen Impakt hunn, laut dem Här Besch, déi sougenannte Biais Cognitifs, déi dozou bäidroen, datt mir schonn ee virgefestegt Bild vu Gruppe vu Leit hunn, sief et positiv oder negativ. Dës Biller kënnen oft onbewosst eist Verhale géigeniwwer deene Leit steieren an dozou féieren, datt déi Leit tatsächlech sou ginn. A munche Fäll féieren se och zu Aggressioune géint déi Gruppe vu Leit.

Firwat net méi driwwer geschwat gëtt

Wann de Rassismus dëser Studie no sou present ass, firwat gëtt dann net méi doriwwer geschwat? Dem Här Besch no ginn et do méi Grënn. Fir d'éischt sinn Auteur an Affer sech net net onbedéngt bewosst, oder et gëtt den Affer net zougestan, datt et sech ëm Rassismus handelt, andeems hiert Erliewen ëmgedeit gëtt. Déi meeschten Affer traue sech net et ze mellen, well se fäerten, net eescht geholl ze ginn. D'Strategie vum "Schweigen" ass déi, déi am meeschte benotzt gëtt. Doriwwer eraus wëssen och vill Leit net, u wie si sech an deem Fall solle wenden.

Opgrond vun dëser Vilfalt vun Erausfuerderunge mussen och d'Äntwerte vilfälteg sinn. De Rapport vun der Studie weist eng Rei Recommandatiounen op, op déi ech elo net all wäert agoen. Dorënner si Formatioune fir d'Léierpersonal, déi laut Mataarbechter vum Educatiounsministère schonn ugeduecht sinn, Sensibiliséierungsaarbecht an de Schoulen, an eng Revisioun vum Schoulmaterial, am Sënn vun enger méi gerechter Duerstellung vun der Gesellschaft.

D'Schüler brauche vertrauensvoll Virbiller

Verschidden Initiativen, wéi de Projet Visible vun Ally Book Club a Finkapé, an Zesummenaarbecht mam ikl setze sech scho fir inklusiv Literatur a Bibliothéiken an, wou jidderee sech erëmfënnt. Déi Bicher sinn och schonn op ville Plazen disponibel, sief beim Saladany zu Esch, an der Bibliothéik vum CITIM a Cid Fraen a Gender oder an ëmmer méi Bibliothéiken a Bichergeschäfter. Déi Bicher ginn et. Lo gëllt et ze kucken, datt déi Diversitéit och an de Schoulbicher zur Geltung kënnt.

Ee wichtege Punkt, dee mir um Häerz läit, ass datt d'Diversitéit vun der Gesellschaft och am Personal an de Schoulen op allen Niveauen erëmzefannen ass. D'Schülerinnen a Schüler brauche Virbiller, an am Fall vu rassisteschen Aggressioune Leit, deenen si vertrauen a wou si d'Gefill hunn, si géife se verstoen.

Et bleift also genuch ze maachen, mee ech sinn optimistesch, datt mir weiderkommen, mat all den Initiativen, déi et scho ginn. Et ass lo just wichteg, datt mir net noloossen, fir de Momentum oprechtzeerhalen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.