Radioen

On air

Tockcity  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rassismus-kritesch denke léieren

Fräie Mikro

Rassismus-kritesch denke léieren

Den 28. Januar haten d'ASTM - Action Solidarité Tiers-Monde - an de Service à l'Egalité des Chances vun der Gemeng Diddeleng op eng Konferenz mat der Autorin, Antirassismus-Trainerin an Aktivistin Tupoka Ogette zum Theema rassismus-kritesch Denke-léieren invitéiert. D'Antónia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé a Member vun der Mënscherechtskommissioun, huet sech mat dësem Theema befaasst.

auto_stories

4 min

D'Antónia Ganeto ass Spriecherin vu Finkapé a Member vun der Mënscherechtskommissioun. Foto: Archiv.

Iwwer 80 Leit haten entweder online oder an der Diddelenger Gemeng zesummefonnt, fir der renomméierter Autorin Tupoka Ogette nozelauschteren. Déi studéiert Afrikanistin a Wirtschaftswëssenschaftlerin huet mat "exit racism" e Buch erausginn, wat ureegt, fir iwwer déi eege Rassismen ze reflektéieren.

Si weist dorop hin, datt rassistesch Strukturen déif an eisem Denke verankert sinn, wourun déi Betraffen, virun allem Kanner a Jugendlecher, och nach haut an och bei eis leiden. Si benennt dat, wat ech a vill anerer e Liewe laang gefillt hunn, a gëtt eis domat d'Moyene fir aus der Ohnmacht erauszetrieden.

Virurteeler gi wäit zeréck

Wéi déif déi Rassismen a Virurteeler och bei mir sëtzen, ass mir erëm bei engem Virfall wärend dëser Konferenz bewosst ginn. Well ech déi grouss Éier hat als Moderatorin duerch den Owend ze féieren, stoung ech virun de Leit, wou ech jiddweree gutt gesinn hunn.

Dann ass mir en Här mat schwaarzer Hautfaarf opgefall, dee keen Iwwersetzungskopfhörer unhat. "Hoffentlech versteet deen Här alles", hat ech mir nach geduecht, éier hie kuerz drop a perfektem Däitsch mat der Riednerin geschwat huet.

Elo si vläicht vill Leit der Meenung, datt dat jo net sou schlëmm ass, an et jo och effektiv sou wier, datt vill schwaarz Matbiergerinnen a Matbierger keen Däitsch verstinn. Et weist awer, wéi déif verschidde Virstellunge sëtzen.

A versetzt Iech mol an d'Roll vun enger Persoun, wou d'Leit all Dag erëm op en Neits iwwerrascht sinn, datt si Lëtzebuergesch schwätzt. Wéi soll déi Persoun d'Gefill kréien, dozou ze gehéieren?

Dës Virstellunge bezéie sech jo net nëmmen op d'Sprooch: vill Duerstellungen aus der Zäit vun der Sklaverei an der Kolonialzäit sinn och elo nach present, sief et an de Reklammen, Filmer, Witzer oder am alldeegleche Sproochgebrauch. A genau do läit de Problem.

Rassismus geschitt dacks onbewosst

Onbewosst ënnerstëtze mir eng Hierarchie, déi Leit mat enger schwaarzer Hautfaarf diskriminéiert. Et wëllt keen als Rassistin oder als Rassist bezeechent ginn, an ech gleewen de Leit och, datt si jiddweree wëlle gläich behandelen.

D'Tupoka Ogette, an ech ginn hir do Recht, behaapt awer, datt rassistescht Verhalen a ville Fäll onbewosst ass. Sief et andeems een enger schwaarzer Persoun net gleeft, datt si vun hei ass, a freet wou si wierklech hierkënnt, oder iwwerrascht ass, wann eng Directrice oder en Akademiker schwaarz sinn.

Dëst si Beispiller vun engem Bild vun de Mënschen aus Afrika, a schwaarze Persounen insgesamt, déi aus der Zäit vum Kolonialismus stamen. Et ass ee Bild, wat d'Kolonialhäre vu fréier, déi meeschtens wäiss a männlech waren, gezeechent hunn, fir Muechtstrukturen ze schafen an ze erhalen.

Dës Biller sinn nach present, a gleeft mir, a vill Betraffener kënnen e Liddchen dovu sangen. Et ass awer kee schéint Lidd! Eréischt dës Lescht huet ee 7èmes-Schüler mir erkläert, datt Afrika virun der Entdeckung duerch d'Europäer vun Hongersnout a Krankheet gezeechent war, an d'Europäer hinnen d'Zivilisatioun bruecht hunn an se, niewelaanscht, versklaavt hunn. Ech war schockéiert.

Virurteeler mussen ëffentlech diskutéiert ginn

Wa mir gär eng Gesellschaft hätten, wou jiddweree sech dozougehéiereg fillt, da mussen déi Virurteeler analyséiert, dekonstruéiert a reflektéiert ginn. Dofir brauche mir op der enger Säit en ëffentlechen Discours iwwer dat d'Thema.

Et ass schéin ze gesinn, datt vill Associatiounen an aner Institutioune sech deem Theema unhuelen, wouduerch et och vun engem anere Standpunkt beliicht gëtt, sief et d'Konferenz mat der Madamm Tupoka Ogette vun der ASTM an der Gemeng Diddeleng, d'Ausstellung vu Markiewicz a Piron am Casino - Forum d'art contemporain, den dekolonialen Tour vu "Richtung22" a "Lëtz Rise Up", oder och d'Ausstellung am Musée national d'histoire et d'art, déi am Fréijoer hir Dieren opmécht, fir der nëmmen e puer ze nennen.

Doriwwer eraus musse mir awer och an de Schoulen iwwer Theeme wéi déi Lëtzebuerger Kolonialgeschicht kënne schwätzen an och eis Geschicht an eist Zesummeliewe kënne rassismuskritesch beliichten.

Dofir brauche mir mir net nëmme Personal, dat doranner forméiert ass, mee mir mussen och adaptéiert pedagogescht Material ausschaffen, fir dës Theme kënnen ze behandelen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.