Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Fleurs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Re-Oxy: Traitement vun Häerzpatienten

Foire Arab Health zu Dubai

Re-Oxy: Traitement vun Häerzpatienten

D'Foire Arab Health zu Dubai ass eng vun deene gréisste weltwäit am Beräich Medezin a Gesondheet. Am Kader vun der Wirtschaftsmissioun an d'arabesch Emirater stoung och dës Foire um Programm, wou och Lëtzebuerger Entreprisen hir Produiten a medezinesch Apparater ausgestallt hunn. Dorënner AI Mediq mat hirer Maschinn, fir iwwer d'Sauerstoffversuergung d'Konditioun vun Häerz- a Schlagpatienten, mee och Leeschtungssportler ze trainéieren. D'Michèle Sinner huet de Re-Oxy getest.

auto_stories

3 min

Fir d'éischt gëtt et eng Klamer op de Fanger. Déi moosst, wéi den Alexey Platonenko seet, 16 verschidde Parameter, dorënner d'Sauerstoffversuergung am Blutt, de Bols an den Tonus vun de Gefäässer.

"Lo muss de d'Mask undoen. Huel e puermol déif Loft, fir datt Maschinn däi Longevolume erkennt. A lo geet de Sauerstoff erof."

Siwe Minutten dauert den Test, fir ze kucke wéi d'Häerz reagéiert, wann d'Otemloft dënn gëtt, wéi op 6.000 Meter Héicht. Bei trainéierte Leit geet de Bols an d'Luucht. D'Häerz pompelt fir d'Sauerstoffsättegung am Blutt héich ze halen. Spéitstens wa se op 80 Prozent fält, kënnt sauerstoffräich Loft aus der Mask, vergläichbar mat de Konditiounen um doudege Mier ënner dem Mieresspigel. Da rechent se en individuellen Trainingsprogramm aus, e Wiessel tëschent wéineg a vill Sauerstoff, deen d'Häerz vu kranke Leit kann trainéieren an nees méi staark maachen, ouni datt si sech kierperlech mussen verausgaben.

Obwuel d'Recherche fir de Re-Oxy zu Lëtzebuerg gemaach gouf, gëtt en do nach net fir den Traitement vun Häerzpatienten agesat, erkläert den Alexey Platonenko. Den Ament géif en a Privatklinicken agesat ginn, well et an Europa net rembourséiert gëtt. Si benotzen et, fir d'Erhuelung vum Häerz no Infarkter.

Commerce an Inspiratioun

An den nächste Méint soll awer am Centre hospitalier an der Stad eng Studie mam Re-Oxy ulafen. D'Firma AI Mediq ass eng vun de Lëtzebuerger Entreprisen um Lëtzebuerger Gemeinsachftsstand op der Foire Arab Health. Si verdreift hiren Apparat net direkt, mee iwwer Distributeuren, kënnt also éischter mat, fir sech am Lëtzebuerger Secteur ze integréieren. Mee, sou de Alexey Platonenko, et kéint och eng Méiglechkeet si fir nei Distributeuren ze fannen. "Dat dauert am Noen Osten, si loosse sech Zäit a kucke sech de Projet e puer Joer un. Dëst Joer kommen der vill bei mech zeréck, déi ech schonn a de Virjore getraff hunn."

Et sinn awer net just Lëtzebuerger Privatfirmen op der Arab Health, déi hir Produite wëllen an den Noen Osten an Asie verkafen. Och de Santésministère ass vertruede fir sech Solutiounen fir d'Digitaliséierung unzekucken, seet den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit. Donnéeë missten tëschent de Spideeler an dem Extra-Hospitalier verbonne ginn an de Patient och Zougrëff kréien. D'Date missten och kënnen analyséiert ginn, fir Conclusiounen iwwer d'Santé publique en Vue vun der Gesondheetspolitik ze zéien.

Den Evolutiounen an der Digitaliséierung Rechnung droen

Et géif och haaptsächlech drëms goe fir ze kucken, wat d'Konkurrenz géif maachen a fir nei Denkustéiss ze kréien. "Ech erwaarde mer elo net, datt mer hei de wonnerbare Produit kréien, dee mer soss ni fonnt hätten. Mee et ass eben déi Interaktioun mat de Leit, mat de Produzente kënnen ze schwätzen a mat den Utilisateuren kënnen ze schwätzen, déi wichteg ass." Och Spidolsdirektere waren op der Arab Health. Dorënner de Verwaltungsdirekter vum CHL Jean-Paul Freichel.

Mir sinn amgaang e grousse Projet de Construction virzebereeden. Mir plangen den Neibau vum Batiment Centre. Dat gëtt e 460 Bett-Spidol, e 500-Milliounen-Projet. An do ass et eis wichteg, datt mer och an der Planung deenen neisten Evolutiounen an der Technologie an der Digitaliséierung Rechnung droen.

D'Vertrieder vum CHL sinn op Dubai komm fir sech unzekucken, wat fir eng Léisungen et fir den elektronesche Patientendossier gëtt.