Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eischt Reaktiounen aus der Chamber zu den OpenLux-Revelatiounen

#OpenLux

Eischt Reaktiounen aus der Chamber zu den OpenLux-Revelatiounen

D'Deputéiert kruten de Moien Explikatioune vun der Justizministerin an dem Finanzminister zu den OpenLux-Revelatiounen. Allgemeng ginn d'Recherchë vun den internationale Medien éischter positiv wouergeholl.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

De Regëster mat den effektive Beneficiairë wier hei am Land méi transparent ewéi a villen aneren EU-Länner, seet déi gréng Fraktiouns-Cheffin Josée Lorsché. Esou kéinte Journalisten an d'Zivilgesellschaft eng Kontrollfunktioun ausüben, wat och esou erwënscht wier.

Effektiv wieren an den "Open-Lux"-Recherchen op d'mannst eng Dosen Nimm vu Persoune mat engem dubiéisen Hannergrond opgedaucht. Hei misst kontrolléiert ginn, ob hir Aktivitéiten hei am Land legitim wieren.

D'Reaktioun vun der Josée Lorschéplay_arrow

D'Kontrollmechanisme missten hei am Land awer nach verschäerft ginn, fënnt déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Wann Informatiounen iwwer effektiv Beneficiaire vu Firme falsch wieren, oder dubiéis Persounen hei am Land Geschäfter maachen, da misst garantéiert sinn, datt déi néideg Iwwerpréiwunge gemaach ginn.

Europäesch Zesummenaarbecht

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar bedauert, datt déi international Press just de Lëtzebuerger Regëster ënner d'Lupp geholl huet - dobäi hätte vill aner EU-Länner hir Hausaufgaben nach net gemaach, respektiv si géife manner transparent virgoen. Den Oppositiounspolitiker hält d'Approche, déi Lëtzebuerg gewielt huet, fir richteg.

De Sven Clement vun der Piratepartei gesäit dat och esou a wëllt méi wäit goen: et bräicht een en automatiséierten a fräien Zougang zu alle Regëstere vun ekonomesche Beneficiairen an der ganzer EU. Sou ee Regëster géif et net an allen EU-Länner ginn, an dat wier och net gewollt.

D'Reaktioun vum Sven Clementplay_arrow

Den Deputéierte vun der Piratepartei ass der Meenung, datt nëmmen duerch eng grenziwwerschreidend Analys e Gesamtbild vun der Optimisation fiscale kéint gezeechent ginn. Dat wier e Problem a ganz Europa, deen dozou féiert, datt op ville Plazen d'Loyeren net méi ze bezuele wieren an datt d'Staatskeese "méi eidel sinn, wéi se et misste sinn".