Radioen

On air

De Moien  |  Invité:e vum Dag

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reaktiounen aus Lëtzebuerg op den Doud vun der brittescher Kinnigin

Queen Elizabeth II

Reaktiounen aus Lëtzebuerg op den Doud vun der brittescher Kinnigin

No der Nouvelle vun der Queen hirem Doud hunn dausende Leit sech virum Buckingham Palace zu London versammelt. Vill vun hinnen hu Blumme néiergeluecht a Käerzen ugefaangen. Och vu Lëtzebuerg koume vill Reaktiounen.

auto_stories

3 min

Den Haff huet sech gëschter Owend op Twitter ergraff an traureg gewisen. D'Kinnigin Elizabeth II wier och ëmmer staark un d'Frëndschaft tëschent Lëtzebuerg an dem Vereente Kinnekräich gebonne gewiescht.

De Premier Xavier Bettel schreift op Twitter, d'Queen Elizabeth II hätt hiert Land wärend siwe Joerzéngten duerch vill schwéier Momenter geféiert:

Den Ausseminister Jean Asselborn sot op eis Nofro hin, d'Queen hätt d'Vereenegt Kinnekräich zesummegehalen, duerch déi vill politesch a sozial Changementer an deene 70 Joer wou si um Troun war.

Si hätt hiert Land staark gepräägt, och a méi turbulenten Zäiten. Dobäi hätt si sech ëmmer aus politeschen Diskussiounen erausgehalen:

"Ech ka mer nëmme virstellen datt si fir d'Britten een Unhaltspunkt war, soss wier si net zanter 1952 um Troun bliwwen. Ech mengen och datt vill Britten houfreg op si waren an datt vill Britte sech mat hir identifizéiert hunn, onofhängeg vun hirer sozialer Hierkonft."

Eng Fra, déi hir Aufgabe ganz eescht geholl huet

Dat sot de fréiere Lëtzebuerger Staatsminister Jean-Claude Juncker, deen hir eng Rei Kéiere perséinlech begéint ass. Eemol an der Woch hätt si hir Premierministesch oder hire Premierminister gesinn, et wiere Gespréicher hannert zouenen Diere gewiescht, esou de Jean-Claude Juncker.

Hien wéisst awer och, datt d'Queen ëmmer ganz am Bild gewiescht wier, iwwer wat an hirem Land an an der Welt lass war: "Vill englesch Politiker hu mir gesot et wier hinne wichteg gewiescht mat hir ze schwätzen, well si do konnte soe wat si wollten."

Op d'Queen eng Europäerin war, hätt hien ni getest, esou de Jean-Claude Juncker:

" [...] näischt gëtt et an hirer Vita wat drop schléisse géif loossen, datt si keng oder eng wotlech Europäerin war. Mee vu datt et déi ganz Brexit-Diskussiounen déi lescht Jore gouf, huet een evitéiert mat der Kinnigin doriwwer ze schwätzen."

"Et geet eng Ära op een Enn"

Dëst war d'Reaktioun vum fréiere Chamber-Generalsekretär an Adelsexpert Pierre Dillenburg op d'Noriicht vum Doud vun der brittescher Kinnigin.

Elo géif déi ganz Welt ëm si traueren, well et wier eng Persoun déi dat ganz lescht Joerhonnert markéiert hätt:

" [...] well si éischtens mol ganz jonk op den Troun koum, a konnt 70 Joer ee Rekord briechen, si war méi laang wéi d'Queen Viktoria um Troun. Ech hu si selwer kënnen zweemol begéinen a mat hir schwätzen, an et war eng Fra déi ech immens bewonnert hunn, sou ee Fiels an der Brandung."