Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bonny Light Horseman - I Know You Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Realismus a Pragmatismus"

Steierpolitik

"Realismus a Pragmatismus"

Anescht wéi vum DP-Finanzminister Pierre Gramegna annoncéiert, ginn d'Stock Options bis op Weideres net reforméiert an och net iwwer Gesetz geregelt. Elo ass just eng liicht méi héich Besteierung vun de Stock Options geplangt. D'Fraktiounsccheffe vun de Majoritéitsparteien positionéiere sech ënnerschiddlech zu dësem Revirement. Dobäi ass d'Steiermesure mat engem Käschtepunkt vu bis zu 180 Milliounen Euro d'Joer keng Niewesächlechkeet.

auto_stories

5 min

Pierre Gramegna

24. Juni 2017, de Finanzminister Pierre Gramegna annoncéiert um radio 100,7, datt "bannent e puer Wochen" eng Reform vun de sougenannte Stock Options presentéiert gëtt. D'Mesure, déi 2002 iwwert eng Circulaire vun der Steierverwaltung agefouert gouf, erlaabt et Spëtzeverdénger fir sech een Deel vum Revenu a Form vun Optiounen op Aktien ausbezuelen ze loossen. Dorobber gi si mat engem effektive Steiertaux vun ëm déi 12 Prozent - amplaz vun de bis zu 42 Prozent, déi bei engem normale Salaire gëllen.

Revirement vum Finanzminister

Ursprénglecht Zil war et fir Talenter unzezéien an iwwer Participatiounen un den eegene Betrib ze bannen - dorobber sollt een nees zréck kommen, esou de Pierre Gramegna am Juni. Dofir hätt hie sech fir Mesuren engagéiert, déi Abuse solle verhënneren. "Dës Regierung steet fir Transprenz", a géif d'Stock Options iwwer ee Gesetz reegelen.

Pierre Gramegnaplay_arrow

Den 11. Oktober an der Budgetsried kléngt dat ganz anescht, d'Stock Options gi vum Pierre Gramegna just kuerz erwähnt.

"Den Taux geet also vun haut ronn 13 Prozent op 21 Prozent an d'Luucht. De System gëtt also méi kohärent a méi gerecht."

Wéi koum et zu dësem Revirement? Et wéilt een fir d'éischt nach weider Chiffere sammelen, éier een eppes um aktuelle System ännert, heescht et am Finanzministère. Ob déi am Juni annoncéiert Reform nach kënnt oder net, wëllt een net kommentéieren.

UEL plädéiert fir "Planungssécherheet"

Interessant sinn an deem Kontext d'Revelatioune vum Lëtzebuerger Land vum 20. Oktober. An engem Bréif un de Finanzminister huet den UEL-President Enn September derfir plaidéiert, de Regime méiglechst attraktiv ze halen an net onbedéngt iwwer Gesetz ze regelen. Am Bréif, aus deem d'Land zitéiert, schreift de Michel Wurth, datt de legislative Prozess kéint derzou féieren, datt verschidde Saachen a Fro gestallt ginn:

"Nous estimons que les aménagements proposés ne doivent pas nécessairement faire l'objet d'un projet de loi. Un débat législatif exige du temps et provoque maintes remises en question alors que les acteurs économiques demandent à être rassurés."

D'UEL wier vum Minister fir een Avis gefrot ginn, erkläert de President vum Patronatsdaachverband op Nofro hin. Verschidden Entreprisen hätten der UEL gesot, datt si ganz Domainen an d'Ausland kéinte verlageren, wann dee Regime géif ofgeschaaft ginn. Lëtzebuerg wier dann net méi kompetitiv, sou de Michel Wurth. "An deem Kontext plädéiere mir dofir, datt mir eng Planungssécherheet hunn."

Erstaune bei déi gréng

Op d'mannst bei engem Koalitiounspartner ass d'Erstaunen iwwert de Revirement vum DP-Finanzminister grouss. Déi gréng Fraktiounscheffin wëllt sech zum Bréif vum Michel Wurth net äusseren. An enger parlamentarescher Fro wëllt d'Viviane Loschetter vum Pierre Gramegna gewuer ginn, firwat nach kee Gesetzprojet zur Reform virläit. Si schéngt nämlech net novollzéien ze kënnen, firwat de Minister weider Analyse wëllt maachen.

"Mir hätte gär elo d'Resultater vun deem, wat bal iwwer zwee Joer nogekuckt ginn ass." Hir Partei wier der Meenung, datt de System à Terme misst ofgeschaaft ginn, seet d'Vivianne Loschetter. "A wann net, da muss en zumindest reforméiert ginn. Dat kann nëmmen iwwert e Gesetz goen."

"Séier eppes maachen"

Op méi Versteesdemech stéisst de Finanzminister bei senger Partei, der DP. De liberale Fraktiounschef Eugène Berger seet, et kéint ee méi séier eng éischt Upassung vun de Stock Options maachen, andeems een elo keng grondleeënd Reform via Gesetz virhëlt. D'Koalitiounspartner wiere sech eens. Jidderee wéilt de Projet de Loi. Aus "Realismus a Pragmatismus" hätt ee séier fir 2018 "eppes wéilte maachen", dofir d'Circulaire.

An der Verfassung heescht et, datt Steierprivileegie mussen iwwer Gesetz geregelt ginn. De Finanzminister selwer sot am Juni, datt eng Circulaire dowéinst net duer geet. Den DP-Fraktiounschef wëllt sech op dësem Punkt awer net festleeën. Hie géif dervun ausgoen, datt d'Circulaire konform zur Verfassung ass. Ee Gesetzprojet wier wënschenswäert, mee ee konkreten Zäitplang wëllt den Eugène Berger net fuerderen. "Am Laf vum nächste Joer, eventuell virum Summer", seet hien. Awer hie wéilt sech net festleeën, well hien net am Ministère déi Texter géif schreiwen.

D'Sozialiste "sinn net zu 100 Prozent zefridde mat deem, wat elo an enger éischter Phas gemaach gëtt", seet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. D'Stock Options missten nees méi geziilt fir d'Unzéie vun Talenter an d'Banne vum Personal un den eegene Betrib solle genotzt ginn. Och wann de Finanzminister den aktuelle Regime fir d'Stock Options am Kader vum Brexit als Standuertvirdeel bezeechent.

An dëser Fro sollt een nees e Stéck Steiergerechtegkeet hierstellen, déi verluer gaangen ass, seet den Alex Bodry. Op d'Remark, datt et wéineg bréngt, de Spëtzesteiersaz erop ze setzen, wann déi héich Paie souwisou anzwousch anescht higinn, äntwert hien "ganz richteg", a laacht.

Mee och den Alex Bodry wëllt sech net festleeën, ob eng Circulaire verfassungsrechtlech duer geet. Als Jurist hätt hie léiwer, d'Stock Options géifen iwwer Gesetz geregelt ginn. "Mee wann dat elo méi schnell geet an ouni Komplikatiounen (...) direkt, da sollt een dat eventuell iwwert d'Circulaire weider maachen."

Kritik vun der CSV

Déi gréissten Oppositiounspartei kritiséiert d'Demarche vun der Regierung. Effektiv ass d'Circulaire vun der CSV agefouert an 2012 an hirer Applikatioun erweidert ginn, esou de Fraktiounschef Claude Wiseler. Et wier ee mëttlerweil awer zur Conclusioun koum, datt ee Gesetz néideg ass, dat doriwwer eraus och nees méi restriktiv applizéiert gëtt.

D'Erhéijung vum Taux géif de Problem net léisen, seet de Claude Wiseler. "Mir mengen, datt de Finanzminister dat, wat hie virun enger Rei Méint gesot huet, och sollt an d'Realitéit ëmsetzen."

An zum UEL-President Michel Wurth sengen Aussoen iwwer d'Risike vum legislative Prozess, seet de Claude Wiseler, et wier een an enger Matière, wou eng legal Basis soll gemaach ginn. Et wier eng Normalitéit, datt Diskussiounen op der Place publique doriwwer misste gefouert ginn. "Ech kann also déi Meenung net deelen."


Déi integral Interviewen, déi fir dësen Dossier gefouert goufen:

Alex Bodryplay_arrow

Viviane Loschetterplay_arrow

Eugène Bergerplay_arrow

Claude Wiselerplay_arrow

Michel Wurthplay_arrow