Chamberwahlen 2018 Realitéitsängscht am Lëtzebuerger Wahlkampf

A sengem Fräie Mikro setzt sech den Denis Scuto mat der hypokritescher Wuesstumsdebatt an dësem Walkampf auserneen a fuerdert d'Politik op, der Realitéit an d'Aen ze kucken an d'Zukunft wierklech hëllefe virzebereeden.

Denis Scuto / cz

Meenung Denis Scuto
Denis Scuto

Am Mäerz hat ech mäi Fräie Mikro domat ofgeschloss, andeems ech iech sot, datt all déi Politiker, egal vu wat fir engem politesche Bord, déi iech warne virum 1-Millioun-Awunnerstaat a soen, si géifen nei Weeër siche fir en ze verhënneren, géife léien. Eng Partei wéi den ADR benotzt d'Wuesstumsdebatt fir souguer an hirem Wahlprogramm Bedroungsszeenarien tëschent Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger eropzebeschwieren. Ech zitéieren: "Wa muer 700.000 Awunner am Land wunnen, mir iwwermuer zu méi wéi enger Millioun sinn, da stellen d'Lëtzebuerger nach knapps en Drëttel oder e Véierel vun der Bevëlkerung duer."

All d'Parteien hu sech där Debatt ugeschloss a schreiwen dofir an hire Wahlprogrammer se wéilten de Wuesstum bändegen, well se d'Land iwwer alles gären hunn. An ech hu Recht behalen: Si léien. Wéi de Romain Hilgert et am Lëtzebuerger Land formuléiert huet, mécht kee Programm - also och net den ADR, an deem sengem Programm dat Wuert "onmoossege Wuesstum" net manner wéi sechs Mol virkënnt - kee Programm mécht Virschléi, wéi de Wirtschaftswuesstum gebremst soll ginn. Am Géigendeel, seet de Romain Hilgert: Parteien iwwerbidde sech mat Steiersenkunge fir Betriiber, Investitiounen an d'Infrastrukturen, Erhéijung vun der Kafkraaft an Usiidlung vun neie Wirtschaftszweiger, alles Mesuren, déi de Wuesstum acceléréieren.

"Och mat Null-Wuesstum wiisst d'Populatioun"

J'hallucine, géif e Kolleeg vu mir soen. Dës Wuesstumsdebatt an domat dëse Wahlkampf si surrealistesch well, wéi déi lescht Prognose vum Statec weisen, datt Lëtzebuerg souguer bei engem Nullwuesstum, also bei engem Wirtschaftswuesstum vun null Prozent, am Joer 2060 eng Millioun Awunner huet. Bei engem méi héije Wuesstum erreecht Lëtzebuerg déi Awunnerzuel tëschent 2050 an 2060. Wann ech déi lescht zéng Joer als Moossstaf huelen, wou d'Lëtzebuerger Bevëlkerung ëm 120.000 Persoune gewuess ass, mat engem niddrege Wirtschaftswuesstum an der Moyenne vun den éischte fënnef Joer no der Finanzkris vun 2008 an engem héije Wuesstum zanter 2013, an dat héichrechnen, da si mir am Joer 2028 zu 720.000, am Joer 2038 zu 840.000 an ëm d'Joer 2050 zu enger Millioun.

Wa mir guer kee Wuesstum hätten, wat ech a kengem Wahlprogramm als Fuerderung oder Wonsch fonnt hunn, huet Lëtzebuerg zéng Joer méi spéit, 2060, eng Millioun Awunner, d. h. souvill wéi am Moment eis Noperen aus dem Saarland, en Territoire deen 80 km2 méi kleng ass wéi d'Groussherzogtum.

Elo eng éierlech Debatt féieren

Also, dir Dammen an Häre Politiker: Och wann der eis an dësem Wahlkampf mat enger hypokritescher Wuesstumsdebatt begléckt, well der mengt, esou hätt der méi Chance gewielt ze ginn, hu mir iech awer gär an, wéi dir, och dëst Land, an deem mir gebuer sinn oder grouss gi sinn oder dat iergendwann eise Port d'attache gouf. Mee w. e. g. komm mir kucken zesumme vun elo un der Realitéit an d'A. An dat sinn z. B. am Joer 2030 zu Lëtzebuerg méi wéi 700.000 Awunner (an am Dag mat de Frontalieren ëm eng Millioun).

Maacht eis keng Angscht, haalt op Sënnebéck ze siche fir Bedrohungen, déi der erfannt. Lëtzebuerg ass e Land, och dank der Aktioun vu Politiker a Politikerinnen, déi hir Verantwortung iwwerholl hunn, dat villes ze bidden huet. An dat wat et ze bidden huet dréit dozou bäi, Mënsche mat ganz verschidden Originnen a Parcoursen zesummenzebréngen an un engem gemeinsame Projet Lëtzebuerg weiderschaffen ze doen. Ech denken natierlech un de Wuelstand, deen een och anescht wéi nëmme materiell ka moossen, mee och un e staarke Sozialstaat, deen an Zäiten, wou d'Prekaritéit zouhëlt nach ausbaufäeg ass, mee och un demokratesch Institutiounen, un d'Finanzplaz am Häerz vun der Ekonomie, un d'Méisproochegkeet, een eenzegaartegen Atout, natierlech komplex mat an der Mëtt der Lëtzebuerger Sprooch, un d'ëffentlech Schoul, u Lëtzebuerg als Migratiounsland, eng Success-Story, op déi een houfreg si kann an déi verbënnt.

A maacht iech selwer keng Angscht, dir Dammen an Häre Politiker, well déi ass, wéi mir wëssen, e schlechte Beroder. Méi wéi 700.000 Awunner am Joer 2030 sinn net fir ze fäerten. Si sinn de Kader, an deem geplangt a gestalt muss ginn. Si sinn d'Virgab un deene sech d'Léisungsvirschléi an all deene Beräicher, déi an de Wahlprogrammer ernimmt gi sinn, musse moossen, mee déi ouni dee Kader oder mat der Negatioun vun der Realitéit an der Loft hänken: Wunnengsbau, Mobilitéit, Nohaltegkeet, Landesplanung, Wirtschaftlech Entwécklung, Besteierung, sozial Ofsécherung, Erzéiung, politesch Participatioun asw.

Dir a mir, mir hunn zwar nach kee Plang, mee mir hunn d'Ressourcen zu Lëtzebuerg fir engagéiert an zesummen an Zukunft drun ze schaffen an esou ze weisen, datt mir d'Land a seng Leit gär hunn.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Denis Scuto
Lauschteren

Méi zum Thema

Pia Oppel Analys
Chamberwahlen 2018

Trotz der Wuesstumsskepsis vu ville Parteie wëllt keng vun hinnen op de Wuesstum verzichten. D'Polemik schéngt ee Symptom dofir ze sinn, datt an anere Beräicher Iddie feelen. Ee Kommentar vum Pia Oppel.

Réckbléck op déi véiert Wahlkampfwoch Analys
Chamberwahlen 2018

Wéi ass déi virlescht Wahlkampfwoch verlaf? Wat fir eng Dynamik kann een esou kuerz virun de Chamberwahlen observéieren. D'Pia Oppel aus der Noriichteredaktioun mat enger Analys.

Réckbléck op déi zweet Wahlkampfwoch
Chamberwahlen 2018

Wéi verleeft de Wahlkampf? Wéi si verschidden Entwécklungen ze interpretéieren. Wat waren d'Themen? Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert déi zweet Woch vum Wahlkampf.

Anne-Heniqui Meenung
Chamberwahlen 2018

D'Thema Wuesstum ass am Wahlkampf just e Virwand fir Populisten, déi d'Thema opgräifen an doraus eng verkappte friemefeindlech Debatt féieren. Dat seet d'Anne Heniqui am Fräie Mikro.

Jean-Claude Franck Analys
Chamberwahlen 2018

Wéi verleeft de Wahlkampf? Wéi si verschidden Entwécklungen ze interpretéieren, wat waren d'Themen? Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert déi éischt Woch vum Wahlkampf.

Pia Oppel Kommentar
Chamberwahlen 2018

Rekordtemperaturen op quasi alle Kontinenter, Bëschbränn um Polarkrees weisen, wéi konkret den Impakt vum Klimawandel ass. D'Urgence spigelt sech awer an de Wahlprogrammer net erëm, bedauert d'Pia Oppel.

Francis Schartz a Frank Vansteenkiste
Landesplanung

100.000 Awunner méi bannent siwe Joer, nei Aarbechtsplazen, d'Wunnengsnout, Stauen an den Drock op d'Natur sinn d'Konsequenze vum Wuesstem. Kann een esou eng rasant Entwécklung iwwerhaapt steieren?

Jughurt Fabrick
Wirtschaft

Enn 2018 soll d'Jughurtsfabrik Fage op Lëtzebuerg kommen. En Deel vun der Regierung an d'Gemenge si skeptesch. Passt d'Firma an déi effizient Strategie, déi d'Regierung sech selwer wëllt ginn?

François Bausch
Wuesstem

Lëtzebuerg geet am Verkéierschaos ënner. Fir d'Period 2023-2033 annoncéiert de François Bausch eng nei Mobilitéitsstrategie: De MODU 2.0. D'Land bräicht en anere Wuesstemsmodell.

François Bausch Riicht Eraus
Riicht eraus

De François Bausch fuerdert d'Bierger op, fir sech un den Diskussiounen iwwert d'Landesplanung ze bedeelegen. Een neie Landesentwécklungsprogramm soll an den nächsten zwee Joer ausgeschafft ginn.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen