Rebellioun zu Schraasseg "Substantielle Schued" am Prisong
Nodeems et de Mëttwoch den Owend am Prisong zu Schraasseg zu enger Rebellioun koum, wieren déi Responsabel elo an Eenzelhaft gesat ginn. Dat schreift de Justizministère an engem Communiqué.

Et wier zu substantiellem Materialschued komm, mee kee blesséiert ginn. Der Police no hate 25 Prisonéier am Prisong randaléiert. Wéi de Justizministère schreift, géif et keen direkten Zesummenhang tëschent der Rebellioun an de Moossnamen ronderëm d'Corona-Pandemie. Visitten an Fräizäitaktivitéite waren an deem Kontext gestrach ginn.