Recensement Ronn 200 Sans-abrien an der Stad

Enn Oktober d'lescht Joer goufen an der Stad eng 200 Persounen ouni Daach iwwer dem Kapp gezielt. Dovunner ronn 170 Männer. Dat ass d'Resultat vun engem éischte Recensement, deen d'Associatioun Inter-Actions am Optrag vum Familljeministère gemaach huet. Dobäi goufen an all de Quartieren tëschent fënnef Auer Nomëttes a Mëtternuecht Sans-abrie gezielt a befrot. Déi meescht wieren zu Bouneweg, op der Gare an an der Uewerstad gezielt ginn.

Morgane Weidig / jod

Sans Abri
197 Sans-abrie goufen an der Stad gezielt. (Foto: Unsplash)

Lauschteren


Den éischte Recensement gouf de 26. Oktober gemaach: Bal 200 Leit goufen deen Dag an der Stad Lëtzebuerg gezielt, déi op der Strooss oder an Noutinfrastrukture liewen oder hospitaliséiert waren.

Dialog mat de Sozialaarbechter

D'Virginie Giarmana vun der A.S.B.L. Inter-Action erkläert, datt déi grouss Majoritéit vun de Persounen déi gezielt goufe, Männer waren. Den Duerchschnëttsalter louch bei 42 Joer.

Déi meescht Persoune waren och bereet, mat de Sozialaarbechter ze schwätzen. Ënner anerem konnt een esou erausfannen, firwat d'Leit kee fest Doheem hunn, seet d'Virginie Giarmana.

"Il y a environ 34 pourcents des personnes qui sont arrivées au Luxembourg sans logement. Et puis viennent les problèmes financiers, les séparations familiales, les expulsions du domicile, qui peuvent être à la fois des déguerpissements ou des mises à l'écart suite à des violences familiales."

Och a Gemenge soll dësen Exercice gemaach ginn

D'Familljeministesch Corinne Cahen präziséiert, datt d'Zuele vum leschten Oktober just eng Momentopnam sinn. Fir dëst Joer sinn dofir zwou weider Zielunge geplangt: Eng am Mee an eng am Dezember fir d'Wanteraktioun, erkläert d'Stephanie Goerens vum Familljeministère.

"Et ass d'Iddi, de Recensement auszebauen. Mat Inter-Action zesummen ze kucken, wat fir eng Léieren zéie mir hei raus? Wéi baue mir et aus? Wat fir eng Froe baue mir vläicht nach mat an? Huele mir méi Kategorien?"

Nodeems deen Exercice e puer Mol gemaach ginn ass hätt ee fiabel Chifferen. Sou kéint een dann och Conclusiounen doraus zéien, seet d'Stéphanie Goerens.

Bis elo gouf just d'Stad erfaasst. D'Corinne Cahen seet awer, datt een och an anere Gemengen e Recensement fir Leit ouni fest Doheem wéilt maachen. D'nächst Joer wier och eng europäesch Initiative virgesinn, fir Leit ouni Doheem ze zielen.

Méi zum Thema

Stad Lëtzebuerg
Etüd iwwer den Non-Recours

Mam Problem, datt Leit sozial Hëllefen net ufroen, obwuel se eigentlech eligibel sinn, beschäftegt sech aktuell de Statec. Mee d'Ausschaffe vun der Etüd stellt de Statec och virun Erausfuerderungen.

Wanteraktioun
Dräieck Asbl

An der Wanteraktioun um Findel goufen an de leschte sechs Wochen eng 5.900 Iwwernuechtungen a 15.000 Moolzechte gezielt. Mat 250 Better ginn et genuch Capacitéiten: an der Moyenne sinn eng 160 beluecht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen