Et géif ee léiwer cibléiert Hëllefe plangen, wéi déi Präisreduzéierung vu 7,5 Cent op de Liter bäizebehalen, soen d'Majoritéitsparteien an der Chamber. Och de Sven Clement vun der Piratepartei ass där selwechter Meenung:
"Déi 7,5 Cent op der Pompel, genau sou wéi déi 30 Cent an Däitschland [...] ass warscheinlech eng vun den dommsten Entscheedungen, déi d'Politik jee eng Kéier konnt huelen, well déi Sue si quasi an d'Täsch vun deene gefloss, déi et net gebraucht hunn."
CSV: Spritpräisser kéinten net méi kompetitiv sinn
Den CSV-Deputéierte Gilles Roth insistéiert awer fir eng Verlängerung vun där Moossnam bis Enn September. Wann awer näischt gemaach gëtt fir d'Spritpräisser ze reduzéieren, wieren déi am Verglach mat den Nopeschlänner net méi kompetitiv.
Sollten d'Spritpräisser am Juli a virun allem am August iwwer deene vun Däitschland an deemno wéi och vun der Belsch leien, da géif den Abroch vum Tanktourismus iwwer 100 Milliounen Euro bedeiten, mengt den CSV-Deputéierten.
Preparatioun op de Wanter
De Gilles Roth huet a senger Interventioun an der Chamber drop opmierksam gemaach, datt Leit a méi rurale Géigenden op hiren Auto ugewise ginn.
An der Chamber huet den Energieminister Claude Turmes nach eng Kéier ënnerstrach, wéi wichteg et wier, Gas an Energie ze spueren, dëst fir d'Reserve fir den nächste Wanter kënnen ze fëllen.