De reduzéierten TVA-Taux op Photovoltaik-Anlagen, dee vun der Regierung analyséiert gëtt, géif fréistens op den 1. Januar 2023 kommen.
Patronat begréisst Mesure
Dat hunn de Claude Turmes an d'Yuriko Backes an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro confirméiert. Ob wéi vill den Taux soll erofgoen, gëtt net gesot.
Den Taux géif an deem Fall net retroaktiv applizéiert ginn, well dat mat ze vill administrativem Opwand verbonne wier. Déi Gréng haten am Juli annoncéiert, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun sech eens gi wier, fir d'TVA op Photovoltaik-Anlage vu 17 op 3 Prozent erofzesetzen.
De Marc Thein, de President vun der Fédération du Génie Technique, begréisst datt d'Regierung d'Photovoltaik wëllt weiderdreiwen.
Veronsécherung bei Clienten
De President vun der Fédération du Génie Technique bestätegt awer och, datt den neie reduzéierten Taux bei de Clientë fir Veronsécherung suergt.
Verschidde Clientë géifen den Ament zécken a sech froen, ob se net léiwer sollte bis dat nächst Joer waarden, fir dann eventuell vum reduzéierten TVA-Taux ze profitéieren.
De Marc Thein seet, hie kéint d'Versonsécherung vun de Leit verstoen a fënnt, datt d'Situatioun elo sollt gekläert ginn.
Situatioun soll gekläert ginn fir datt Leit wëssen, wou si dru sinn
Wourop d'Leit missten oppassen, esou de President vun der Fédération du Génie Technique, wier "de Calcul, wat dat bréngt ob se elo schonn d'Anlag installéieren, oder dann eréischt am Januar a Betrib huelen":
"Ech mengen d'Consommatioun am Elektresche - wann ee se selwer verbraucht - ass awer och ganz intressant. Et sollt een do awer Récksprooch huele mat de Betriber wou ee seng Commande placéiert huet."
Wie wéilt bis Januar ofwaarden, dierft och net vergiessen datt duerch déi aktuell Präishaussen d'Anlagen an den nächste Méint bestëmmt net méi bëlleg ginn, esou nach Aschätzunge vum President vun der Fédération du Génie Technique.