Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rees-Aschränkunge fir Lëtzebuerger

Corona-Pandemie

Rees-Aschränkunge fir Lëtzebuerger

Wéinst der héijer Zuel un Neiinfektiounen gëlle verschidden Aschränkunge fir Lëtzebuerger, wann een an d'Ausland reese wëllt. Wéi eng Restriktioune ginn et momentan? Eng Iwwersiicht.

auto_stories

7 min

Déi verschidde Länner, wou Lëtzebuerger dacks hireesen, hunn ënnerschiddlech Konditiounen opgestallt. (Lescht Aktualiséierung 4. August, 14:00)

Australien

  • Et muss een am Virfeld eng Ausnam ufroen, fir iwwerhaapt an d'Land reesen ze dierfen
  • Persounen, déi aus Lëtzebuerg areesen, musse fir zwou Wochen a Quarantän
  • Weider Informatiounen

Belsch

  • Reesen aus oder an d'Belsch si prinzipiell erlaabt
  • En obligatoresche PCR-Test an eng Quarantän vu 14 Deeg ass obligatoresch, wann een aus enger rouder Zon areest
  • Vum 1. August un: All Persoun, déi aus dem Ausland kënnt oder méi wéi 48 Stonnen an der Belsch bleiwe wëllt, muss e Formular ausfëllen
  • Weider Informatiounen

Bulgarien

  • Fir Persounen, déi aus Lëtzebuerg areesen, gëlle keng Beschränkungen

Däitschland

  • Reesen an Däitschland si prinzipiell erlaabt
  • Persounen, déi aus Lëtzebuerg areesen, brauchen en negative Corona-Test, deen net méi wéi 48 Stonnen al dierf sinn
  • Et muss ee sech bei de lokalen Autoritéite mellen
  • Wann ee Land an de leschte siwen Deeg méi wéi 50 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner hat, gi Reeswarnungen ausginn. Dat ass momentan fir Lëtzebuerg de Fall
  • Weider Informatiounen

Dänemark

  • Lëtzebuerg steet am Moment op enger schwaarzer Lëscht, sou datt Persounen aus Lëtzebuerg net areesen dierfen. D'Lëschte ginn all Donneschdeg aktualiséiert
  • Weider Informatiounen

Éisträich

  • Lëtzebuerg ass op der Lëscht vun de Länner, déi ouni Aschränkungen dierfen areesen
  • Weider Informatiounen

Estland

  • Persounen, déi aus Lëtzebuerg areesen, musse fir 14 Deeg a Quarantän. Dat, well et zu Lëtzebuerg an de leschte 14 Deeg pro 100.000 Awunner méi wéi 16 Neiinfektioune gouf
  • Weider Informatiounen

Finnland

  • Persounen, déi aus Lëtzebuerg areesen, gi kontrolléiert an et gëtt eng Quaranän vu 14 Deeg recommandéiert
  • Weider Informatiounen

Frankräich

Griichenland

  • Persounen aus dem Schengenraum dierfen areesen, mussen awer zanter dem 1. Juli e Formulaire ausfëllen
  • Weider Informatiounen

Groussbritannien

Holland

Irland

  • Persounen, déi aus Lëtzebuerg areesen, mussen ee Formulaire ausfëllen, a fir 14 Deeg hir Beweegungen aschränken.
  • Weider Informatiounen

Island

  • All Land, ausser d'Färoer Inselen, Grönland, Dänemark, Finnland, Norwegen an Däitschland gëllen als Risikogebidder. Persounen aus all aner Land, déi méi wéi zéng Deeg an Island bleiwe wëllen, mussen zweemol op de Coronavirus getest ginn, ee mol direkt no der Arrivée an ee mol no 4-6 Deeg. D'Tester muss ee selwer bezuelen
  • Weider Informatiounen

Italien

  • Fir Persounen déi aus Lëtzebuerg areesen, ginn et momentan keng Areesbeschränkungen
  • Weider Informatiounen

Japan

Kanada

  • Persounen, déi aus Lëtzebuerg areesen, mussen e Formulaire ausfëllen a fir 14 Deeg a Quarantän
  • Weider Informatiounen

Kroatien

Lettland

  • Persounen aus Lëtzebuerg dierfen areesen, mussen awer fir 14 Deeg a Quarantän, well Lëtzebuerg méi wéi 15 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner an de leschte siwen Deeg hat
  • Et muss een och en Dokument ausfëllen

Litauen

  • Persounen aus Lëtzebuerg dierfen areesen, mussen awer fir 14 Deeg a Quarantän, well Lëtzebuerg méi wéi 16 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner an de leschten zwou Wochen hat
  • Weider Informatiounen

Malta

Norwegen

  • Persounen aus Lëtzebuerg dierfen areesen, mussen awer fir zéng Deeg a Quarantän, well Lëtzebuerg méi wéi 16 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner iwwer de leschten zwou Wochen hat
  • Weider Informatiounen

Polen

Portugal

Rumänien

Schwäiz

Schweden

  • Persounen aus Lëtzebuerg dierfen ouni Aschränkungen areesen.

Slowenien

Spuenien

  • Fir Persounen, déi aus Lëtzebuerg areesen, ginn et de Moment keng Areesbeschränkungen
  • Touristen, déi mam Fliger oder per Schëff areesen, kréien d'Temperatur gemooss. Dës muss ënner 37,5 Grad Celsius leien
  • All Tourist muss am Virfeld e Formulaire ausfëllen a kritt dann e QR-Code, deen e bei senger Arees muss virweisen
  • Weider Informatiounen

Tschechien

  • Lëtzebuerg steet op enger "low risk list". Persounen aus Lëtzebuerg dierfen also ouni Aschränkungen areesen
  • Weider Informatiounen

Ungarn

  • Lëtzebuerg steet op enger grénger Lëscht, Persounen aus Lëtzebuerg dierfen also ouni Aschränkungen areesen
  • Weider Informatiounen

USA

  • Zanter dem 13. Mäerz gëllt ee generellt Areesverbuet fir Persounen, déi sech bannent de leschte 14 Deeg an engem Schengen-Staat opgehalen hunn
    • Ausname ginn et fir US-Staatsbierger, Persoune mat enger Greencard, no Familljememberen an Diplomaten

Nëtzlech Linken op d'Säite vun den US-Autoritéiten:

travel.state.gov

whitehouse.gov

Zypern


Weider Informatiounen op reopen.europa.eu