Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Matsproocherecht fir d'Zivilgesellschaft

Uni Lëtzebuerg

Méi Matsproocherecht fir d'Zivilgesellschaft

D'Handelskammer proposéiert, datt d'Uni en neit consultatiivt Organ kritt. Dëst Gremium kéint bei Nominatiounen a strategesche Froe een Avis ofginn, esou d'Sylvia Ridlesprige. Am Gesetzprojet iwwer d'Uni-Reform géif et och Klärungsbedarf ginn, wat d'berufflech Weiderbildung ugeet.

auto_stories

2 min

D'Chambre de Commerce bedauert, datt si net consultéiert gouf, fir d'Conceptioun vum geplangten Zentrum fir "Formation Continue" op der Uni Lëtzebuerg. Dësen Zentrum ass am Gesetzprojet iwwer d'Uni-Reform virgesi a soll d'Gestioun iwwerhuelen vun der:

"formation continue et professionelle offerte par l'Université menant au grade de bachelor, et notamment des programmes ayant une vocation professionalisante, de la procédure de validation des acquis de l'expérience".

Genee an dësem Creneau ass awer ënnert anerem d'Chambre de Commerce schonn aktiv, well si deen Optrag per Gesetz huet. 2016 huet si zesumme mat der Chambre des Métiers den "Institut Supérieur de l'Economie" (ISEC) gegrënnt. Hei gi Programmer fir d'Beruffsausbildung an d'berufflech Weiderbildung ugebueden, fir déi een och en Diplom ka kréien. Den ISEC huet och eng entspriechend Accreditatioun vum Héichschoulministère.

Ee "kohärenten Ecosystem"

Wann d'Uni elo hir Offer an deem nämmlechte Beräich wéilt ausbauen, da misst op d'mannst eng Coordinatioun mat den aneren Acteuren assuréiert sinn, sou d'Sylvia Ridlesprige. D'Chambre de Commerce géif gären dozou bäidroen, datt et zu Lëtzebuerg eng kohärent Offer an der berufflecher Aus- a Weiderbildung gëtt: "An dofir ass eis Propos, d'Beruffschamberen d'office an d'Gouvernance vun dem neie Centre anzebauen."

Et wier wichteg sech ofzeschwätzen, fir datt jiddereen "a senge Kärdomäner déi Offer kann ubidden, déi vum Marché gefrot ass". Aus dem Gesetzprojet geet net ervir a wéi enge Beräicher d'Uni an Zukunft Formatioune wéilt ubidden. De Risiko vun Iwwerschneidungen ass der Sylvia Ridlesprige no am Gréisste "bei allem, wat Gestion d'entreprise" ugeet.

Gouvernance kann nach verbessert ginn

D'Chambre de Commerce proposéiert och, datt d'Uni een neit consultatiivt Organ kritt. Vertrieder vun de Beruffschamberen, aneren Institutiounen an aus der Zivilgesellschaft allgemeng kéinte bei Nominatiounen a strategesche Froe een Avis ofginn.

Zum Beispill stellt d'Chambre de Commerce a Fro, datt d'Vertrieder vum Conseil de Gouvernance vun der Regierung genannt ginn. Dat externt Opsiichtsgremium géif mat dëser Reform immens gestäerkt ginn a senge Kompetenzen, wouduerch sech ëmsou méi d'Fro vun der Representativitéit géif stellen.

D'Uni hätt mëttlerweil eng grouss Wichtegkeet fir d'Land. An hiren Optrag wier et och, nieft akademescher Fuerschung a Léier zur sozialer, kultureller an ekonomescher Entwécklung vum Land bäizedroen. Och dowéinst misst een d'Nominatiounsprozedur vum Conseil de Gouvernance "nuancéieren", seet d'Sylvia Ridlesprige:

"Mir mengen, datt een hei och sollt der Communauté universitaire ee Matsproocherecht ginn, an och externen Acteuren aus der Ekonomie an der Zivilgesellschaft."

Sylvia Ridlesprigeplay_arrow