Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ASTI: Reform vu Wahlrecht ass ee Fortschrëtt

Laura Zuccoli

ASTI: Reform vu Wahlrecht ass ee Fortschrëtt

D'Auslännerassociatioun ASTI begréisst déi geplangte Reform vum Walrecht. Eng automatesch Aschreiwung op Wielerlëschte wëllt d'ASTI juristesch iwwerpréiwen. Am Gesetzprojet ass virgesinn datt d'Residenzklausel vu fënnef Joer soll fir all Net-Lëtzebuerger fir d'Gemengewale fale gelooss ginn. A fir ze kandidéiere muss een zu Lëtzebuerg sechs Méint an enger Gemeng ugemellt sinn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Allerdéngs muss ee sech nach ëmmer op eng Wielerlëscht androe loossen. Den Delai dofir gëtt vu 87 op 55 Deeg virun de Wale reduzéiert. Mat där Reform gëtt eng Revendicatioun vun der ASTI, dem CLAE an dem CEFIS ëmgesat. Et wier ee frou datt dat elo mat deem Gesetzprojet géif geschéien, betount d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI.

"Mir sinn elo ganz frou, datt dat elo geschitt ass. Mir sinn nach dat eenzegt d'Land an Europa gewiescht dat nach déi Residenzklausel huet. Sou datt mer frou sinn datt d'Gemengewalen, sou ewéi d'Europawalen sech op de Prinzip baséieren datt et duergeet datt een hei zu Lëtzebuerg Resident ass. Ee Punkt deen een och vergësst ass deen, datt ee mam Walrecht um kommunale Plang och u lokale Referendumen dierf Deel huelen. An där ginn et der an Zukunft ëmmer méi."

A wa Lëtzebuerg dat lescht EU-Memberland ass dat d'Residenzklausel nach huet, esou gouf anescht ewéi an anere Länner d'Walrecht fir Bierger aus Drëttstaaten erlaabt.

Do misste weider Efforte gemaach ginn. D'ASTI plädéiert fir eng automatesch Aschreiwung vun den Netlëtzebuerger op der Wielerlëscht, seet d'Laura Zuccoli Presidentin vun der ASTI.

"Lëtzebuerg huet effektiv de Net-EU-Bierger déi Méiglechkeet gi fir beim aktiven a passive Walrecht matzemaachen. Mamm Ofschafe vun der Residenzklausel maache mer elo keen Ënnerscheed méi tëscht EU-Bierger a Net-EU-Bierger a mir traitéieren all déi Läit d'selwecht. Dat freet eis immens vill. Mir sinn och zefridden dermat datt den Delai fir sech op d'Wielerlëscht anzeschreiwen vu 87 op 55 Deeg virun de Walen erofgaangen ass. Dobäi muss een awer nach bedenken datt d'Läit sech nach mussen annerhallwe Mount virun de Walen aschreiwen. Mir hoffen datt d'Diskussiounen iwwert d'Walkampagne bei de nächste Gemengewalen da schonn ugefaangen hunn", hofft d'Presidentin vun der ASTI."

Androen an d'Wielerlëschte bleift eng Erausfuerderung

D'Aschreiwen op d'Wielerlëschten ass a bleift eng Erausfuerderung, wäert déi Reform vum Walgesetz iwwerhaapt eppes an der Realitéit änneren? D'Laura Zuccoli mengt schonn, datt sech doduerch eppes kann änneren.

"Ganz sécher ass datt d'Leit déi ukommen sech am Ufank mat anere Froe befaassen. Mee relativ séier sinn se driwwer interesséiert, wat an de Gemenge geschitt. Et ass och net nëmme wichteg datt d'Leit net nëmmen ëm hir Meenung gefrot ginn um Niveau vun enger Wal déi all sechs Joer stattfënnt, mee um Niveau vun allgemenge Projeten. D'Bierger Participatioun ass de ganz Kär vun der ganzer Saach. A mir mengen och datt et net duergeet de Läit ze soen, du kanns all sechs Joer stëmmen, et soll een d'Läit an d'Bierger an den Decisiounsprozess mat abezéien. Doduerch kann een d'Läit mat zum Deel erzéien. Wann d'Gemengen des Participatioun ënnerstëtzen, da menge mer datt méi Läit sech aschreiwen. D'autant plus datt mer feststellen datt ganz vill Läit sech aus hirer Vergaangenheet hir sech ganz vill iwwert dat politescht Liewen interesséieren."

ASTI wëllt automatesch Aschreiwung juristesch iwwerpréiwen

An der Vergaangenheet hat d'ASTI sech scho Gedanke gemaach iwwert d'Méiglechkeet, d'Net-Lëtzebuerger automatesch op d'Wielerlëschten anzedroen.

D'Diskussioun ass déi datt an der EU eng automatesch Aschreiwung da méiglech ass, wa keng Walflicht besteet. Hei zu Lëtzebuerg ass de Vott awer obligatoresch. Doduerch gëtt dat um europäeschen Niveau net acceptéiert.

"Mir sinn der Meenung datt een eng Walflicht soll bäibehalen a mir sinn der Meenung datt déi automatesch Aschreiwung soll méiglech sinn. A firwat net de Leit soen, datt een se aschreift an datt se een Delai kréie fir sech ofzemellen. Dat wier eng flott Saach. Doriwwer misste mer juristesch nodenken. Domadder hätte mer dann eng Egalitéit tëscht de Lëtzebuerger an de Net-Lëtzebuerger."