Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vum Loyersgesetz

Logement

Reform vum Loyersgesetz

Ee Locataire klot den Ament viru Geriicht géint säi Proprietär wéinst engem - senger Meenung no - ze héije Loyerspräis. Hannergrond ass déi sougenannt fënnef Prozent Reegel. Parallel dozou wëllt d'Regierung dat entspriechend Loyersgesetz iwwerschaffen, fir d'Entwécklung vun de Loyerspräisser besser ze kontrolléieren. Piste si fir den Ament méi Transparenz am Kontrakt tëschent Locataire a Proprietär an eng Professionaliséierung vun de sougenannte Mietkommissiounen.

auto_stories

4 min

D'Loyersgesetz gesäit vir, datt de Loyer pro Joer vun enger net miwweléierter Wunneng maximal fënnef Prozent vum sougenannte Capital investi dierf sinn. Domat soll eng "iwwerdriwwe" Loyerssteigerung vermidde ginn, sou de grénge Logementsminister Henri Kox.

D'Loyerspräisser wieren awer allgemeng fortgelaf an d'Transparenz wier trotz der Fënnef-Prozent-Reegel am Gesetz net assuréiert. D'Fënnef-Prozent-Reegel géif zwar applizéiert ginn, seet den Henri Kox. An der Praxis géif et senger Meenung no awer e Problem ginn. Ronderëm d'Definitioun vum Capital investi géifen et ënnerschiddlech Interpretatiounen.

De Capital investi misst deemno besser definéiert ginn, wann ee Bien zum Beispill verierft oder sanéiert gëtt. Dat zukünftegt Urteel géif an deem Sënn och viraussiichtlech eng Pist opzeechnen, esou den Henri Kox. An et misst am Loyersgesetz festgehale ginn, wat alles an de Kontrakt gehéiert. Zum Beispill wat de Capital investi ass a wéi en zesummegesat gëtt.

"A wéi gëtt en à fur et à mesure, wa weider Investitioune kommen, mat berécksiichtegt", freet de Minister. "Dat muss kloer sinn, well déi Fënnef-Prozent-Reegel als solch - mengen ech - kéint d'Strooss halen, wat och d'längerfristeg Evolutioun vum Loyer kéint sinn", sou den Henri Kox.

Ëffentlech Wunnengen: "Eng Schëpp drop leeën"

De Minister gëtt awer zou, datt déi Moossnam net géif duergoen, wann den Drock op de Wunnengsmaart esou bleift wéi den Ament. Hie verweist an dëser Fro ënner anerem op d'Mobiliséierung vun ëffentleche Wunnengen. Hie wéilt dëst Joer "eng déck Schëpp dropleeën", fir datt déi Promoteure massiv an d'Locatioun wäerten investéieren.

Bleift d'Offer un ëffentleche Wunnengen dann net wéinst dem Desequiliber am Verglach mat der privater Offer op d'mannst an der noer Zukunft hannendrun?

"Jo, et muss een eng Kéier ufänken. Ech erhoffe mir jo och, datt mir duerch den neie Pacte logement (2.0) eng Mobiliséierung bannen de Gemenge kréien. Mir hunn 102 Wunnengsbau-Gesellschaften, wat 102 Gemenge sinn. A wann all Gemeng géif am Duerchschnëtt 1-3 Wunnenge schafen, dann hätte mir zousätzlech zu deenen 300 Wunnengen, déi d'ëffentlech Hand haut scho mécht, nach eng Kéier 300 Wunnengen duerch d'Gemengen. Da géife mir eng Verdueblung maachen. An et ass duerchaus méiglech, datt och d'Gemengen deen Effort kënne maachen."

Grousst Verbesserungspotential bei de Mietkommissiounen

Fir datt d'Locatairen d'Loyerspräisser besser iwwerpréiwe kéinten, missten och déi sougenannt Mietkommissiounen evaluéiert ginn, esou nach de Logementsminister. Dës existéieren a Gemenge vu méi wéi 6.000 Awunner a kënnen dem Gesetz no consultéiert ginn, wa keng Eenegung bannen engem Mount iwwer eng Hausse oder eng Baisse vum Loyer tëschent Proprietär a Locataire kann erreecht ginn.

A Punkto Mietkommissioune gesäit den Henri Kox eng Rei Problemer, souwuel wat de Fonctionnement ubelaangt, wéi och d'Demande vu Locatairen fir bei d'Mietkommissioun ze goen. Wéi vill där Demanden et bis ewell goufen, konnt de Minister net genee soen. D'Mietkommissioune sollen op all Informatioune kënnen zeréckgräife fir de Loyer ze bestëmmen - dorënner eng Inspektioun vun de Raimlechkeeten. A se sollen an Ausnamefäll och duerch een Expert kënnen assistéiert ginn.

Mietkommissioune méi professionell opstellen

Zesummegesat sinn d'Kommissiounen ënner anerem duerch ee Vetrieder vum Gemengerot, engem Bailleur an engem Locataire aus der Gemeng. De Minister plaidéiert dofir, datt d'Mietkommissioune méi professionell opgestallt solle ginn. Wéi genee dës soll ausgesinn, ass den Ament nach net gewosst. Do géifen Diskussioune lafen, sou de Minister.

"Wa mir Transparenz an der Virgoensweis hunn, wat gerechent gëtt a wat net, da musse mir och herno eng transparent a kloer Reegel hunn, wéi dat kontrolléiert gëtt a wéi déi Mietkommissioune funktionéieren. An dofir brauch ee Leit, déi dat och kënne verstoen an och applizéieren. Da kënnt een net derlaanscht, datt dat Experte ginn. Ob déi eng Formatioun gemaach hunn, vum Beruff aus kommen - dat ass nach am fréie Stadium. Wann ech eng Energieberodung maachen, da muss ech schonn e bëssen eppes vun Energie verstoen. An hei ass et dat selwecht."

Den Henri Kox géif iwwerdeems enger Interessevertriedung vun de Locatairë begréissen.