Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vun der Grondsteier: Wat wäert sech änneren?

Pressekonferenz

Reform vun der Grondsteier: Wat wäert sech änneren?

Et soll ee weideren Hiewel sinn, fir d'Logementspräisser an de Grëff ze kréien. Wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, gëtt Grondsteier reforméiert an iwwer eng weider Tax erhofft ee sech, datt Terrainen a Gebaier, déi eidel stinn, mobiliséiert kënne ginn. Op enger Pressekonferenz, déi haut um Freideg um 11h00 Auer ugefaangen huet, hunn dräi Regierungsvertrieder erkläert, wat elo op d'Proprietäre vun Immobilien zoukënnt.

auto_stories

3 min

Angie: Wie muss an Zukunft méi Grondsteier bezuelen?

Christiane: Dat kann een net pauschal beäntweren, dat kann esouguer d'Regierung net, gouf de Moie gesot - verschidden Donnéeën aus de PAGe vun de Gemenge feelen zum Beispill nach. Mee wat ee ka soen, dat ass wat fir Facteuren eng Roll spille bei der neier Berechnung vun der Grondsteier.

Wichteg dora sinn eng ganz Rei vun Elementer, an zwar d'Surface vum Terrain, de Bau-Potenzial, wéi vill Servicer nobäi sinn, déi geographesch Situatioun a virun allem d'Distanz zur Stad, an dann och nach déi aktuell Präisser vum nationalen Immobiliëmarché.

Doraus kënnt e Basiswäert, deen dann nach mat engem Taux vun der Gemeng verrechent gëtt, deen tëschent 9 an 11 Prozent ass.

Wat dat fir deen Eenzele bedeit kann een awer elo schonn ongeféier nokucken: Grondsteier-rechner.lu heescht den Tool, dee schonn online ass. Do muss een awer, fir genee erauzefanne wat ee muss bezuelen, e puer Detailer zur Hand hunn: zum Beispill a wéi enger Zon vum PAG d'Parzell, iwwer déi ee méi Infoe wëll hunn, da läit.

Gëtt déi nei Grondsteier dann d'selwecht deier egal op ee selwer am Haus oder an der sellwechter Wunneng wunnt oder net?

Nee, do gëtt et kloer en Ënnerscheed, an dat war och sou bekannt. Kloer ass: all Proprietär:in huet een Abattement zegutt, och wann engem een Haus oder en Terrain just zur Hallschent gehéiert. Dat gëllt awer just fir dee Logement, an deem ee selwer dra wunnt.

Grondsätzlech kënnen hei vun der Basisvaleur vun der Grondsteier vu 2.000€ ofgezu ginn, dat wier eng Reduktioun vun 180-220€ netto.

Do ginn et natierlech Nuancen, jee no Situatioun vun de Concernéierten déi elo de Kader hei sprengen, mee mir kommen an den nächste Stonnen an Deeg nach hei op der Antenn drop ze schwätzen.

Wat ass dann de Moie gesot ginn iwwer d'Steier op Immobilien déi eidel stinn, dat ass jo och een Dauerbrenner-Thema. Soll déi da méi substantiell sinn, fir eben d'Spekulanten ze decouragéieren?

Sécher ass, datt déi sougenannt Mobiliséierungssteier progressiv mat de Joren eropgeet an déi éischt Joren net vill ufält: déi éischt fënnef Joer läit d'Steier bei null Euro. No 20 Joer eidelstoe läit se dann awer bei engem Terrain vun 6 AR zu Miersch bei 23.200€. D'Proprietäre bleiwen esou laang eligibel fir déi Steier ze bezuele bis ee Réibau steet - also wichteg mir schwätzen hei iwwer Terrainen. Wann een Terrain verkaaft gëtt, gëtt d'Steier souzesoe verkaaft.

Dann awer kënnt et och hei erëm zu engem Abattement, an zwar fir dat wat ville Proprietaire ganz wichteg ze si schéngt: geplangt ass datt een an Zukunft pro Kand vun ënner 25 Joer eng, wéi de Moie gesot gouf "raisonnabel", Gréisst vun Terrain hale kann ouni dorop besteiert ze ginn. Beim Terrain zu Miersch vun deem mir geschwat hu läit déi Steier da bei 257€ no 20 Joer.

Geplangt ass awer och, eidelstoend Wunnengen an Haiser ze besteieren. Dofir soll all Gebai am Land an engem Regëster identifizéiert ginn. Wann dann ee Logement sechs Méint laang net bewunnt ass, da fält déi Steier un. Och hei geet et progressiv erop vun 3.000€ bis op 7.500€ no siwe Joer eidelstoen op nationalem Niveau. Eleng vun där Steier op eidele Wunnenge versprécht Regierung sech Recette vu 14 Millioune pro Joer, wat drop hindeit wéi vill däers Leerstand et jo da gëtt.