Radioen

On air

Notturno  |  Alice Coltrane - Blue Nile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Regierung bekennt sech zu sozialer Gerechtegkeet"

Wunnengslosegkeet

"Regierung bekennt sech zu sozialer Gerechtegkeet"

Et géif keng Bestandsopnam vun de Sozialwunnengen hei am Land ginn, kritiséiert de President vu Caritas Accueil et Solidarité. De Charel Schmit begréisst, datt am neie Koalitiounsaccord innovativ Projete géint d'Wunnengslosegkeet virgesi sinn an datt sougenannt Transitiounshaiser fir Prisonéier geplangt sinn.

auto_stories

3 min

De Charle Schmit ass Matbegrënner vum Dräikinneksgrupp vun der CSV.

Transitiounshaiser sinn Haiser, wou déi Betraffe bei hirer Integratioun an d'Gesellschaft ënnerstëtzt ginn. Dat wier e wichtege Schratt fir datt d'Prisongsreform een Erfolleg gëtt, esou de Charel Schmit. Vill vun den Obdachlose wiere nämlech virdrun am Prisong gewiescht. Déi Leit hätten hir Strof géigeniwwer der Gesellschaft am Prisong agebéisst, mengt de Charel Schmit. "An et ass net un der Gesellschaft fir am Fong duerch Wunnengsnout se eng zweete Kéier ze bestrofen." Et misst een elo esou Pilotprojeten op d'Been setzen an oppassen, datt déi Projeten net am "Silosdenken" tëscht de Ministère verluer geet.

Fir d'Wunnengslosegkeet hei am Land besser z'erfaasse géif hie sech allerdéngs eng Zort Kartographie wënschen. Esou eng Iddi steet net am Koalitiounsaccord, an dat ass och eppes, wat ee vermësse kéint, seet de Charel Schmit. "Mee tëscht den Zeilen ass genuch Plaz fir dat am Fong nach ëmmer, am Dialog mat deenen eenzele Ministère, op de Wee ze bréngen", seet de President vu Caritas Accueil et Solidarité.

Eng grondsätzlech Reflektioun iwwer d'Vollekspartei

De Charel Schmit ass och Matbegrënner vum Dräikinneksgrupp vun der CSV. Senger Meenung no géif d'Partei riskéieren nach méi laang an der Oppositioun ze bleiwen, wa si sech d'Fro net géif stellen, wéi eng politesch Kraaft d'Land nieft der Dräierkoalitioun nach brauch. Hie plädéiert dofir fir e kompletten Neiufank. Et géif net duergoe just e puer Käpp auszewiesselen.

"Dir kënnt net soen ech ginn an d'zweet Rei an dann awer nach wochelaang dobäi sinn an och nach bestëmmte Positioune weiderhi bekleeden. Ech mengen all déi Leit, déi jorelaang ee ganz éierenhaft Engagement gemaach hunn am Déngscht vun der CSV, musse sech elo alleguer Gedanke maachen, wou ass hir Plaz a wéi kënne si elo hiren Deel dozou bäidroe fir déi Erneierung ze maachen. An do mengen ech, datt et net duergeet, fir mam Rechenschieber duerch d'Land ze goen an ze soe "mir sinn déi Gréisst", a wien huet hei e puer honnert Stëmme méi, wien huet do e puer honnert Stëmme manner. Mee et muss een eng grondsätzlech Reflektioun maachen, iwwer war bedeit dat nach eng Vollekspartei wëllen ze sinn. Dat ass net eng Saach vu Prozentsaz mee dat ass eng Saach vun interner Organisatioun, vun Informatiounsaustausch, vun Notze vun Expertise déi et um Terrain gëtt. An do ass weiderhi ganz vill Potential an der chrëschtlech-sozialer Vollekspartei."

D'CSV hätt am Referendum iwwert d'Auslännerwahlrecht senger Meenung no eng "falsch Approche" gehat. Déi Leit, déi en duebele Pass hunn, wieren do bëssen iwwersi ginn. "Do waren och nach aner Wielergruppen, déi een net méi konnt wierklech uschwätzen. An ech mengen, dat muss een am Fong elo probéieren ze veränneren", seet de Charel Schmit.

D'Grondlag iwwer d'Entscheedung vum Wahlrecht misst d'Reflektioun sinn, wou politesch Legitimitéit hierkënnt a wien zu Lëtzebuerg sollt mat decidéieren. "An da muss ee schonn a Fro stellen, ob een 20.000 Lëtzebuerger - well si Virfahre virun 1900 haten, déi Lëtzebuerger waren - d'Wahlrecht gëtt, déi mat der Lëtzebuerger Realitéit hei um Terrain näischt ze dinn hunn. Oder ob een effektiv d'Wahlrecht entkoppelt vun der Nationalitéit an un d'résidence drunhänkt", esou nach de Charel Schmit.