Radioen

On air

De Weekend  |  Cass Mccombs - Switch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Regierung dréit zur Veraarmung vum ëffentlechen Debat bäi

Etat de la Nation 2019

D'Regierung dréit zur Veraarmung vum ëffentlechen Debat bäi

55 Minutte laang huet se gedauert, d'Deklaratioun zur Lag vun der Natioun gëschter vum Premier Xavier Bettel. De Regierungschef huet et evitéiert fir konkret ze soen, wéi eng Akzenter déi blo-rout-gréng Koalitioun déi nächst zwielef Méint wëllt setzen. Domat gouf eng Geleeënheet verpasst, fir d'Diskussioun iwwer déi wichteg Erausfuerderungen unzestoussen, heescht et an dëser Chronik vum Jean-Claude Franck.

auto_stories

3 min

Zu New York, virun zwou Wochen. Den UNO-Generalsekretär hat d'Staats- a Regierungscheffen invitéiert fir konkret Mesuren ze presentéieren, wéi d'CO2-Emissioune kënne reduzéiert ginn. "This is not a Climate Talk Summit, but a Climate Action Summit", esou den António Gutterres. "Mir sinn eng Minutt virun 12", sot zu New York de Lëtzebuerger Premier.

Zu Lëtzebuerg, gëschter, an der Ried zur Lag vun der Natioun, ass awer nees just geschwat ginn. Floskelen, héchstens déi laangfristeg Ziler goufe genannt. Et ass der Regierung guttzeschreiwen, datt de Kampf géint de Klimawandel als grouss Erausfuerderung identifizéiert gëtt, an datt d'Bierger an d'Parlament gesot kruten, datt elo muss gehandelt ginn. Mee déi blo-rout-gréng Koalitioun huet d'Geleeënheet alt nees verpasst, fir d'ëffentlech Debatt endlech unzekierpen, mat konkreten Diskussiounspunkten, fir virunzekommen. Dofir ass en Etat de la Nation do. Sécherlech net fir präzis Artikelen aus Gesetzesprojeten ze presentéieren, dat ass net erfuerdert. Mee esou eng politesch Deklaratioun ass do fir déi grouss Orientéierunge vun der Regierungspolitik duerzeleeën. A wéi enge Secteure sollen d'CO2-Emissioune reduzéiert ginn? Wéi gedenkt d'Regierung de Sprit an Zukunft ze besteieren? Op wat mussen d'Bierger an Zukunft vläicht verzichten, respektiv wéi eng ëmweltschiedlech Praktike sollen an Zukunft méi besteiert ginn? Wéi kënnt de Lëtzebuerger fort vun de grousse Motoriséierungen an den Autoen? Wéi kann déi rasant Entwécklung vun der Aviatioun zu Lëtzebuerg kompenséiert ginn, ouni datt doduerch en ekonomescht Standbeen ewechfält? Dat wieren nëmmen e puer vun de Froen, op déi d'Regierung scho laang Äntwerte schëlleg ass. An déi se gëschter hätt misse liwweren.

Logement: Keng Pisten a keng Äntwerten

Idem fir de Logement. D'Präisser sinn an 12 Méint am Schnëtt ëm 11,4 Prozent geklommen! Dat ass enorm, an Zäite vun niddereger Inflatioun an nidderegen Zënsen. Wie sech et leeschte kann, verdéngt gutt Geld mat Investitiounen an de Steen. Mee dat huet nefast Auswierkungen op all déi, déi sech et ëmmer manner leeschte kënnen. Och hei ginn et keng Äntwerten. Wann een déi gutt gestallte Proprietäre wëllt weider gutt liewe loossen, da léisst een et sou lafen. Wann een déi Schwaach an der Gesellschaft net wëllt an de Misär dreiwen, da muss een endlech iwwer nei Besteierungen a soss staatlech Steierungsinstrumenter diskutéieren. Mee nee. Déi Diskussioun gëtt einfach net geféiert, och gëschter am Etat de la Nation net.

D'Regierung dréit zur Veraarmung vun der ëffentlecher Debatt bäi

Wat hei fir d'Klimapolitik an d'Logementspolitik gëllt, trëfft ganz generell fir d'Regierung Bettel zou: Se verstoppt sech léiwer, diskutéiert hannert zouenen Diere fir nëmme keng Polemik lasszetrëppelen, se kënnt reegelméisseg am Regierungsrot zesummen, informéiert d'Ëffentlechkeet awer kaum nach iwwer dat, wat grad diskutéiert gëtt, mee verschéckt nom Regierungsrot just nach belanglos Communiquéen. Doduerch geschitt virun allem eppes, wat fir d'Demokratie ufänkt ëmmer méi zu engem Problem ze ginn: E puer Politiker diskutéiere mat e puer Lobbyisten, an an der Ëffentlechkeet gëtt et nëmmen nach wéineg Diskussioun. Et gëtt dacks gesot, déi sozial Reseaue géifen déi ëffentlech Debatt veraarmen. Wann d'Exekutiv ëmmer méi eidel Sonndesrieden hält a sech net méi virum Parlament a virun der Ëffentlechkeet iwwer hir Politik äussert, dréit si och hiren Deel zu där Veraarmung bäi.