Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesetzleche Kader fir d'Verschleierung vum Gesiicht

Verschleierung

Gesetzleche Kader fir d'Verschleierung vum Gesiicht

D'Regierung ass sech eens ginn, fir d'Verschleierung vum Gesiicht gesetzlech ze regelen. Momentan ass d'Vermummen an der Ëffentlechkeet op kommunalem Plang geregelt. De Felix Braz soll elo ee Gesetz presentéieren.

auto_stories

2 min

Revirement an der Regierungskoalitioun: DP, LSAP an Déi Gréng si sech 100,7-Informationen no eens ginn, fir d'Verschleierung vum Gesiicht, zum Beispill duerch d'Droe vun enger Burka an der Ëffentlechkeet, awer gesetzlech ze regelen.

De Justizminister Felix Braz an de Premier Xavier Bettel hate sech an der Vergaangenheet géint e Gesetz ausgeschwat. Viru gutt engem Joer hu si argumentéiert, datt Lëtzebuerg kee Burkasgesetz bräicht. D'Gemengen hätte schonn d'Méiglëchkeet ze verbidden, datt Leit sech an der Ëffentlechkeet vermummen.

Elo heescht et aus Regierungskreesser, eng kommunal Regelung iwwer d''Ganzkierperverschleierung wier juristesch schwiereg ëmzesetzen.Déi legal Basis vun de verschiddene Gemengereglementer wier ze schwaach. Dofir huet d’Koalitioun méi Sourcen no d'lescht Woch op enger interfraktioneller Reunioun decidéiert, datt de Felix Braz deemnächst awer e Gesetz soll presentéieren, fir d'Verschleierung vum Gesiicht op nationalem Plang ze reegelen.

De Premier an de Justizminister hunn dat op Nofro hi weder confirméiert nach dementéiert. D’Regierung géif an den nächsten zwee Méint hir Konklusiounen zéien iwwert den Avis, dee se beim Staatsrot gefrot hat.

Kee Platzverweis

D’Méiglechkeet vum Platzverweis wëll d’Regierungskoalitioun iwwerdeems net aféieren. D’Police soll also net d’Méiglechkeet kréien ze decidéieren, datt bestëmmte Persoune sech op bestëmmte Plazen net méi dierfen ophalen. Den Alex Bodry huet op eis Nofro hi confirméiert, datt d’Koalitioun d’lescht Woch decidéiert huet, kee Platzverweis anzeféieren.

D’DP hat sech viru ronn zwou Wochen an enger Chamberdebatt Bereed gewise fir doriwwer ze diskutéieren, d’LSAP an Déi Gréng sinn dogéint. D’CSV, d’ADR an d’Policegewerkschaft SNPGL hu sech fir d’Méiglechkeet vum Platzverweis ausgeschwat.