Radioen

On air

Tockcity  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Regierung gëtt hiren eegenen Uspréch net gerecht"

Chamberwahlen 2018

"Regierung gëtt hiren eegenen Uspréch net gerecht"

Den Ecart tëscht deem, wat d'Regierung ugekënnegt hätt, an deem, wat erauskoum, wier grouss, seet den Deputéierte Michel Wolter. Den Dossier Kierchefabricken ass fir de Michel Wolter iwwerdeems nach net ofgeschloss. Käerjeng géif de Staat wéinst Expropriatioun verkloen, well se véier vun hire fënnef Kierchen ofgeholl kréich.

auto_stories

3 min

De Michel Wolter ass iwwerzeegt, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun no de Wahle vum 14. Oktober virufiert, wann et arithmetesch méiglech ass. Souguer mat 31 Sëtz. Do wier hie "ganz sécher", seet den CSV-Politiker. De fréiere Minister an haitegen Deputéierten, deen zu de schäerfste Kritiker vun der Dräierkoalitioun gehéiert, werft der aktueller Regierung virun allem vir, datt si hiren eegenen Uspréch net gerecht gëtt. Den Ecart tëscht deem, wat se ugekënnegt hätt, an deem, wat erauskoum, wär grouss, sou de Michel Wolter.

Reding keng Konkurrenz fir Wiseler

Wat seng eege Partei ubelaangt, hält hien de Claude Wiseler fir dee beschtméigleche Spëtzekandidat: "Hien huet e gewësse Grad un Erfarung, eng gewësse Rou, hien ass kompetent a knéit sech an d'Dossieren", sou beschreift de Michel Wolter d'Haapt-Qualitéite vum aktuellen CSV-Fraktiounspresident, deen d'CSV an déi nächst Wahle féiere wäert.

D'Fro, ob d'Viviane Reding am Zentrum oder am Süde kandidéiert, sollt een net iwwerbewäerten: "Si wäert eng Beräicherung fir eis Partei sinn, egal a wéi engem Bezierk si mat an d'Wahle geet", seet de Michel Wolter. Am Fall vun enger Zentrumskandidatur vun der Nach-Europadeputéiert géif hien "awer net dovun ausgoen, datt den CSV-Spëtzekandidat nëmmen deen Zweete bei de Wahle gëtt."

"Kee politeschen Debat méi an der Chamber"

Un der Rumeur, hie wéilt Chamberspresident ginn, wär definitiv näischt drun. An och e Ministerposten am Fall vun engem CSV-Wahlerfolleg wier fir hie keng Mussesaach. Hien hätt nach ëmmer Loscht op Politik, seet de Michel Wolter, gëtt awer zou, datt hien an de leschte Joren d'Loscht un der Chamber e bësse verluer huet: "Ganz einfach, well kee politeschen Debat méi stattfënnt."

D'Chamber géif hirer Roll net méi gerecht ginn, dat hätten d'Diskussiounen iwwer d'Ofschafe vun de Kierchefabricken däitlech gemaacht: "Ech si ganz erféiert iwwer d'Aart a Weis, wéi deen Dossier an der Chamber traitéiert gouf" seet de Michel Wolter. Politesch Consideratioune wären eng Saach, an do misst ee sech jo net eens ginn. "Mä wann een e Gesetz mécht, dann ass et déi héchst Flicht vun engem Parlament dofir ze suergen, datt dat Gesetz d'Strooss hält." Dat wär hei net geschitt.

Dossier Kierchefabricken nach net ofgeschloss

A senger Qualitéit als Käerjenger Buergermeeschter huet de Michel Wolter ugekënnegt, datt seng Gemeng de Staat sou gutt wéi sécher wéinst Expropriatioun wäert verkloen, well se véier vun hire fënnef Kierchen ofgeholl kréich, well heeschen: ouni Géigeleeschtung un de Kierchefong verléiere géif. Bei zwou vun deene véier Kierche léich d'Proprietéit eendeiteg bei der Gemeng, bei zwou anere wären d'Recherchen nach net ofgeschloss. Wat geschitt dann, wann d'Geriichter Käerjeng recht ginn? "Keng Anung wat da geschitt", seet de Michel Wolter. Anescht wéi déi mandatéiert CSV-Spriecherin am Dossier Kierchefabricken Diane Adehm, gesäit hien duerchaus Méiglechkeete fir nodréiglech eenzel Ännerungen um Gesetz virzehuelen, wann d'CSV no de Wahlen nees an d'Regierung kéim.

Ob Käerjeng beim Projet Europäesch Kulturhaaptstad "Esch 2022" matmécht, soll sech virum Summer decidéieren. D'Gemeng géif hir Entscheedung ofhängeg maache vum Konzept, vun der Struktur, déi dat Konzept ëmsetze soll a vun engem Finanzplang deen ausseet, wéi eng Engagementer jiddereen agoe muss, seet de Buergermeeschter vu Käerjeng.