Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Adams - Come Pick Me Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CovidCheck op der Aarbecht: Regierung hält u Gesetzestext fest

Covid-Gesetz

CovidCheck op der Aarbecht: Regierung hält u Gesetzestext fest

D'Gewerkschafte sinn enttäuscht aus enger Reunioun mat Regierungsmemberen iwwer de CovidCheck-Regime an de Betriber erausgaangen. D'Reunioun am Sennenger Schlass war kuerzfristeg aberuff ginn, nodeems OGBL, LCGB, an CGFP gëschter per Bréif eng urgent Entrevue ugefrot haten.

auto_stories

4 min

D'Regierung géif um Gesetzestext, deen e Méindeg gestëmmt soll ginn, festhalen a wéilt keng weider Adaptatioune maachen, sou de Constat vun de Gewerkschafts-Responsabelen.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch sot et wier ee sech eens iwwer d'Zil, den Impftaux am Land ze erhéijen, mee net iwwer de Wee dohin. D'Gewerkschafte fuerderen ënner anerem, datt d'Betriber, déi de CovidCheck wëllen aféieren, zertifiéiert Tester bezuelen oder intern ubidden.

De Stolproduzent ArcelorMittal wëllt iwwregens hei am Land kee CovidCheck bei sech a féieren - dat well de Patron doduerch ze vill Donnéeë kéint agesinn. Dat sot eis de Pressespriecher vun Arcelor op Nofro hin. Et wéilten och méiglecherweis weider gréisser Betriber op dee Wee goen, hunn d'Gewerkschaften de Mëtteg ugedeit.

Keng Verflichtung fir de CovidCheck

Dem Aarbechtsminister Dan Kersch mécht dat awer keng Suergen. "Mir si vun Ufank un dovunner ausgaangen, datt d'Betriber d'Situatioun am beschte kennen an och am beschte kënnen aschätzen - an der Cogestioun."

Dofir sollten d'Betriber dat fir sech decidéieren, ob si de CovidCheck bei sech aféiere wëllen oder net. Et wier vun der Regierung net ugeduecht, fir dat allgemeng verflichtend ze maachen.

"Hei gëtt gesot et géif Drock gemaach ginn op d'Leit, ech géif soen, et ass eng Form vu moderéiertem Drock, dee mer maachen, net ze vergläiche mat deem, wat am Ausland leeft. Mir hunn d'Beispill vun Italien, wou et obligatoresch ass, datt ee muss ee CovidCheck hunn, soss dierf een net schaffe goen."

Gewerkschafte si mat hire Kriticken net weiderkomm

Lauschterenplay_arrow

Dräi Ministere waren an der Reunioun mat den dräi Gewerkschafte present: d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert, den Aarbechtsminister Dan Kersch an de Marc Hansen fir d'Fonction publique. Datt de Premierminister Xavier Bettel net derbäi war, huet de Patrick Dury vum LCGB esou kommentéiert:

"Ech hätt mer gewënscht, datt de Premier seng Verantwortung hëlt an an haut mat eis zesummen no enger Léisung sicht, mee anscheinend hat en d'Zäit net oder et war ëm net derwäert."

Och kuerz virum Vott vun neie Covid-Gesetz e Méindeg haten d'Gewerkschafte gehofft nach eppes ze erreechen, oder op d'mannst op Versteesdemech ze stoussen. Um Enn hu si musse feststellen datt si net weiderkomme mat hire Kriticken um Text.

Zum Beispill um Decisiounprozess: virgesinn ass, datt just grouss Betriber iwwer 150 an der Cogestioun tëscht Direktioun an Gewerkschaften decidéieren ob de fakultative CovidCheck kënnt oder net. D'Nora Back, OGBL-Presidentin fuerdert dat och fir kleng Betriber.

Oppe Froen

Gratis zertifiéiert Tester oder eng Zertifizéierungsméiglechkeet am Betrib si weider Fuerderunge vun de Gewerkschaften. Leit hätten Angscht ëm hir Existenzen, seet de Patrick Dury - an d'Regierung hätt keng Äntwerten op eng Rei Froen:

"Wann der Iech all zweeten Dag musst teste loossen, wat heescht dat? Wann Dir vläicht net un een Test kommt, an Dir kënnt net méi schaffe goen, wat heescht dat?"

Beim gréisste Patron zu Lëtzebuerg, dem Staat, soll de Verwaltungschef entscheeden, ob de CovidCheck agefouert gëtt oder net. De Steve Heiliger vun der CGFP kritiséiert dat:

"Gläichzäiteg ass dem Chef säin direkte Superieur de Minister, dee wëllt et awer hunn, dat heescht déi Leit kommen do an eng onméiglech Situatioun."

Dan Kersch: "Patron muss Delegatioun a seng Leit informéieren"

Den Aarbechtsminister Dan Kersch huet no der Reunioun och festgestallt datt een sech net eens wier mat de Gewerkschaften doriwwer wéi een d'Zil vun engem méi héijen Impftaux soll erreechen.

Bei der Entscheedungsfindung am Betrib geet dem Minister seng perséinlech Meenung awer iwwer d'Gesetz eraus:

"An de Betriber mat manner wéi 150 Leit, do ass et kloer, datt de Patron dat eesäiteg kann decidéieren, mee e muss selbstverständlech seng Delegatioun an seng Leit informéieren, dat ass Gesetz. Ech sinn allerdéngs perséinlech der fester Iwwerzeegung, datt och do muss matenee geschwat ginn, well ech gesi schlecht de Patron dat ëmsetzen, wann en all seng Leit géint sech hätt."