Analys vum Effort de défense Lëtzebuerg wäert NATO-Zil bei Militärausgaben net erfëllen

Lëtzebuerg plangt net seng Ausgabe fir d'Verdeedegung op zwee Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung eropzeschrauwen. "Mir géifen d'Suen aus der Fënster erausgeheien", seet de Minister François Bausch. Mee d'Ausgabe fir d'Défense klammen awer.

Serge Kesseler / rb

François Bausch
De Verdeedegungsminister François Bausch. Foto: Archiv.

Lëtzebuerg plangt net seng Ausgabe fir d'Verdeedegung op zwee Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung erop ze schrauwen.

E Méindeg ass d'Analys vum Lëtzebuerger Effort de Defense presentéiert ginn. De Verdeedegungsminister François Bausch huet do gesot: "Mir wäerten, kënnen a wëllen net dohinner kommen"

Dëst Joer leien d'Verdeedegungs-Ausgabe bei 464 Milliounen Euro oder 0,6 Prozent vum PIB. Géif dat sougenannten NATO-Zil vun 2 Prozent vum PIB erreecht ginn, da misst de Lëtzebuerger Defense-Budget op 1,7 Milliarden Euro klammen: dëst wiere 7,5 Prozent vun den Ausgaben am Staatsbudget. De Verdeedegungsminister seet:

"Dat unzestriewen ass net nëmmen net realistesch, mee et wier och komplett donieft. Mir géifen d'Suen reegelrecht aus der Fënster erausgeheien. Do sinn ech radikal dogéint. Och denkt d'Regierung net drun, dat ze maachen. Zurecht géif d'Bevëlkerung soen: 'Hunn déi se nach all'."

Mee den Effort de Defense klëmmt awer: De Lëtzebuerger Jores-Budget fir d'Defense am Joer 2024 soll bei 0,72 Prozent vum PIB leien. 2021 louch de Prozentsaz bei 0,57 Prozent.

Méi zum Thema

Djuna Bernard
Subventionéierung vum Sprit

De Sprit soll bis Enn Juli mat 7,5 Cent de Liter subventionéiert ginn. D'Djuna Bernard verdeedegt dës Mesure: Et misst een de Kontext vun där Decisioun am Bléck behalen, a si wier zäitlech limitéiert.

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • De Moien

  • Noriichten

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen