Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Christina Rodrigues - Back Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Moment de vérité"

Corona-Epidemie

"Moment de vérité"

Fir méi séier kënnen op d'Entwécklung vun der Corona-Epidemie ze reagéiere preparéiert d'Regierung iwwer de Weekend weider Gesetzesännerunge mat verschiddene Mesuren. Dat huet de Premier Xavier Bettel am 100,7-Interview annoncéiert.

auto_stories

3 min

Ob déi Mesuren ëmgesat ginn, géif sech d'nächst Woch decidéieren. Et kéint een déi Texter souguer deposéieren a prett maachen, an der Chamber soen, se sollt se eréischt stëmmen, wann et néideg wier, esou de Staatsminister.

"Moment de vérité"

D'nächst Woch wier de Moment vun der Wourecht fir erauszefannen, ob déi rezent Opriff an déi nei Restriktioune wéi d'Ausgangsspär gräifen. Wann et eng Explosioun vun de Covid-Patienten an de Spideeler gëtt, wieren nei Mesuren néideg. Et kéint awer och sinn, datt keng nei Mesuren néideg wieren, sot de Premier an der Emissioun Riicht eraus hei um 100,7.

Dësen Donneschdeg goufen nei Restriktiounen an der Chamber gestëmmt. D'Regierung hat se sechs Deeg virdrun annoncéiert. Eleng d'Ausschaffe vun de Gesetzestexter huet dräi Deeg gedauert. D'Oppositioun hat kritiséiert, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun d'Situatioun net méi antizipéiert hätt.

Vott bannent e puer Deeg

D'Ausruffe vum Etat de crise wier net néideg, wa Gesetzesännerunge bannent e puer Deeg kéinte gestëmmt ginn, esou de Premier an der Emissioun Riicht eraus: "Wa mer e Mëttwoch géifen en Text unhuelen, wier ech frou wann deen de Samschdeg kéint gestëmmt ginn". Wann dat net méiglech wier, misst ee kënnen iwwer den Etat de crise diskutéieren.

Wéi den Interview de Samschdeg an der Mëttesstonn gemaach gouf, waren 150 Persounen zu Lëtzebuerg wéinst Covid-19 hospitaliséiert. Wärend der éischter Well louch de Maximum bei 216 Hospitalisatiounen. Um Samschdeg Owend gouf matgedeelt, datt d'Hospitalisatiounen op 169 geklomme wieren.

Kloren Nee fir eng Ierfschaftssteier

Aner Theemen am Interview mam Xavier Bettel waren d'Reform vun der Monarchie an de Spillraum fir politesch Akzenter an den nächste Joren.

  • Bei verschidde Reformen, déi geplangt waren, wéi zum Beispill der Individualiséierung vun de Steieren, misst ee kucken, ob ee sech se ka leeschten oder net. Dat géif vun der Dauer an der Gravitéit vun der sanitärer Kris ofhänken.
  • Et géifen Aarbechtsgruppen un der Reform vun der Grondsteier schaffen. Wann déi ofgeschloss wieren, géifen d'Resultater ëffentlech gemaach ginn.
  • Et kéim virun de Chamberwale keng Ierfschaftssteier oder Räichesteier, well et géif e kloren Nee vun der DP ginn.
  • De Premier huet sech a sengem perséinlechen Numm fir Taxen op eidele Bauterrainen oder Wunnengen ausgeschwat.

"De Gros vun der Monarchie-Reform ass gemaach"

D'Reform vun der Monarchie wier wichteg fir d'Institutioun ze stäerken an ze protegéieren, ënner anerem well et an der Personalgestioun Problemer goufen.

Déi Reform wier mam Grand-Duc gemaach ginn. "Heiansdo geschéie Saachen a senger eegener Administratioun, ouni datt de Grand-Duc selwer Bescheed weess", sot de Xavier Bettel als Äntwert op d'Fro, wéi et da ka sinn, datt d'Aarbechte vum héije Beamte Jeannot Waringo fir d'Ausschaffe vu sengem Rapport un de Premier net zu all Moment um Haff ënnerstëtzt goufen. Allkéiers wann hie mam Grand-Duc geschwat hätt, wier et Versteesdemech ginn. Déi Vertrauensrelatioun tëschent dem Staatschef an dem Staatsminister wier wichteg fir an d'Richtung vun enger méi moderner an transparenter Monarchie ze goen.

De Grand-Duc hätt him och gesot, datt den Ierfgroussherzog agebonne gi wier fir d'Reform. Op d'Fro, wéini et zu engem Trounwiessel kéint kommen, huet de Xavier Bettel geäntwert, et wier eleng um Grand-Duc matzedeelen, wann hie wéilt en Trounwiessel maachen oder säi Fils als Lieutenant-Représentant nennen. De Grand-Duc Henri war am Mäerz 1998 Lieutenant-Représentant genannt ginn, zwee an en halleft Joer éier hie Grand-Duc gouf.