Nordstad Regierung verduebelt Engagement bei Nordstad

D'Regierung wëllt hir Bedeelegung un der Nordstad vun 29,427 Milliounen Euro op 58,854 Milliounen Euro verduebelen.

Claude Biver / Maurice Molitor

D'Vu op Dikrech vum Härebierg aus
D'Vu op Dikrech vum Härebierg aus. Foto: CC BY-SA 3.0 / Wikipedia/ Otets

Dës Decisioun wier haut am Regierungsrot geholl ginn, heescht et am Communiqué. D'Inneministerin Taina Bofferding (LSAP) hätt proposéiert, déi ganz Enveloppe fir d'Nordstad ze verduebelen.

"Eng aussergewéinlech Envergure"

Am Oktober 2020 hat d'Regierung festgehalen, datt d'finanziell Hëllef bei enger Gemengefusioun gestaffelt sinn: 2.200 Euro pro Awunner bis 2.000 Awunner, a weider 1.000 Euro pro Awunner bis 5.000 Awunner. De maximale Betrag pro Gemeng hätt sech deemools op 7,4 Milliounen Euro belaf. Fir d'Gemenge vun der Nordstad wier een op en Total vun 29,247 Milliounen Euro komm.

Elo huet d'Regierung sech awer dozou entscheet, dëse Betrag ze verduebelen, geet aus dem Communiqué ervir:

"Zu dëser Entscheedung koum et aus e puer Grënn: Aus landesplanerescher Siicht wëll d'Regierung aus der zukünfteger Nordstad den 3. Attraktivitéitspol vum Grand-Duché maachen, nieft der Stad an Esch. Donieft wär d'Nordstad-Fusioun aussergewéinlech vun hirer Envergure hier, well et sech ëm eng Fusioun vu fënnef Gemengen handelt."

Mat där Decisioun, déi haut geholl ginn ass, wéilt d'Regierung ënnersträichen, wéi wichteg et hir ass, datt déi Fusioun zustane kënnt, sot d'Inneministesch Taina Bofferding am 100,7-Interview.

Bedeelegung läit ënner Fuerderung vun de Gemengen

Déi concernéiert Gemengen hate méi gefrot: si wollte 5.000 Euro pro Awunner, also knapp 118,6 Milliounen Euro. D'Regierung dréit deem awer net Rechnung a schreift:

"Dee Montant, dee wäit iwwert der finanzieller Hëllef louch, déi zejoert decidéiert gouf, ass net justifizéiert, wann een e vergläicht mat deem, wat bei viregte Fusiounen u finanziellen Hëllefe gefloss ass."

De Montant, deen d'Regierung den Nordstad-Gemenge wëllt ausbezuelen, wier also hallef sou vill wéi d'Gemenge fuerderen, mee duebel sou héich wéi dat, wat bis elo bei Gemengefusioune virgesi wier, "dat fir dem aussergewéinleche Charakter vun dëser Fusioun Rechnung ze droen".

D'Regierung wéilt an Zukunft och nach gréisser Projeten an der Nordstad ënnerstëtzen, geet aus dem Communiqué ervir.

De Mëtteg kruten déi fënnef Buergermeeschteren d'Regierungs-Decisioun matgedeelt. Stellung dozou huele wollte si nach net: d'Schäfferéit géifen deemnächst zesummekommen, fir dat Ganzt duerchzediskutéieren.

Eréischt duerno wär mat enger Stellungnam ze rechnen, sot eis d'Pascale Hansen, d'Buergermeeschtesch vu Bettenduerf op Nofro hin.

Méi zum Thema

Illustratioun Nordstad
Nordstad

D'Nordstadgemenge fuerdere fir d'Fusioun eng eemoleg Hëllef vun 5.000 Euro pro Awunner vum Staat. D'Nordstad géif eng regional Roll spillen an hätt doduerch méi Depensen. Den Inneministère ass awer erstaunt iwwer deen héije Montant.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen