Radioen

On air

De Weekend  |  Æm - City Ties

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierung wëllt Energiepräisser deckelen

Tripartite

Regierung wëllt Energiepräisser deckelen

D'Energiepräisser an d'Inflatioun klammen, an d'Ekonomie geet a Richtung Stagnatioun. Fir iwwer Krisemesuren ze verhandelen, an de Stéit a Betriber ze hëllefen, war d'Regierung gëschter am Schlass zu Senneng mat de Gewerkschaften a mam Patronat zesummen. Et war déi éischt vun op d'mannst dräi Tripartite-Sëtzungen.

auto_stories

2 min

Méi wéi siwe Stonne laang souzen déi 11 Ministere mat de Sozialpartner - also Vertrieder vun de Gewerkschaften OGBL, LCGB, CGFP, an, op de Patronats-Säit, der UEL, zesummen. Eng laang Sëtzung, also, wou awer nach näischt decidéiert gouf.

D'Stëmmung bei dëser éischter Tripartite-Ronn wier ganz gutt gewiescht, esou de Premier Xavier Bettel. Hien ass e Sonndeg den Owend eleng virun d'Presse getrueden - d'Gewerkschaften a Patronat wollten nach net reagéieren.

Et wier nach emol eng Analyse vun de Statec Previsioune gemaach ginn - mat enger warscheinlecher Index-Tranche dëst Joer, an zwou bis dräi Tranchen d'nächst Joer.

Energiepräis-Brems wier eng prioritär Mesure

De Premier sot, hien hätt béide Säiten awer och d'Iddi vun enger Energiepräis-Brems presentéiert, fir domat d'Inflatioun ze bremsen:

"An dat wier och eng Direkthëlllef fir d'Bierger, eng direkt Äntwert op hire Suergen. Et wier och eng direkt Äntwert fir d'Betriber well et géif och d'Inflatioun bremsen, an d'Kafkraaft vum eenzele manner schiedegen. Mee mir waarden do nach op Calculle vum Här Allegrezza."

Dës Rechnunge wäert de Statec Direkter Serge Allegrezza e Méindeg de Moien an der zweeter Tripartite-Sëtzung virstellen.

De Premier hofft, datt d'Sozialpartner mat der Energiepräis-Brems wäerten d'Akkord sinn - et wier eng Mesure, esou de Premier, déi prioritär misst verdéift ginn.

"Mir brauchen en Accord esou séier ewéi méiglech"

Et wéilt ee bis en Dënschdeg en Accord fonnt hunn, erkläert de Xavier Bettel, an hie wier normalerweis e groussen Optimist. Den Accord géif awer och nach Zäit brauchen, well hien hätt scho matgedeelt kritt, datt jiddereen nees bei seng Basis wéilt goen.

An den Index, mat der Fro, ob nächst Tranchë géifen ausbezuelt oder nees verréckelt ginn, läit och nach um Dësch. Hei géifen d'Meenungen ausernee goen. Et wiere Propositioune gemaach ginn, seet de Premier, mee d'Gewerkschaften an d'Patronat wieren sech net eens.

Wa bis muer keen Akkord fonnt gëtt, ginn d'Tripartite-Verhandlunge verlängert:

"Mee mir brauchen en Akkord esou séier ewéi méiglech. D'Leit stelle sech Froen, si kréien hir Acompten ze bezuelen. An et ass eis Responsabilitéit, datt d'Leit méi roueg Nuechte kënne verbréngen an Zukunft."