Virun der Chamberdebatt Regierungsmajoritéit wëllt Steiersystem punktuell upassen

D'Regierungsmajoritéit ass sech 100,7-Informatiounen no fir punktuell Upassunge vum Steiersystem eens ginn, dat kuerz virun der Debatt de Moien an der Chamber iwwer d'Steieren.

Maxi Pesch / cbi

Exklusiv Euro Mënz
Symbolbild. Foto: Bigstock / Bajar

Déi blo-rout-gréng Koalitioun wëllt de Steierkredit fir Elengerzéiender an d'Luucht setzen.

Dëse Crédit d'impôt monoparental (CIM) läit aktuell bei 750 bis 1.500 Euro pro Joer, jee no Revenu.

Amortissement accéléré gëtt limitéiert

Am Logement soll den Amortissement accéléré fir Investisseure weider limitéiert ginn. D'Unzuel, wéi dacks en Investisseur den Invest an eng Locatiounswunneng dierf vun de Steieren ofsetzen, soll limitéiert ginn.

Virun annerhallwe Joer hat d'Regierung den Taux vum Amortissement accéléré scho liicht reduzéiert.

D'Wunnengspräisser sinn an de leschte Jore staark geklommen. Eng Partie Experten hu kritiséiert, datt d'Steieravantagë fir Investisseure kontraproduktiv wieren.

Energietransitioun: Entreprisen ënnerstëtzen

Weider sollen d'Entreprisë fir déi energetesch Transitioun gehollef kréien. Dat, andeems gréng Investissementer méi séier steierlech kënnen amortiséiert ginn, heescht et vu méi Sourcen.

D'Regierung wéilt och nach méi Talenter op Lëtzebuerg unzéien.

Rezent hat den DP-Fraktiounschef Gilles Baum vereenzelt kleng steierlech Mesuren net ausgeschloss, ma eng ëmfaassend Steierreform wier net ze finanzéieren.

Méi zum Thema

DP Fraktiounsbilan
Steierpolitik

No Meenung vun der DP-Fraktioun wier et an dësen Zäiten "absolut onverantwortlech" esou eng ëmfaassend Steierreform ëmzesetzen. Ouni Pandemie an Ukrain-Krich hätt ee sech eng Steierreform kënne leeschten.

Xavier Bettel
Etat de la Nation

An senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel annoncéiert, datt d'Stock Options an d'FISe reforméiert ginn. Et solle keng nei Steieren kommen, déi net Deel vum Koalitiounsaccord vun 2018 sinn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen