Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng nei Restriktiounen mee Appell un d'Responsabilitéit

Nom Regierungsrot

Keng nei Restriktiounen mee Appell un d'Responsabilitéit

D'Regierung huet nom aussergewéinleche Regierungsrot um Samschdeg keng nei Restriktioune fir d'Horesca oder de private Beräich decidéiert. D'Entreprisë solln weider op den Télétravail zeréckgräifen, esou de Xavier Bettel.

auto_stories

3 min

D'Hausse vun den Neiinfektiounen ass seriö, esou de Premier Xavier Bettel nom ausseruerdentleche Regierungsrot. An Europa a weltwäit géifen d'Zuelen eropgoen. Zu Lëtzebuerg wier d'Situatioun awer méi berouegend wéi an den Nopeschlänner.

D'Regierung recommandéiert do, wou et méiglech ass, weider op den Télétravail zréckzegräifen, esou de Premier. D'Regierung géif der Chamber den Ament awer keng nei legal Mesurë proposéieren. D'Neiinfektioune wieren ee vun de Krittären, nieft der Zuel vun der Occupatioun vun de Spidolsbetter.

Appell, mee kee Verbuet

"Mir maachen en Appell", esou de Premier, "fir d'sozial Kontakter op e strikte Minimum ze limitéieren". Et soll ee besonnesch déi vulnerabel Leit schützen. Grad am private Beräich missten d'Gestes barrières applizéiert ginn.

Lëtzebuerg hätt déi lescht Zäit méi streng Mesurë gehat wéi a villen anere Länner, esou de Premier op der Pressekonferenz nom Regierungsrot. An de Restauranten zum Beispill géifen déi meescht Leit sech un d'Mesuren halen. Et wier am Privaten, an der Famill, wou am Meeschten Infektiounen hierkéimen.

"Mir zielen op Iech"

D'Situatioun géif elo weider genee suivéiert ginn. Déi nächst Deeg géifen d'Zuele vun den Neiinfektiounen net erofgoen. Wann d'Leit sech nees méi géifen un d'Mesuren halen, géif et e puer Deeg dauere bis et en Impakt hätt.

D'Regierung géif hoffen, datt d'Solidaritéit an d'Responsabilitéit vun de Bierger déi nächst Deeg nees e positiven Impakt op d'Entwécklung vum Coronavirus kréich, esou de Xavier Bettel.

Nuancéiert Analyse vun der aktueller Hausse

D'Situatioun an de Spideeler zu Lëtzebuerg wier besser wéi op ville Plazen am Ausland, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Lëtzebuerg hätt keng riseg Donkelziffer well vill géif getest ginn.

Et misst ee sech am Fräiraum, deen ee sech ginn huet, net un der Limitt vun deem beweege, wat erlaabt ass: wie schonn zum Beispill vill Kontakter an enger Woch wéinst der Aarbecht gehat hätt, kéint zum Beispill dann op aner Kontakter verzichten, recommandéiert d'Gesondheetsministerin.

Et soll een och Buch féieren iwwer seng Kontakter, fir de Contact Tracing méi einfach ze maachen. D'Gesondheetsministerin gëtt zou, datt et do den Ament Retarde ginn. Et wier een am Gaang ze kucken, ob d'Arméi beim Contact Tracing kéint aushëllefen

Neien Test-Center

Rassemblementer vun iwwer 100 Leit sollen an Zukunft bei der Santé notifiéiert ginn, esou d'Paulette Lenert. Vun e Méindeg u gëtt et en neien Test-Center: Leit, déi eng Ordonnance hunn, kënne sech vun 10 bis 17 Auer an de Raim vun der aler Nationalbibliothéik um Kierchbierg teste loossen.

"Mir kënnen et packen ouni nei Mesuren"

De Premier hofft, datt d'Zuel vun den Neiinfektiounen ouni nei Mesuren nees erofgeet. D'Leit misste sech hirer Responsabilitéit bewosst sinn. Wa jiddweree sech e bëssen zesummerappt, misst et goen, mengt d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. An der Vergaangenheet hätten d'Leit dat verstanen, wann et ugefaangen hätt brenzeleg ze ginn.

Et géif awer bis Enn d'nächst Woch daueren, bis een deen Impakt an den Zuele kéint gesinn, widderhëlt de Premier. D'Regierung géif d'Situatioun all Dag am Ae behalen. A wann d'Zuel vun de Patienten an de Spideeler géif drastesch eropgoen, géif d'Regierung séier nees zesummekommen.