Radioen

On air

Notturno  |  Kate NV - Plans

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regional Direkteren amplaz vun Inspekteren - ee "Paradigmewiessel"?

Educatioun

Regional Direkteren amplaz vun Inspekteren - ee "Paradigmewiessel"?

Fréier wier den Inspekter een, Zitat: "Eenzelkämpfer" gewiescht, seet den Educatiounsminister Claude Meisch. Déi regional Direkteren, déi d'Inspekteren ersetze wäerten, sollen an enger Equipe fonctionnéieren. D'Zil wier méi e partizipative Modell a méi Präsenz um Terrain. D'CSV schwätzt allerdéngs vun engem oniwwersiichtleche System a fuerdert Schouldirekteren.

auto_stories

4 min

All Inspekter ass den Ament eleng zoustänneg fir jeeweils ee vun am Ganzen 20 Arrondissementer. D'Ofschafe vun den Inspekteren an d'Aféiere vu 15 regionalen Direktere wier een, Zitat: "Paradigmewiessel", mengt den Educatiounsminister Claude Meisch. D'regional Direktere géifen an enger Equipe fonctionnéieren an där ee sech d'Aufgabe kéint opdeelen.

Jee no Besoin wieren tëscht dräi a fënnef Leit an de regionalen Direktiounen, esou de Claude Meisch. "Déi wäerte vill méi no bei de Schoulen a bei den Enseignante sinn".

Et géif drëm goe "vertikal Strukturen, déi typesch fir en traditionellen an hierarchesche Modell sinn, duerch horizontal Strukturen z'ersetzen", seet de gréngen Deputéierte Claude Adam a verweist op de Gesetzestext. Vertikal Strukture géifen d'Zesummenaarbecht vun de verschiddenen Entitéite schwéier maachen.

Zesummenaarbecht spillt grouss Roll

D'Zesummenaarbecht soll och bei der Schoulentwécklung eng Roll spillen. Dat ass nämlech ee vun den Aufgabe-Beräicher vun der Equipe ronderëm de regionalen Direkter, erkläert den DP-Deputéierten a Rapporter vum Gesetz, Lex Delles. "Si leeën zesumme mat de Presidente vun de Schoulcomitéen ënner anerem déi grouss Achse vun der schoulescher Entwécklung fest."

Dem Lex Delles no géifen déi regional Direkteren och d'Ëmsetzung vun de Schoulentwécklungspläng, kuerz PDS, suivéieren. Dës gi vum Schoulcomité a Concertatioun mat de Schoulpartner ausgeschafft.

Regional- oder Schouldirekteren?

D'CSV-Deputéiert Martine Hansen bedauert, datt duerch d'Reform d'Schoulpresidenten net gestäerkt géife ginn. Si kritiséiert, datt de System net vill wäert änneren, wann d'Inspekteren an der Grondschoul duerch regional Direkteren ersat ginn. D'CSV huet deemno och géint d'Gesetz gestëmmt. "Mir brauchen ee President oder Direkter mat hierarcheschem Pouvoir an der Schoul an net an der Regioun." Et sollt ee keng "Gesetzer iwwer Gesetzer" maachen, esou d'Kritik vun der CSV. "Instituteurs spécialisés, Direkteren, Sous-Direkteren a sou weider an awer gläichzäiteg ëmmer méi ee komplizéierten an oniwwersiichtleche System opbauen."

Wann de President vum Schoulcomité Direkter an der Schoul géif ginn, géif et kee "Basis-demokratescht Organ méi ginn, wéi de Comité mat engem President, dee vun ënne gedroe gëtt," äntwert den Educatiounsminister. Da géif Schoulentwécklung vum Staat dirigéiert ginn. "Dat ass net esou, wéi mir eis et virstellen."

Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen

An den Aufgabeberäich vun der Equipe ronderëm déi regional Direktere fält och d'Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen. Dofir sollen iwwer déi nächst véier Joer 150 sougenannt "instituteurs spécialisés" agesat ginn. "Op regionalem Niveau kommen dann d''équipes de soutien aux élèves à besoins spécifiques' an d'Spill. Ënnert der Responsabilitéit vum Sous-Direkter aus der jeeweileger Regioun, këmmere si sech ëm d'Kanner, deenen net genuch an de Schoule ka gehollef ginn," seet den DP-Deputéierten a Rapporter vum Gesetz, Lex Delles.

De Sous-Direkter géif d'Funktioun vum President vun der Inclusiounskommissioun an der Regioun iwwerhuelen. Him ënnerstinn d'Membere vun den Equippe fir d'Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen. De betraffene Schüler soll op dës Aart a Weis méi séier gehollef ginn, hofft de President vun der Enseignant-Gewerkschaft SNE-CGFP, Patrick Remakel. Hie schwätzt an deem Sënn vun enger kollaborativer Aarbecht.

"Am Pabeierkrom erstécken"

Dem Patrick Arendt vun der Enseignant-Gewerkschaft SEW-OGBL no, ass d'Aarbecht vun den haitegen Inspekteren an den zukünftege regionalen Direkteren allerdéngs virun allem eng administrativ Tâche. D'Inspektere géifen "am Pabeierkrom erstécken" an hätte keng Zäit méi "fir d'Problemer um Terrain" ze léisen. Dat géif och op déi regional Direkteren zoutreffen, mengt de Patrick Arendt.

"Um Regionalbüro ginn ëmmer méi Leit agestallt, déi Fichen erfannen, déi Ziedele kreéieren, déi Dossieren op- an zoumaachen an hin an hier transferéieren. An dat gëtt u sech och elo eigentlech d'Aufgab vum Regionaldirekter. Dat bréngt fir d'Qualitéit an der Schoul, an der Klass, iwwerhaapt keng Plus-value."

Wéi d'Aféiere vu regionalen Direkteren d'Aarbecht um Terrain konkret wäert beaflossen, bleift also elo ofzewaarden.

Bäitrag iwwer déi regional Direktere lauschterenplay_arrow