Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réiden op der Atert: Sträit am Gemengerot

Vertrauensbroch an der Gemeng

Réiden op der Atert: Sträit am Gemengerot

D'Streidereien an der Gemeng Réiden op der Atert spëtzen sech zou. De Gemengerot huet decidéiert, datt den zweete Schäffen Tom Faber vun all senge Mandater an den Syndikater an ASBLen entbonne gëtt. De Vott virgëschter Owend war quasi unanime. Eng Persoun hat sech enthalen. Hannergrond ass e Vertrauensbroch tëschent dem Buergermeeschter Henri Gerekens an dem zweete Schäffen.

auto_stories

2 min

D'Situatioun an der Gemeng Réiden un der Atert spëtzt sech zou.

Lauschterenplay_arrow


Den Tom Faber kritt eisen Informatiounen no repprochéiert, der Gemeng an de Réck gefall ze sinn. Deemno hätt d'Gemeng en Deal mat enger Famill fir en Terrain ze kafen ofgeschloss gehat. Méi Sourcen no hätt den zweete Schäffen der Famill duerno awer op eegen Initiativ ofgeroden den Terrain ze verkafen, well de Präis ze niddreg wier. Si sollt waarde bis no de Gemengewale vum 11. Juni.

Affekot vum Schäffen dementéiert d'Faiten

An enger ëffentlecher Gemengerotssitzung vum 12. Januar hätt den zweete Schäffe säi Virgoe souguer zouginn. Dat soe méi Sourcen. Den Tom Faber huet u säin Affekot verwisen.

Den Daniel Baulisch dementéiert d'Faiten. Deemno wier de Procès Verbal, deen an där Sitzung gemaach gouf net gülteg, well en net vum Tom Faber ënnerschriwwe gi wier a falsch Aussoe géifen dra stoen.

"D'Reprochë sinn haltlos. Et ass net bestridden, datt den Tom Faber bei déi Leit gaangen ass. Do geet et ëm d'Amenagement vun enger Gemengeplaz. Fir iwwer déi Problematik ze schwätzen. Mee hei gëtt versicht vu verschiddene Leit dem Mann eppes an de Mond ze leeën, wat hien net gesot huet."

Zwou Versioune vum Procès Verbal

Dobäi kéim, datt an enger éischter Versioun vum Procès Verbal, deen och ënnerschriwwe gouf, näischt vum Tom Faber sengem Reproche dra stoung. Réischt an enger zweeter iwwerschaffter Versioun hätt dra gestanen, datt hien d'Faiten zouginn hätt, esou den Affekot.

Sollt dës Versioun vum Procès Verbal, deen och net vum Tom Faber ënnerschriwwe gouf, public gemaach ginn, da géif de Maître Baulisch eng Plainte maache fir ënner anerem Fälschung. De Gemengerot géif eisen Informatiounen no elo mat hirem Affekot kucke, wéi et weider geet. D'Atert-Gemeng wiesselt elo vum Majorz- an de Proporzsystem. D'Gemeng wäert an der nächster Legislatur 11 Gemengeleit hunn.