Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine, Fiona Apple - All in Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rekrutement mee och Formatioun sinn d'Defie fir d'Police

Policereform

Rekrutement mee och Formatioun sinn d'Defie fir d'Police

De Rekrutement vun neie Poliziste mee och d'Formatioun, d'Karriären an d'Aarbechtskonditioune sinn d'Haaptdefie fir d'Police. Dat war eng vun de Conclusiounen an enger Chamberdebatt gëschter. Et gi méi Poliziste gebraucht, well d'Populatioun wiisst. Nach musse si forméiert ginn, huet et gëschter geheescht.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'Policereform, wéi se vum fréieren LSAP-Minister Etienne Schneider an d'Weeër geleet gouf, hat gewisen, datt d'Rekrutéierung vun neie Polizisten dee gréissten Defi wier. De grénge Minister Henri Kox huet virgesi fir méi Polizist:innen ze rekrutéieren, domat sollen d'Ofgäng kompenséiert ginn an d'Iwwerstonnen erofgeschrauft ginn. Fir d'zweet Joer hannereneen, konnten 200 nei Kandidat:innen an d'Policeschoul geschéckt ginn. Virun der Reform waren et der eng 80 d'Joer. Mee d'Formatioun vun deenen neie Polizisten ass ee weideren Defi an d'Stagezäit misst verkierzt an adaptéiert ginn, seet de LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.

Renforcement an der Policeschoul

Och den DP-Deputéierte Claude Lamberty mécht sech Suergen iwwert d'Formatioun vun deenen neie Polizisten. Hien betount, datt dëst Joer genee sou vill Beamten an d'Pensioun ginn, wéi nei Polizisten dobäi kommen. Domat géif den Alterduerchschnëtt vun de Patrulle méi niddereg ginn. De Renforcement hätt awer och Auswierkungen op d'Formatioun selwer.

"Wann an de Jore virdrun éischter 60 bis 80 Policeschüler mat der Formatioun ugefaangen hunn, sinn et der jo elo 200. Dat stellt d'Police natierlech virun Erausfuerderungen. Souwuel wat d'Infrastruktur vun der Policeschoul, wéi natierlech och wat d'Unzuel u Formateuren ubelaangt."

Zesummeleeë vun de Karriären als méiglech Léisung

An der Policereform happert et nach bei de Karriäre vun deene Polizist:innen, déi vun der Karriär C1 an d'B1 mat Premièresdiplom wëllen eriwwerwiesselen. Eng 200 Polizist:innen hate virum Verwaltungsgeriicht ee Recours agereecht De Fernand Kartheiser vun der ADR fuerdert eng politesch Léisung.

"Mir hunn als ADR de 7. Juni 2022 eng Propositioun de Loi gemaach. D'Regierung hat dorop geäntwert. An dat wat d'Regierung dorop geäntwert huet ass an der Tëschenzäit vum Verfassungsgeriicht ecartéiert ginn. Elo seet d'Regierung, si waart op een Urteel vum Verwaltungsgeriicht. Dat ass einfach schlechte Wëllen, méi ass dat net."

Et wieren awer Efforte gemaach ginn, betount de Policeminister Henri Kox. D'Zuel vun de Polizisten déi an de Genoss vun der Revaloriséierung kommen ass eropgesat ginn, och wann et keen Automatismus gëtt, sou wéi d'Gewerkschaft dat fuerdert.

"Dat war festgehale ginn. Ëm déi 432 sollten an d'B1-Karriär kommen. D'Perspektiv ass esou, datt mir elo geschwënn bei 1.500 awer kënne kommen. Wëssens datt dat Urteel awer munches a Fro gestallt huet."

Manner Repressioun a méi Preventioun, fir Doten ze verhënneren. Dat fuerdert déi Lénk, déi d'Meenung vertrëtt , datt déi sozial Probleemer misste geléist ginn, als preventiv Moossnam am Kampf géint d'Kriminalitéit.